SCHIF GELUEDEN

(1993)

             (e Collage vu Vollerte-Witzen)

 

 

Persounen:       de Feiersteens Jemp

                        de Polizist

                        

Décor:              iergendzwousch op der Strooss

 

 

 

(De Jemp kënnt um Velo getierkelt, en huet zimlech eng am Kanelli.)

JEMP

(séngt)  „O Heemelmaus, wéi leefs du dach,“

           „Esou onraséiert ronderëm.“

POLIZIST

(vun der Säit) Hee, hee -  a ween hu mer dann do?

JEMP

Ah, héije Besuch fir de Feiersteens Jemp! Eis Force Publique ass och eraus.

POLIZIST

A wéi der Däiwel kënnt Dir an deem doen Zoustand heem fueren?

JEMP

Also, Här Police, ech soen der et éierlech: ganz kammoud geet dat net. – Ma ja, à propos: (hält dem Polizist de Kapp dohin) Wéi vill Bëlzen hunn ech schonn um Kapp?

POLIZIST

Bëlzen? (taascht) Eng ... zwou ... dräi ... Mä sot emol, wéisou ---

JEMP

Dräi, sees de. Ma da sinn et elo nach genee siwe Stroosseluuchten, an da sinn ech doheem. (séngt weider)

              „Weess näischt vun Hormonen a vu Steieren,“

              „Léiss d’Schwéngefleesch an d’Luxair sech verdeieren.“

POLIZIST

Mä pscht, haalt se dach! Dir maacht jo déi ganz Strooss rebellesch. (méi fir sech) O, deen huet sech eng schéi geknätzelt, deen do.

JEMP

Dat freet mech, dass se dir och gefält, Här Police, well gleef mer, si huet mech deier genuch kascht. Weess de, mir hunn e Concours am Drénke gemat.

POLIZIST

Ech gesinn. A wee gouf dann den zweeten?

JEMP

Fir d'éischt huet deen eng ginn, dunn deen aneren, du wor et un dësem, duerno un deem. Esou ass dat schéin um Dësch ronderëm gaangen. Wéi d’Zären un der Auer. Um Schluss huet de Mulles nach eng ginn, an - jee, wat soll ech maachen? – aus purer Manéierlechkeet ech dann och.

POLIZIST

Mä sot emol, zu wivill wor der dann?

JEMP

Wéi, Här Police, hutt Der net matgerechent? Zu zwee. De Mulles an ech.

POLIZIST

A wéi vill hutt Der dann ënnerdaach?

JEMP

O, dat wor schonn en anstännege Schluet. Waart emol ... (iwwerleet) 17 ... 18 – jo, 19 Humpen ... a 5 Drëppen.

POLIZIST

(grouss) Waat ? 19 ---

JEMP

--- a 5. Mécht 24 Degustatiounen am Total.

POLIZIST

Do hätt Der op jidde Fall e staarke Kaffi missten dertëscht drénken.

JEMP

Wou denks de hin? Weess du, wat dee ganzen Owend mech kascht huet, u Geld, un Energie an un Ausdauer? An esou eng Taass Kaffi, déi hätt mech dach erëm Stonnen hannendra gehäit.

POLIZIST

19 Humpen a 5 Drëppen! An dann um Velo op der Strooss. (hëlt säi Bloc eraus a schreift) Also, op jidde Fall, Monsieur, dat heien, dat kascht nach derbei.

JEMP

So mer, wat s de kriss, Här Police, op e puer méi oder e puer manner soll et mer haut net ugoen. Weess de, all puer Woche kënnt dat sou un de Papp. An de Muere sot ech nees zu eisem Melanie: Melanie, sot ech, ech gi bis op den Aperitif, a wann ech fir d’Mëttegiessen net erëm sinn, da brauchs de och net mam Owesiessen op mech ze waarden.

POLIZIST

(gëtt him den Ziedel) Voilà, Meeschter. 75 Euro.

