ET KËNNT KEEN

(2006)

 

Persounen:          d’Louise

                                            d’Justine

                                            d’Triny

(dräi wierklech onerotesch Hausfraen, mat Bigoudien, gestréckte Strëmp, am Schierteg an am Mantel driwwer )

 

Décor :               an engem Park

 

 

 

 

(Et ass däischter. D’Louise, d’Justine an d’Triny laueren am Park a ginn doruechter luussen. Eventuell kann esouguer eent vun hinnen eng Schmier aus der Posch auspaken.)

LOUISE

(op eemol) Hei - lauschter! Do kënnt een.

JUSTINE

't gëtt ower och esou gemittlech Zäit, Louise. Wéi laang waarde mer elo schonn hei?

TRINY

So, ass et da wéinegstens eppes Knackeges?

LOUISE

Pscht! Pass op … elo ---  (enttäuscht) Neen. En ass laascht.

JUSTINE

Do gesäis de! A schonn nees näischt! Ah tjëft, stees de owes stonnelaang hei am Stater Park a gëss fir d’Baschten net iwwerfall.

LOUISE

Owend fir Owend a Resultat gläich null. Wou solls de dann do keng Déprime kréien?!

TRINY

Du mengs einfach, dat wier net fir dech. An dobei denken d’Männer dach all 10 Minutten u Sex an dat dann eng Véirelstonn laang.

JUSTINE

E bräicht eis emol keng iwwert d’Bomm ze ginn a mir géifen och net jäizen an och net fortlafen, net dass en eis scho virdrun ausser Otem kënnt.

LOUISE

A firwat hätten se da soss extra e Park hei opgeriicht? Nëmmen, dass d’Leit derduerch spadséieren an d’Hënn hir Kéipercher dran drécke kënnen?

JUSTINE

(zitt de Rack e wéineg erop) Neen, esou eppes ass fir owes an nuets do, wann et esou richteg schummereg a gemittlech gëtt ...

TRINY

(geet nees luussen)  ... an den däischteren, mysteriéisen Ecken ...

LOUISE

Wann déi Lidderhanësse nëmme géife wëllen! An dann hu se ower doheem d’Jennifer Lopez an d’Britney Spears als Bildschirmschoner um Computer.

TRINY

Pscht! Do wibbelt eppes.

JUSTINE

Ech gi geckeg, ech flippen aus.

TRINY

(mécht d’Blus e wéineg op) Pass op, dat heien zitt. Männer sti jo op esou eppes.

JUSTINE

(idem) Du hues Recht. Dat ass déi richteg Strategie. Ower just e Stéckelchen.

LOUISE

O mamm jo, mä nëmmen net ze vill, soss ass et schonn direkt Esseg.

TRINY

(lauert, enttäuscht) Do! Schonn nees laascht.

LOUISE

Ech sot et jo. (schwäermt) A wat ass eng Nuecht dach esou voller Illusiounen … nuets kann een u Saache gleewen, déi am Dag net méiglech sinn ...

JUSTINE

(idem) … nuets huet keen en Numm, nëmme Bianca, Lola, Freddy Copacabana a Tommy Montecarlo --- (normal) mä neen, mir laueren hei an et kënnt keen!

TRINY

Kee Freddy Copacabana a keen Tommy Montecarlo. Einfach frustrant!

LOUISE

A stell der emol vir, Triny, wat do mat eis e Potential verluer geet.

TRINY

Ech hat mer alt och schonn emol extra en Zwee-Euro-Stéck an d’Schiertegtäsch gestach. Weess de, fir se ze lackelen. 't schafft ee jo mat alle Methoden.

JUSTINE

Ei, dat wier dach e lukrativt Geschäft: 80 aler Frangen an eis dräi nach als Bonus derbei.

LOUISE

(geet nees lues lauschteren) An da mengs de zwar ëmmer: hei, do raschelt eppes an dem Gestraiss, do steet een hannert engem Bam …

TRINY

Allez, géi, Louise! Nu fänk net nees un ze zecken!

LOUISE

(enttäuscht) Mä neen! Näischt.

JUSTINE

Gesäis de!

TRINY

An duerfir hunn ech mir dann extra nei gestréckte Strëmp kaf.

LOUISE

Du stees just hei a verpass doheem déi flottste Filmer. An do ginn der ëmmer iwwerfall. Nu jee, et ass zwar nëmme Kino, mä ëmmerhin ...

TRINY

Wéini ass dann ee fir d’lescht op eis lass gaangen? Weess de, esou voller Extas, esou en animalesche Lover, dass et der waarm a kal de Réck erof leeft.

JUSTINE

Ah, wat kënns de dech dach domat bretzen! Mä hei stees de ze waarden an herno hues de just d’Been entschlof an de Krämpchen am Jarret.

LOUISE

A mäi Gott, et misst jo net emol e Flotte sinn, et ass jo souwéisou däischter.

TRINY

D’Haaptsaach, et wier een derbei.

(Si maache sech nees gemittlech fort.)

JUSTINE

Neen, egal wat! Komm, elo gi mer. Elo kënnen se eis klibberen.

TRINY

Se bretze sech mat hire Parken an da kënnt keen – eng total Feelinvestitioun!

LOUISE

Schued! Also, eis Schold wor et nun ower bestëmmt net …

JUSTINE

(geschloen) … an da ginn ech alt nees heem bei mäi Jemp. Well wann s de stonnelaang mat der Aangel beim Waasser sëtz an et bäisst keen un, da mierks de, dass Fischstäbercher doheem och schmaachen.