S.O.S. KRANKEKEESEN

(2013)

Persounen:      de Chirurg

d’Infirmière (den Infirmier)

de Misch Michels

 

 

 

 

(De Misch Michels läit an engem Kliniksbett – oder e sëtzt einfach an engem Rollstull am Pyjama mat Baxter asw.)

INFIRMIÈRE

Ah, ëmmer si mir et hei, déi d’Pan kënne klaken. Dann erklär dat engem Mënsch dobaussen.

CHIRURG

D’Krankekeese päifen eben op deem leschte Lach. An dat Lach gëtt ëmmer méi grouss. Well d’Medezin muss eise Fortschrëtt Nummer 1 bleiwen. Trotz ëmmer méi deiere Medikamenter an ëmmer méi sophistiquéierten Operatiounsmethoden.

INFIRMIÈRE

Voilà. An herno geet et hannen a vir net op, a wee keng Suen huet fir deier drëtt Zänn, dee kritt eben einfach e Mixer. – Bon, dann zu Iech, Monsieur. Dir sidd also och hei.

MICHELS

Jo. Wéinst den Hämorrhoiden.

CHIRURG

Hämorrhoiden? Esou eppes huet eis elo nach grad gefeelt.

MICHELS

Mä Dir wäert laachen, mir och.

INFIRMIÈRE

Hutt Der éieren am Cactus d’Rätsel ageschéckt?

MICHELS

Wéisou?

INFIRMIÈRE

Mä de Cactus ass en Haaptsponsor vun der Krankekeess. All Woch zéie mer en Haaptgewënner, an deen huet dann eng Operatioun ze gutt. Vum Cactus offréiert.

MICHELS

Neen. Ech si komm, well ech wéi hunn.

CHIRURG

Aha! Dir sidd also ee vun deenen.

MICHELS

Ee vu wellechen?

CHIRURG

Wéinst deenen d’Krankekeess herno bezuele muss. Ma ech géif mech schummen. Mir steieren op en Defizit vun Milliounen a Milliounen, an Dir, Dir kommt, well Der wéi hutt.

MICHELS

A fir operéiert ze ginn.

INFIRMIÈRE

Sot Dir! Hutt Der da wéinegstens eng Carte de Fidélité? Neen, hutt Der och net. Ma da maache mer emol fir d’éischt en Devis. Dat erspuert herno onnéideg Diskussioune mat der Patientevertriedung.

MICHELS

En Devis?

CHIRURG

Verstitt, d’Hallschecht vun de Käschte kënnt vun de Kliniken, heescht et, duerfir ass et och bei de Kliniken, wou den Hiewel muss ugesat ginn.

INFIRMIÈRE

Bon, Här ---

MICHELS

(hëlt d’Kaart vun der Sécurité Socale)  Misch Michels. 1960 07 21 135.

INFIRMIÈRE

Här Michels, solle mer also einfach e Forfait maachen, oder wëllt Der op d’Stonn bezuelen?

MICHELS

(fir sech) Wéi beim Plätterchesleeër: e Forfait oder op de Quadratmeter.

CHIRURG

Mir hunn och nach speziell Optiounen: Flatrate.  Dat kennt Der jo vum Internet oder vum Komasaufen a Spuenien.

INFIRMIÈRE

Fir eng gewëssen Somme schneide mer un Iech esou vill, wéi Der wëllt. D’Galeblos, de Miniskus, de Blinddarm. Et gënnt ee sech jo soss näischt.

MICHELS

Mä … mä 't ass ower nëmme wéinst den Hämorrhoiden.

CHIRURG

Hämorrhoiden! Wann Der deenen näischt dervu sot, mierken s’et emol net.

INFIRMIÈRE

Monsieur, iwwerleet: Iech gëtt et ënnert dem Stréch méi bëlleg a mir, mir hu gewonn. Fir all Operatioun géift Dir esouguer mat 5% um Benefice bedeelegt.

