LOOSS DECH SCHEEDEN !

(2009)

Persounen:       d’Sandra

            de John

                        den Affekot

 

Décor:              am Büro vum Affekot

 

 

(D’Sandra an de John sëtze beim Affekot: hien am Houchzäitskostüm, hatt am wäissen Houchzäitsrack.)

AFFEKOT

(kuckt a sengem Dossier) Hei hu mer also den Här an d’Madame ---

JOHN

Trierweiler, Här Affekot. Trierweiler - Dubois.

AFFEKOT

Aha! Ech verstinn. Houchzäitsrees.

SANDRA

Neen. Dir verstitt net. Scheedung.

AFFEKOT

Pardon? Scheedung. An dat dann och nach am Hochzäitsrack an Hochzäits-kostüm?

JOHN

Ah jo. Als Remembrance Day. Journée de la Commémoration.

SANDRA

Ech sot scho wéi dacks zu mengem John: Johny, sot ech, an eisem Stot klappt iergenteppes net: all eis Bekannte si gescheed, just mir net.

(Den Affekot kuckt grouss.)

JOHN

D’lescht Joer hate mer laut STATEC op 1.948 Bestiednisser ëmmerhin 1.182 Scheedungen. An do wëll een dann dach och derbei sinn. (hëlt d’Zeitung) Hei, hutt Der dann net eis Scheedungsannonce an der Zeitung gelies? „Nous sommes heureux d’annoncer …. et cetera an sou weider …“

AFFEKOT

(liest mat) Tatsächlech. „Vu ganzem Häerze soe mir eiser Famill, Frënn an Nopere Merci fir déi vill Zeeche vu Matgefill….“ - an dann Numm, Adress an e Kont fir Donën.

SANDRA

Am Plaz Cadeauen. Mir hu jo schonn alles. A wa mer all Schaf an all Tableau mat der Motorsee duerchgeschnidden hunn, dann hu mer esouguer alles duebel.

JOHN

A wat eis dann trotzdem nach sollt feelen, do hu mer jo dann zwou Liste de Divorce. D’Sandra eng an ech eng.

AFFEKOT

(gëtt dem John d’Zeitung zréck) Neen … mä fir dat dann elo ze feieren?!

JOHN

Firwat net? 't muss een d’Scheedungen esou feieren ewéi se falen.

AFFEKOT

(laacht) Wou déi zwee Affekoten dann och sécher déi éischt Walz mateneen danzen.

SANDRA

Dir kënnt laachen, mä do ginn et Party-Servicer, déi dodrop spezialiséiert sinn. Am Ufank woren et nëmme kleng Fraemeetingen mat grujelegen Exorzismus-Ritualen, wou se mat der Schéier op d’Hiemer an d’Kostümer vum Ex lassgaange sinn ---

JOHN

Mä haut, haut ass dat en Event mat Catering an All-Inclusive. Nom  fënnefgängege Menu di mer eis een deem aneren d’Réng aus …

SANDRA

… beim Scheedungskuch gëtt mäi Schong versteet …

JOHN

… an da geet et an d’Scheedungsnuecht.

AFFEKOT

(laacht) An duerno gëtt sécher ewéi iwwerall opgedeelt: d’Fra behält d’Kanner an de Mann d’Kannermeedchen.

SANDRA

Emol net. Mä dat wier mir och nach egal. D’Haaptsaach: mir si bei deenen 1.182 vun der STATEC a mir feieren. Alles voll am Trend.

JOHN

Mir wëssen, wéi ee sech bestiit, mir wëssen, wéi ee Begriefnisser organiséiert, mä wéi ee sech trennt, do feelt eis iergendwéi d’Kultur. Op jidde Fall gi mir am Gudden auserneen. D‘Sandra ka roueg vu mengem Kont weider ophiewen, et huet jo eng Procuratioun.

SANDRA

Waaat? Dat kënnt jo net an d’Tut.

JOHN

Wéisou dann net? Ech hunn dach och eng Warnung an d’Zeitung gesat, dass ech ower nach ëmmer fir dech opkommen.

SANDRA

John, nu fänk net nees domat un. Dowéinst leie mer eis jo schonn deeglaang an den Hoer. Du weess jo, dass et meng Schold ass.

JOHN

Neen. Meng. Firwat hätt ech eis dann esou en Top-Affekot verschaf ewéi den Här Parmentier?

AFFEKOT

Also, ech weess net, wéi een da wëllt feieren, wann ee sech emol net eens ass, ween dee Schëllegen ass.

JOHN

Du weess et jo ganz genau. Et ass alles meng Schold. (zum Affekot) Stellt Iech nëmme vir: mäi Kolleg, den Alex an ech, mir hänken all Woch am Mondorfer Casino um Roulette’s-Dësch. Ee schlëmmer ewéi deen aneren.

SANDRA

Nun zéi och nach den Alex mat eran! Well grad hien, hie koum virgëschter bei eis laascht ---

JOHN

(erliichtert) Ass e komm? Ah voilà, gutt. Da lauschtert elo, Här Affekot. Elo hu mer et gläich.

SANDRA

Elo hu mer et gläich. Ganz genau. - Ma jo, den Alex koum virgëschter mueren, wéi de John op der Aarbecht wor.  (e wéineg genéiert) 10.000 Euro, sot en, fir eemol … fir eemol mat mir … jee, Dir verstitt jo, also net fir mat mir eng Oper ze sangen.

JOHN

(grouss) Wat? Nëmmen 10.000?

AFFEKOT

Mä Monsieur, trotzdem ëmmerhin ... (zum Sandra) An dunn?

SANDRA

Näischt: an dunn, Här Affekot. Et wor kuerz viru Mëtteg, an ech hat d’Grompere just opstoen.

AFFEKOT

Pff, dat wir deenen och zimlech egal gewiescht.

SANDRA

12.000! koum en dunn op de Schlappen. Ech sot: Geet et mat dir? An op eemol ... 13.000!

JOHN

Aha, elo komme mer der Saach méi no. Notéiert roueg mat, Här Parmentier.

SANDRA

13 Mille cash. Einfach esou schwaarz. Ech sot: Ma du hues de Réck op. (aneren Toun) Tjo … a bei 14.000 … 15.000 ---

AFFEKOT

Ech verstinn. Déi verdéngt ee jo net all gudden Dag.

SANDRA

Eben. Dat duecht ech mer dee Moment och. (schmuunzt genéiert) A mäi Gott, den Alex ass an der Konstruktioun jo net sou iwwel geroden ... Jee, soit. Wéi d’Grompere mëll woren, du hat ech meng Hoer a mäi Make-Up an alles nees comme il faut.

JOHN

Et voilà. Do hu mer jo de Beweis.

AFFEKOT

(iwwerleet an notéiert) Géif ech och mengen. Effektiv. Mme Trierweiler, dat doen ass nun eendeiteg ---

(D’Sandra laacht zefridden an iwwerhieflech.)

JOHN

--- meng Schold. Ech sot et jo. Et ass meng Schold. Mat eisem éiwege Roulettespillen. Den Alex sollt mer nämlech nach ëmmer déi 15.000 Euro laanscht bréngen, déi ech him d’lescht Woch zu Mondorf geléint hat.

(D’Sandra laacht net méi, mä kuckt elo domm aus der Wäsch ...)