TIPTOP ASSURÉIERT

(2000)

 

(Dëse Sketch besteet och als Text

ënnert der Rubrik

"TEXTER a GESCHICHTEN") 

 

Persounen:             den Turpels Pol

       d’Laurence, seng Fra

       d’Schwéiermamm

 

Décor:                     mat Sonneprabbeli a Liegestill op der Plage

 

 

 

(Op der Plage. D’Bom an d’Laurence reiwe sech an, leien an der Sonn etc., de Pol bliedert an engem Koup Paperassen.)

LAURENCE

Ah, e Genoss! D’Costa del Sol, deen exoteschsten Eck vu ganz Spuenien ---

BOM

--- mat flotte Männer, stramm gebaut a brong gebrannt ---

POL

--- jo jo, a Fraen, bei deenen ee sech an de Schiet leeë kann, ouni e Sonne-prabbeli opzespanen.

LAURENCE

Pol!

POL

(pucht seng Papperassen dohin) Mä ‘t ass dach wouer! Wou solls de dann net aus der Këscht sprangen?! Elo si mer eemol richteg an der Vakanz,  an da geschitt eis och nach näischt. Net ewéi de Feiersteens Charel. Déi haten alt wéinegstens d’Bom op enger Raststätt vergiess.

BOM

Hee so, Eedem, geet et mat dir?

POL

Héier, Laurence, net fir elo ze stëppelen, mä spiers de dech net per hasard schlecht? Esou richteg sauméisseg dernieft?

LAURENCE

Ech? Neen. Wéisou?

POL

An Dir, Bomi? Soss klot Der dach ëmmer mat iergendeppes.

BOM

Mä so lauschter emol, mir sinn dach an der Vakanz.

POL

Eben. Ebe grad duerfir. Also, da gi mer den Owend emol an dee schmuddelege Restaurant dohannen um Eck där eekleger Fruits de Mer iessen.

LAURENCE

Hues du se nach all? Déi se lo scho wéi laang virun der Dier an der Sonn leien hunn?!

POL

LAURENCE

POL

 

Genau. (genësseg) Ei, a bestëmmt kriss d’ et dann.

Wat?

Weess de, sou eng richteg Salmonellevergëftung mat deene gäilste Kompli-katiounen. Well ‘t ass dach fir ze baschten: allen Enne bezils de an, mä dann hues de näischt dervun. Do fills de dech dach gezunn, oder net? A gleef mer, et ass grad an der Vakanz, wou esou eppes ufänkt rentabel an intressant ze ginn.

LAURENCE

A wéi kënns de dann elo dro drop?

POL

(weist säi Geblieders) Mä hei, kuck: Assurance bei Luxair-Tours … Caisse-Médico-Chirurgicale … Assurance-Voyages op der Visa-Kaart …Carnet d’Assistance vum Automobile-Club … Luxembourg Air Rescue …

BOM

Ech verstinn net.

POL

Mä déi bidden der ganzer Famill déi flottsten Servicer un, ower d’Leit sinn nach ze glott, fir dervun ze profitéieren. Dat kënnt eben dervun, wann et engem ze vill gutt geet. Komm, maach e klengen Effort, et gënnt ee sech jo soss näischt … An esou komme mer wéinegstens herno net heem a kënnen nëmme just vum gudde Wieder a vum décke Buffet am Hotel verzielen.

LAURENCE

(ironesch) Ma jo, firwat si mer dann och iwwerhaapt verséchert, gelu? Et gong schonn um Findel mat eise Kofferen un. D’Luxair bretzt sech mat hirer Assurance-Bagages, fir wann eppes an dee falsche Fliger geluede gëtt - a wat geschitt?

POL

(rosen) Guer näischt! A bei fënnef Wallissen, dräi Kierf an zwou Beauty-Casë wier d’Chance dach scho grouss gewiescht, dass wéinegstens eppes schif leeft … op San Diego … oder op d’Fidschi-Inselen … Mä neen, mir woren alt nees déi domm derbei.

BOM

(zum Pol) So, an elo, wou et mat de Kofferen net geklappt huet, häss de sécher gären, dass ech mer all Schanken am Leif briechen soll, wéi?!

POL

(erfreet) Ah, voilà, gesäis de, elo fänke mer op eemol u kooperativ ze ginn an a finanztechneschen Dimensiounen ze iwwerleeën.

LAURENCE

Pol!

POL

Mä dach, Laurence, firwat net? Maach emol de Calcul. Hei: Luxair-Tours: Accident-Voyages 4.000 Euro Dokter a Klinik, Frais de recherche et sauvetage: bis zu 2 Mille par tête de pipe. An alles steierfräi natierlech.

BOM

Tiptop assuréiert, ech verstinn. An d’SOS-Visa-Kaart proposéiert esouguer eng Carte de fidélité ewéi beim Pizza-Hut: bei fënnef mol kriss de eng Rees fir näischt.

POL

Bomi, ‘t ass net fir ze laachen. An ech wënschen jo och wierklech kengem eppes Schlechtes … (verleeën an de Paperassen) mä den absoluten Hummer wier natierlech --- (zum Laurence) … eh, so, Mais-chen, du has jo gesot, du wëlls verbrannt ginn. Dat gëllt jo nach ëmmer, oder?

LAURENCE

Pardon? A wat soll dat dann elo heeschen?

POL

Ma ja. A wéi dat am Lëtzebuerger Wort klénge géif: Onerwaart am Alter vun esou an esou vill op der Costa del Sol et cetera… Esou eppes géif sech am meeschte rentéieren. (hëlt sech zréck) Theorotesch, mengen ech natierlech, nëmme reng theoretesch. An et hätt ee fir eemol weider guer keng Scheerereien an der Vakanz.

BOM

Eedem!

POL

Mä dach. (weist d’Käertercher) Hei, eng Telephonsnummer a scho féiert d’Europe-Assistance vun der Luxair-Tours dech heem, d’Visa-Kaart féiert dech heem, d’Mutex-Assistance vun der Caisse-Médico féiert dech heem, an d’Air-Rescue féiert dech heem.

LAURENCE

(ironesch) Vreck! Gläich véiermol mateneen …

POL

An dat mat Recht! Schliisslech hues de jo ower och derfir bezuelt.

LAURENCE

Do kris de jo dann e Stéck vun der Welt fir bis op Hamm ze gesinn.

BOM

D’CFL kann der souwéisou net hëllefen, well déi si schonn net pünktlech, wann s de nëmme vu Stengefort an d’Stad fiers.

POL

A fir verbrannt ze ginn, mäi Gott, lee do däi Kapp a Rou. Schliisslech si mer jo an der „FLAMMA“, an déi garantéieren der dee Service après vente bis zu 1.200 Euro och am Ausland.

LAURENCE

(skeptesch) O, ech weess net … deene Spuenier hei géif ech net esou richteg trauen.

POL

Pfff, wann et net propper gemat ass, mir sinn dach och am Konsumenteschutz ... also! - Mä komm, Laurence, eent nom aneren: stierf emol fir d'éischt, an da gesi mer weider.