HÉICH KRIMINALISTIK

(2005)

 

Persounen :           de Commissaire

d’Fra

en Agent / eng Agentin

dräi Verdächteger

 

Décor :                  um Police-Commissariat

 

 

 

( D’Ufanksmusek vum “TATORT” gëtt agespillt. D’Fra sëtzt beim Commissaire um Büro, e blot Aa an de Kapp déck verbonnen. )

COMMISSAIRE

Also, do ginn der jo e sëllechen Dokter an da kréien d’Leit wierklech de Schnapp - anerer ginn Doudegriewer an da stierwen och nach Leitt ... Mä hei op mengem Commissariat ass scho säit Joeren näischt méi geschitt. Mäi Gott, et hätt emol net bräichten en neie Bommeleeër ze kommen, mä wann alt wéinstens emol e Päifekapp duerch d’rout Luucht gefuer wier ... Mä neen, näischt. Guernäischt. (weist säi Jerry-Cotton-Roman) Hei, ech hu joerelaang nëmme Jerry Cotton gelies, souzesoen als Formation Continue. Esou eppes ass dach frustrant! An dobei huet eist Land ronn 1.500 Flicken, déi eppes daachen - 1.500 Stéck, plus mech. (houfreg) Bis dann endlech haut. Haut hunn ech säit laangem nees mäin éischte Fall, wou ech mech an eise modernen, kriminologeschen Know-How kann ënner Beweis stellen, an dat mat Iech, Madame, mat Iech an Ärer kräfteger Kläpperei. Ären Numm ass ---?

FRA

Tirlemont.

COMMISSAIRE

Tirlemont wéi?

FRA

Tirlemont Marie-Virginie.

COMMISSAIRE

Besonnesch Kennzeechen?

FRA

Zwou Knuppen um Kapp an dräi blo Plazen am Réck.

COMMISSAIRE

(kuckt a sengem Dossier) Exactement. Iwwerfall am Stater Gronn, liesen ech hei. Hënt um 2.40 Auer an der Nuecht.

FRA

Jo. An engem däischteren Eck. Ouni vill Fisematenten, mä mat engem Knëppel, Här Commissaire.

COMMISSAIRE

(hieft sech, ganz wichteg) Madame Tirlemont Marie-Virginie, d’Kriminalistik an d’Kriminologie sinn hautesdaags à tel point evoluéiert, dass et scho bal Plëséier mécht, fir sech iwwerfalen ze loossen.

(Reaktioun vun der Fra)

Et kann een an der Gesellschaft vum neie Jordausend net méi matschwätzen, wann een net schon dräimol d’Posch vun de Schëllere gerappt krut oder mindestens engem an e Messer gelaf ass. Gleeft mer et, et gehéiert scho bal zum perséinleche Prestige nuets eleng duerch de Park spadséieren ze goen an eng iwwert d’Bomm ze kréien.

FRA

Interessant, interessant.

COMMISSAIRE

Fréier wor et mat de Flicken an de Gauneren aus dem Eck en einfache mënschlechen Du zu Du. A wéi dacks si menger Kollegen engem duerch dat ganzt Duerf nogelaf, no 10 Minutten hu se sech zesummen op d’Bänk gesat, fir sech ze erblosen, an da sot den Tipp op eemol: „Wéi ass et, Police, packe mer nees eng Ronn?“ Voilà, et wor just eng kollegial Zesummenaarbecht, mä haut, ho, mir schaffen haut mat deene perfekteste wëssenschaftleche Methoden: Phantombiller, Fangerofdréck, Fiedem vu Paltong oder Hiem --- oder hei, ech soen nëmmen ee Wuert: DNA-Analys, deen ultimative genetesche Fangerofdrock! Een, zwee Hoer, Hautpartikelen ënnert den Neel, e wéineg Spaut, oder ... (genéiert) eh, jee nodeem ... wéi soll ech soen ... jee, Dir verstitt schonn ...

FRA

Wann de Schoss lass gaangen ass.

COMMISSAIRE

Genau. An duerfir kënnt Der Gëft drop huelen, ech iwwerféieren en. Ech huelen e mat lénks.

FRA

Ech wëll et op jidde Fall hoffen. Well dee Kärel hat der e Power an der Moul, do konns de scho Respekt kréien.

COMMISSAIRE

(geheit sech houfreg an d’Broscht) Endlech also emol nees e Fall säit Joeren a Joeren. Madame, ech kann haut houfreg sinn, houfreg op mech, houfreg op Iech an, last not least, houfreg op eis modern Kriminalistik. Bon, meng Strategie ass elo déi hei: ech weisen Iech e puer Suspekter, Dir erkennt dee Richtege bestëmmt erëm - (ganz gewichteg) - a mat menger Taktik ass dee kriminellen Individuum no fënnef Minutten nach esou grouss (weist mat de Fangeren) – mat Hutt.

(De Commissaire knipst mat de Fangeren an den Agent kënnt mat engem Mann eran.)

(voller Erwaardung) Also, Madame Tirlemont, wor et villäicht dëse Borscht?

FRA

(bekuckt sech en) Mmm ... neen!

COMMISSAIRE

Nummer 2. - An deen doen?

(Den Agent hëlt en aneren eran.)

Kuckt emol. Deen hätt ower alt wéinegstens d’Binett derfir.

FRA

(bekuckt sech en nees) Neen. Och net. ’t deet mer leed.

MANN 2

Merci.

COMMISSAIRE

Nummer 3. (fir sech, voller Freed) Nondijëss, ech packe mech net méi!            (zur Fra) Elo hu mer e gläich, Madame, zemol wou eis kriminalistesch Methoden ëmmer méi sophistiquéiert ginn. All Dag kommen neier derbei.

(Nees een eran)

An hien hei?

MANN 3

Dach, Här Commissaire. Dat doen ass déi Fra, déi ech iwwerfall hunn.

(De Commissaire ass entgeeschtert ...)