STRICTEMENT PRIVÉ !

(2011)

Persounen:             A - B – C

      d’Meedche vum GPS-

                 méi  futuristesch mat Spektiv a Globus

      de Mann aus dem „Tatort“

                dat typescht Bild vum Tatort-Virspann,

                mat de Kreesser vun der Zilscheif, wou

                just déi zwee Aen dertëscht erauskucken

 

 

A

Du brauchs net ze fäerten. Du bass net eleng.

B

Eiser Härgott gesäit alles – mä d’Spionage-Satelliten, d’Radaren an de ganze Google mat sengem Street-View nach vill méi.

C

(schwäermt) All Stëbseck vun der Welt hu se am Viséier, an och mir si permanent um Schierm.

A

Looss der dat emol op der Zong zergoen: Paräis - 9, Place de la Concorde

B

Dippech - 36, rue de la Montée

C

Manhatten - 366, Broadway

B

Gonnereng - 15, Buergässel mat dem Mossongs Kätti hannenaus an de Bounen.

C

Mä erziel kengem dervun, soss sprangen nees där hyperventiléierter Privat-sphäre-Fetischisten aus der Këscht. (spillt rosen) Ah neen, dat loosse mir net mat eis maachen. Dass international Ziler vun Terroruschléi verrode ginn, dat ass schonn uerg genuch, ower dann net och nach eiser Bounen a Wäschléngten am Gaart.

A

(zu engem vir an der Rei) Mä wat interesséiert et dann den CIA, Monsieur, ob Dir an der Groussgaass de Boxekueder opstoen hutt oder net ---

B

(idem) --- oder dee klenge Chinees vu Peking, Madame, wann e gesäit, wéi Dir mueres an der Robe-de-Chambre an nach net geschminkt d’Zeitung aus der Bréifboîte huele gitt??

C

Nu komm, nu si mer ower net méi helleg wéi de Poopscht.

 

(D’GPS-Meedche kënnt vun där enger Säit ...)

GPS

Mä komesch, vu mir schwätzt ower keen, vu mir, dem Meedchen aus dengem GPS, denger perséinlecher Stëmm aus de Wolleken. An dobei weess ech dach vill méi. Ech weess, vu wou jiddweree kënnt, wou jiddwereen hifiert a wou jiddweree sech verrennt.

A

Auf dem Kreisverkehr zweite Ausfahrt rechts.

C

Noch 300 Meter und Sie haben Ihr Ziel erreicht.

GPS

Du sees zu denger Fra um Handy: "Ech muss den Owend nach an eng Sitzung an d’Stad", an da kann ech dech ower op Tréier an de Piff-Paff-Puff kutschéieren. Ah, dass dir Männer iech ower ni entscheede kënnt!

 (... an de Mann aus dem „Tatort“ kënnt vun där anerer Säit)

TATORT

An u mir stéiert sech och keen, de Mann, deen s de net kenns, vun deem s de just d’Ae gesäis. Ech kucke jo virun all „Tatort“ an deng Stuff eran a weess alles vun all Mënsch aus all Famill. Ob bei Hoffmanns zu Dikrech de Besuch nees net heemgoe wollt oder d’Mossongs Kätti zu Gonnereng mat sengem Bettgezei op de Canapé plënnert, well de Mann ze vill schnaarcht.

B

Interessant. Do kann de Google an all Geheimdéngscht de Blouse weisen.

TATORT

(zu enger Fra vir am Sall) Kuckt, Dir spillt d’Piano, Madame. Och wann Ären Noper léiwer hätt, Dir géift Klarinett spillen. Well wee Klarinett spillt, dee kann net och nach anengems derbei sangen. (zu engem Mann) An Iech, Monsieur, Iech kennen ech och: wann Dir et net esou mat der Prostatt hätt, dann hätt Der all Dag annerhallef Stonn méi laang Zäit fir an de Gaart.

A

Do, voilà! D’Welt gëtt ebe méi kleng.

B

D’Welt réckelt ëmmer méi no zesummen.

GPS

Mir ginn ëmmer méi duerchsiichteg.

TATORT

Scho jorzéngtelaang spionéieren déi amerikanesch a russesch Satelliten ëm de ganze Globus, mä iwwer Lëtzebuerg missten se d’Aen zoupëtzen.

C

Mä firwat? Wéinst dengem Kompostkoup hannert dem Haus?

B

Oder wéinst dengem Gesiicht? Also, wa mir zwee an der Stad laanschtenee ginn, da gëtt meng Binett jo och net verpixelt an ondäitlech gemat. 't deet mer leed, do kriss de och näischt geschenkt.

A

A schliisslech huet d’Arméi och nach keng Klo agereecht, dass Honnerten Zaldoten a japanesche Photoalbumer pechen, wéi se virum Palais stinn.

GPS

Neen, „strictement privé“ alles schéin a gutt, mä dat muss ee méi relativ gesinn. Kuckt, do fiert dach garantéiert ee mat dem Code vun ärer Bancomatskaart als Autosnummer duerch d’Géigend an dësen oder dee Politiker huet är Schonggréisst als perséinlechen Intelligenzquotient … also.

TATORT

Mir liewen eben globaliséiert. A bei globaliséiert passt nun ebe keng Privat-sphär.

B

Esou eppes ass egoistesch, esou eppes ass net sozial.

C

Stell der emol vir, eis Welt géif aus 6 Milliarde där Privatsphäre bestoen - mä esou vill Plaz hätte mer jo emol guer net.

A

An ass dat dann éiere Privatsphär, wann den Aptikter bei enger Dose Leit iwwert d’Téik rifft: "Joffer, Dir wësst jo, wéi dee Schwangerschaftstest fonctionnéiert?" … oder: "Fir ween ass déi Hämorrhoide-Crème?" – an du solls dann de Fanger ausstrecken …

C

Ma gesäis de!

GPS

Mä éierlech geschwat: mir brauche keng Spionage-Satelliten, fir selwer ëmmer méi vun eis ze weisen, fir selwer ëmmer méi vun eiser DNA ze hannerloossen, trotz Password, Nickname oder PIN-Code.

A

Esoubal s du eemol um Internet gesurft hues, da bass de schonn net méi anonym.

B

Soubal s de mat der Kreditkaart Suen ophiefs, bass de net méi anonym.

C

Mat denger Cactus-Kaart léisst de der esouguer deng Anonymitéit, fir e puer Euro Bonus ofkafen.

TATORT

Mueres loggs de dech um Büro am Computer an …

GPS

… mëttes bestells der e Buch bei Amazon …

A

… an owes schécks de e Kreuzworträtsel mat denger Email-Adress an, fir eng Senseo-Kaffismaschinn ze gewannen …

TATORT

An de Rescht mécht da Youtube a MySpace 

GPS

… Privat-Blog an Twitter …

B

… oder Facebook, wou een aus Berlin sengen 3.752 Frënn schreift: „Ech misst elo nach an d’Dusch. Mä Motivatioun gläich Null“.

TATORT

(ironesch) An iwwerlee emol nëmmen: Wat hätt d’Welt ouni déi Informatioun gemat?