FIRWAT DAT NET DIREKT ?

(2009)

 

 

                                              Persounen:   A - B

                                                   

 

A

Entschëllegt, Madame, mä wësst Dir villäicht, wou et hei op de Policebüro geet?

B

Bei d‘Police? Neen. ’t deet mer leed. Ech sinn net vun hei.

A

Ma da lauschtert emol no. Et ass am Fong geholl net ze iwwersinn:  Dir gitt einfach hei riicht aus, dann déi zweet Strooss lénks an op honnert Meter nach eemol riets. Do ass et dann direkt dat drëtt - neen, waart, wat soen ech, dat véiert Haus. (wëllt goen) 't ass gär geschitt.

B

(grouss) Pardon? Wéi?

A

Wat: Pardon wéi?

B

Ma ja. Ech fannen dat do e wéineg dernieft. Dir sot einfach zu mir: Hei riicht aus, dann déi zweet Strooss lénks an op honnert Meter nach eemol riets.

A

Jo. An dann dat véiert Haus.

B

Komesch - oder net?

A

Wann et ower esou ass. Ech ka jo ower net soen: Déi éischt Strooss no riets an dann no lénks. Do kéimt Der da bei d’Post, ower net op de Policebüro.

B

Mä ech wollt jo ower guer net op de Policebüro.

A

Erlaabt, wann ech gelift, nu gitt och nach onzefridden. Dir hutt dach dermat ugefaangen.

B

Ech? Wéisou ech?

A

Gesitt Der. A schonn nees! Ma Dir sot zu mir, Dir wéisst net, wou et bei d‘Police geet, well Der net vun hei sidd. Also.

B

Jo. Ower nëmme just, well Dir mech gefrot hutt.

A

Do voilà, elo gitt der et jo selwer zou. Ech froen Iech, Dir konnt mir net äntwerten, well Der et net wësst, an du wollt ech Iech et explizéieren. Grad wéi wann een net weess, wou et bei den Dokter geet. Oder wéini deen nächste Bus an d’Stad fiert. Ma da soen ech him et, an da weess en et.

B

Mä ech wëll ower guer net dohin.

A

Wouhin dann elo net: bei den Dokter oder an d’Stad?

B

Op de Policebüro.

A

Ha, gutt, déi do! Dir sidd mir eng echt. Elo wëllt Der op eemol net méi. An dann och nach eng opféieren. Matten hei op der Strooss.

B

Ech froe mech just, ween hei eng opféiert. Matten op der Strooss.

A

A wann Der mech dann de Wee fir bei den Dokter gefrot hätt? An ech hätt Iech net geäntwert? Ah, elo kuckt Der, gesitt Der. Dann hätt Der mech herno derfir responsabel gemat. An dat mat Recht. Well Dir hutt jo villäicht Varicen. Oder Arthros. Oder eng Ziathik.

B

Ha, et gëtt ëmmer besser!

A

Mä ass et dann net esou? Aneneen, vuneneen, openeen, géinteneen, auserneen: d’Leit lafen duercherneen, si falen iwwerteneen, mä si schwätzen net méi mateneen, a wann, dann nach laaschteneen.

B

(méi fir sech) An déi do huet se net méi all beieneen …

A

't feelt eben haut u Kommunikatioun. Sécher, heiansdo seet emol een eppes, mä wann een eppes seet, dann ass et nëmme just, fir eppes ze soen. Esou e bëllege Small-Talk, ouni Kapp an ouni Schwanz. (rosen) An ech, ech sinn och nach gutt domm an stinn Iech hei wéi laang Ried an Äntwert. Mä wësst Dir wat: Dir kënnt mech emol.

B

(ëmmer méi rosen) Pardon, wat sot Der? Ech kënnt Iech emol?

A

Genau.

B

O neen, dat doe loossen ech mer ower net bidden. A scho guer net vun esou enger Tutsch ewéi vun Iech. Elo maachen ech eng Plainte, meng Léif. Elo ruffen ech d’Flicken. Wou geet et hei bei d‘Flicken ?

A

Ma ech sot Iech et jo, Madame: Dir gitt einfach hei riicht aus, dann déi zweet Strooss lénks an dann ---

B

Ah jo. An dann op honnert Meter nach eemol riets.

A

Dat zweet Haus.

B

Neen. Dat véiert.

A

Richteg. Dat véiert.

B

Merci villmools ower! (geet rosen of)

A

(kuckt hir no, rëselt de Kapp) Do! Mä firwat dat dann net direkt?