CHIRURG

A fir all Kéier wou Der Iech nees eppes eraushuele loosst, huele mer nees eppes anescht mat eraus, an da kommen alt nees eemol 5% fir Iech derbei.

MICHELS

Also, ech weess net ….

CHIRURG

Kommt Der natierlech fir alles extra, jo da mussen se nees fir dat ganzt Land d'Cotisatioune vun der Krankekeess an d’Luucht setzen. Wëllt Der dann éiweg mat där Schold doruechter lafen?

INFIRMIÈRE

Wëllt Der dann, dass d’Leit an der Stad oder an der Belle-Etoile éiweg mat dem Fanger op Iech weisen ?

MICHELS

A just well ech Hämorrhoiden hunn an net nëmmen en hondsgewéinlechen Houscht!

INFIRMIÈRE

Duerfir bidde mer parallell zum Flatrate nach eng aner Optioun: Den All Inclusive. Esou vill Medikamenter, wéi ee wëllt, 24 Stonnen op 24, non stop.

MICHELS

(grouss)  Mä … mä …

CHIRURG

Mir hunn nämlech d’Schief voll leien, déi muer oder iwwermuer oflafen. Déi mussen ënnert d’Leit.

INFIRMIÈRE

Dir gesitt, Här Misch Michels, et geet eben drëms, fir d’Krankekeess net ze vill ze belaaschten. Wann d’Politik et schonn net fäerdeg bréngt.

MICHELS

(fir sech) D’Politiker! Ah, esoubal mer d’Päifekäpp alleguerten an e Schaf agespaart hunn, da bleiwen der net méi vill iwwereg, fir d’Dier zouzemaachen.

CHIRURG

Mä passt op, da kommen och nach d’Surplus-en. Zum Beispill beim Choix vum Dokter: huele mer e Student oder e spezialiséierte Chirurg?

INFIRMIÈRE

D’Studenten, déi scho 5 Joer am éischte Semester sinn, déi si vill gefrot.

(Reaktioun vum Michels)

CHIRURG

Zëmmeren hu mer der vill, mä déi gënschtegst sinn nach ëmmer déi mat dräi Better fir véier Mann.

MICHELS

Wéi? Dräi … fir véier …?

CHIRURG

't ass jo souwéisou ëmmer een op dem Gank oder vrun der Dier, fir eng ze fëmmen, da kann dee véierte sech tesselen. Dat spuert Personal a Bettwäsch.

INFIRMIÈRE

A puncto Operatiounsgeschier geet eis Palett vu komplett frësch steriliséiert bis bei dat, wat mer deen Dag souwéisou am Gebrauch hunn

MICHELS

(geréit ëmmer méi ausser sech)  Mä … mä … dat gëtt jo ëmmer besser.

CHIRURG

An ech mengen, beim Zwier an der Nol mécht dat einfacht Fooschen et och schonn. Dir sidd jo souwéisou keen esou e Flotten, dee sech nach um FKK weise kann.

MICHELS

Also … nu lauschtert ower emol …

INFIRMIÈRE

Duerfir maache mer Iech bei der Narkos eng Faveur, do kënnt Der wielen: eng Anästhesie maison, 2.300 €  ---

CHIRURG

--- oder eng vun eisem Fusiounspartner, dem Mierscher Schluechthaus. Déi hunn dës Woch d’Stéieren um Programm. Do géift Der fir den hallwe Präis mat erduerch geholl.

MICHELS

Wat? An dat doen alles wéinst de Krankekeesen? O neen … Ech ... ech ... (keimt, krëmmt sech a fält zur Säit)

INFIRMIÈRE

Ou, a wat huet en dann elo?

CHIRURG

(kënnt mat engem ECG-Apparat)  Ee Momentchen. Loosst mech emol bäi.

INFIRMIÈRE

Dat doe wor him elo sécher ze vill.

CHIRURG

(kuckt op den Apparat) Häerzinfarkt.

INFIRMIÈRE

Schued fir hien, déi sinn eréischt d’nächst Woch bei eis an der Promotioun.