RIICHT AN D'SONN

(2016)

    (E puer Personnagë mat Sonnebrëller, déi vun enger heller Luucht verblent ginn.)

-----

(weist erop) Et wor keng Wollek um Himmel, an d’Sonn, si stong esou ongeféier do.

-----

Dat liicht der an d’Aan.

-----

Do bass komplett verblent.

-----

Ower esou eppes vu verblent, soen ech der.

-----

Mir hu kee gesinn.

-----

Scho gemengt, hei een an do ee gesinn ze hunn – mä du hues keen erkannt. Well mer gonge riicht an d’Sonn.

-----

An et koumen der eis vill entgéint.

-----

Vill ze vill op där kuerzer Streck.

-----

Populisten ... Putschisten ...

-----

Karrieristen ... Protektionisten

-----

An all déi houer-déckvollgefriesse-Kapitalisten

-----

Si hunn näischt gesot. A mir dunn och net ....

-----

Da seet een och näischt ze vill.

-----

Si hu just Schiet geworf. A géint Schiet kanns de näischt hunn. Kuck hannerun dech, du werfs es jo och – also.

-----

Mä wéi gesot, (weist nees erop) mir hu kee gesinn. Mir hu just geblënzelt. Wore wéi hallef blann.

-----

Do hate si et scho besser. Si hate jo d’Sonn am Réck. All déi Sau-Konformisten ... Anarchisten ..

-----

Opportunisten ... Radikalisten

-----

Lobbyisten a M’en-Foutisten ...

-----

Vu wou koumen se hier? Kee weess et. Mä si woren do.

-----

Se koumen een nom aneren. Hannerteneen. Heiansdo alt och zu zwee oder zu dräi niewteneen.

-----

An de Wee ass souwéisou schonn esou schmuel.

-----

Mir hätte kënnen iwwert se trëllen.

-----

Hals a Bee briechen.

-----

An 't hätt een esouguer nach „Pardon“ gesot.

-----

Stell der dat emol vir: si rennen dech iwwert de Koup an da sees du och nach „Pardon“ zu deene Fundamentalisten ... Sexisten ...

-----

Fatalisten ... Materialisten

-----

An déi no-riets-an-no-lénks-an-no-alle-Säiten-Extremisten

-----

A wéi mir eis ëmgedréint hunn, jo, dunn, du hu mer se erkannt. Well däer doer, déi erkennt een och vun hannen.

-----

Mä du wore si scho laascht.

-----

Du wor et ze spéit.

-----

An du hu mer och erréischt gesinn, wéi vill dass et der woren.

-----

An et goufen der ëmmer méi.

-----

An nach ëmmer méi ewéi méi.

-----

Jee, du hues gemengt, du häss an en Nascht getrëppelt

-----

Duerch all déi Militaristen ... Konventionalisten ...

-----

Neofaschisten, Exorzisten a Renommisten ...

-----

An hannert eis kommen hinnen ëmmer nees anerer entgéint.

-----

(weist nees erop) Mä fir déi ass och keng Wollek um Himmel.

-----

Och déi si verblent. Ewéi hallef blann. Och déi mengen, et wiere Leit a Mënschen ewéi s du an ech.

-----

Déi Chauvinisten... Nationalisten

-----

Okkultisten .. Defätisten

-----

An déi dausenden elitär-mir-sinn-high-society-Onanisten

-----

Et ass eben einfach der Sonn hir Schold, déi geet mueres déi verkéiert Säit op an da steet se de ganzen Dag falsch ...