JEMP

Nëmmen? Mäi Gott, dat ass d’Welt jo alt och net ganz. (zitt de Portmonni eraus a sicht dran) Da waart, dat hu mer gläich reglementéiert. Ah, egal wéi, eng gutt Naup hunn ech u mer, Här Police: ech weess ëmmer, wéini ech genuch hunn. ('t fält him eng Mënz op de Buedem) Mulles, sot ech, elo sti mer op. Wa mer dann nach goe kënnen, da gi mer nach net – kënne mer ower net méi goen, da gi mer. (gëtt him e Fofzeger) Voilà, hei ass emol e Fofzeger.

POLIZIST

An dat Zwee-Euro-Stéck looss Der einfach um Buedem leien?

JEMP

Kloer dat. Ech raisonnéiere kommerziell: wann ech mech elo fir déi zwee Euro do bécken, da kënnt mer op d'mannst nees fir fënnef erausgelaf ... also. (gëtt him nach e Fofzeger) Voilà. An nach eemol fofzeg. De Staat an äresgläiche muss jo och iwwerliewen. (weist den eidele Portmonni) Ha, kuckt, näischt méi. Kee Rouden a kee Wäissen. De Feiersteens Jemp sëtzt um Dréchenen.

POLIZIST

Mäi Gott, Dir hutt jo ower scho fir e puer Deeg ageluecht.

JEMP

Ah jo. Well léiwer e Bauch vum Drénken ewéi e Bockel vum Schaffen.

POLIZIST

(hëlt säi Portmonni eraus) 100 Euro. Da waart, Meeschter, da kritt Der nach 25 Euro zréck. (sicht) A wat wäert Är Madamm sech elo freeën, wann Der heemgescharjeekelt kommt.

JEMP

Ënner eis gesot: Wann de Mulles, mäi Kolleg, spéitowes heem-gescharjeekelt kënnt, dann deet hie sech schonn ëmmer am Gank aus, hëlt säi Gezei op den Aarm an taascht sech esou d’Trapen erop, nëmme fir hiert Pauline net ze erwächen.

POLIZIST

Ah ma ja. (sicht nach) Mä ech wäert dach nach 25 Euro hunn ...

JEMP

Dat hat ech dunn och eemol probéiert: ënne bei der Trap ausgedoen an du lues erop. A wéi ech uewen ukoum, stong ech am Kalzong op der Gare um zweete Quai.

POLIZIST

(wullt an all Täsch) Neen. Also, 't ass fir ze baschten, ech hunn net kleng genuch, fir Iech erëmzeginn.

JEMP

(sicht och) 't deet mer leed. Ech hunn och weider näischt. Ausser deenen zwee Euro um Buedem, mä déi retten eis och net. (laacht fir sech) Ah, et wor ower schéin, am Kalzong um zweete Quai ...

POLIZIST

Jo, wat solle mer dann elo maachen?

JEMP

Fro mech net, Jéng. Du has schliisslech dermat ugefaangen.

POLIZIST

(fir sech) 25 Euro ... 25 Euro ... (zum Jemp) Wësst Der wat: 19 Humpen, dat ass jo schonn e schéinen Trach voll.

JÄMP

Mä dat wëll ech wëssen. Do hänkt den Zäppchen der hannen an der Britt.

POLIZIST

(genéiert) Ah ma ja ... an dann och ... och e wéineg méi ënnen ... Do hutt Der dach da sécher ... en ... en zolitten Drock drop.

JEMP

Wou drop?

POLIZIST

Mä en Drock um Drock.

JEMP

Op der Urologie, mengs de? Dat sees de stramm, Här Police. Et géng bestëmmt ewéi vu selwer. Riichtaus a meterewäit.

POLIZIST

Ma ja. Da knäppt de Boxekueder lass, stellt Iech hei bei d’Mauer - (schreift nees op de Bloc) - dat kascht zoufälleg genee 25 Euro an da si mer quitte.