DUERCH AN DUERCH KRANK

(2015)

 

Persounen:           d’Madame Célestine

                           d’Joffer Lafleur

 

(D’Célestine schwätzt plazeweis ewéi e Waasserfall.)

 

CÉLESTINE

Elo sëtze mir schon esou laang hei beieneen, Joffer Lafleur, an Dir hutt mech emol nach net gefrot, wéi et mer geet. A wann Der mech géift froen, wéi et mer geet, da géif ech Iech äntwerten: O mei, ganz schlecht.

LAFLEUR

Wéisou? Dir gesitt dach esou gutt aus. Wéi ëmmer.

CÉLESTINE

Genau. An et ass mer och esou ewéi ëmmer. De leschte Weekend hat ech nees meng Nierekollik, virgëschter meng Häerzrythmusstéierungen, gëschter vu zéng vir zwou bis fënnef op eng schrecklech Sinusite, si krut bal keen Enn, a säit haut de mueren eng rout Plaz un der rietser Zéif – neen, waart, un där lénkser, mä mengt Der, dat géif mer wéi doen? Fir d’Vrecken net! 

LAFLEUR

Da sidd dach frou, Madame Célestine.

CÉLESTINE

Ech soll frou sinn, sot Der? Am Eescht? Mä do ass bestëmmt eppes net an der Rei mat mer. An dat wäert ech dem Dokter och lafe loossen. (bliedert am Calepin) Kuck, hei si jo meng nächst Rendez-Vous-en: Ophtalmolog, Gynekolog, Kardiolog, Psycholog, Dermatolog (tippt um Handy) an hei d’Telefonsnummere vun Neurolog, Rheumatolog, Allergolog, Endokrinolog, Onkolog --

LAFLEUR

(hëlt der Mme Célestine hir Illustréiert) An dann hudd Der jo och nach Är WOCHE DER FRAU.

CÉLESTINE

Jo. Fir eng éischt Diagnos. An do stong wéini dran: schonn e suspekten Hämmzert, wësst Der esou een – (houscht kuerz) en plus eng liicht, ondefinéierbar Migrän kënnen e Symptom vu Longenentzündung sinn. O, duecht ech bei mir, hues du elo net eng liicht, ondefinéierbar Migrän? Neen ... mä da waart emol, hunn ech mech berouegt, villäicht kënnt se nach, a währenddeem e puer Doudesannoncen aus dem „Wort“ erausgeschnidden, fir alt schonn emol e Modell ze hunn.

LAFLEUR

Woort Der dann net bei ee vun Ären Astrologen a Pathologen?

CÉLESTINE

Dach. Direkt deen Dag duerno. Ech hunn him gewisen, wéi ech houschten, vu ganz douce bis aggressiv-provokant. Well wann et muss sinn, dann hunn ech all Houschtert drop, mat allen Nuancen an alle Koloraturen.

LAFLEUR

An?

CÉLESTINE

Frot nach. „Madame, ech fannen näischt“. Mä dat hätt ech him direkt kënnte soen.

LAFLEUR

Wéisou, Madame Célestine?

CÉLESTINE

Mä hie wor an där Woch schonn dee véierten Dokter, dee mer dat sot.

LAFLEUR

Schonn dee véierten? Dir gitt also méindes an dënschdes a mëttwoches ---

CÉLESTINE

Ma jo sécher, well et weess ee jo ni. Bei deene sëlleche Stécker, déi un engem sinn, kënnt sech jo dertëscht eppes änneren. Kuckt, wann eng Bremsluucht vun Ärem Auto op eemol futti ass, dann ass se jo och zwou Minutte virdrun nach gaangen.

LAFLEUR

Wat ... wat huet dat dann lo mat Iech ze doen?

CÉLESTINE

Mä dass ech onméiglech ka gesond sinn, Joffer Lafleur. E Gesonden ass just e Kranken, deem seng Krankheet nach net vun der Pharmaindustrie erfonnt gouf. Duerfir wor ech och schonn dëse Mount siwemol an d’Bluddanalys, véiermol an d’Röntgen - esouguer virgëschter nach --- (genéiert sech, pëspert hir an d’Ouer)

LAFLEUR

(grouss) Wéiiii?

CÉLESTINE

Jo. Iergend esou eng Scopie, nennt een dat.

LAFLEUR

Iergend esou eng Scopie. Schrecklech ... an dann och nach vun hannen ...

CÉLESTINE

Tjo, et muss een eben iwwerall siche goen, wann ee gären eppes fënnt. A wann si och näischt fannen, ech weess jo, dass ech eppes hunn. Duerfir brauch ech net houfreg Galekrisen oder Mokrämp ze kréien. Okay, wann ech elo e Mann wier, da kënns de zu mer soen: Pfff, Männer!, mä ech si kee Mann – also! Duerfir huelen ech jo och all Dag meng Pëllen. (pékt e ganze Koup Medikamenter aus hirer Posch)

LAFLEUR

Jësesse Kanner, Madame Célestine, Dir ruinéiert jo déi ganz Krankekeess.

CÉLESTINE

Lypanthyl géint de Cholesterol, Esomeprazol géint Mosaier, Brexine Piroxicam géint Gelenkarthros, Cozaar 50 Milligramm géint den héije Bludddrock, an nuets natierlech, wéi et sech gehéiert, meng Schlofpëllen, Triazolam, en Derivat vun de Benzodiazepinen, mä dovu kréien ech esou de Kapp wéi, dass ech net schlofe kann - also huelen ech dann Ibuprofen oder Paracetamol, an dat hëlleft mer dann och anengems, wann ech meng Deeg hunn, well passt op, wann ech meng Deeg hunn, dann hunn ech se ower och.

LAFLEUR

An der Rei. Mä déi ganz Riskoen an Niewewierkungen?

CÉLESTINE

Ah, dat ass nun eben en Deel vun der Therapie. Well zum Beispill en Antibiotique fir eng Blosenentzündung, bei deem s de zwar net méi all Véierelstonn lafe muss, mä wou s de keen Häerzklappen oder keng allergesch Reaktioune kriss ---

LAFLEUR

--- dee kann och net ganz vill daachen. Ech verstinn.

CÉLESTINE

An ech erwëschen se alleguerten, Joffer Lafleur. Schwindel, falsch Loft, Asthma-Attacken ... Et léisst keng mech aus. Ower dann, da si mer nees esou wäit wéi mer woren: kee Mënsch gleeft mer eppes. Keen. Mä ditt Uecht: deem heie mécht keen epes vir. Dat heien hält kee fir domm. Ech hunn esouguer scho siwen Thermometeren an d’Aptikt zréckbruecht, well se mäi Féiwer net richteg uweisen.

LAFLEUR

Tjo ... mä Dir, Dir hudd Är Krankheeten ower.

CÉLESTINE

Ech hu se an ech spieren se. Dobei huet all eenzel e laténgeschen Numm an op laténgesch deet et nach vill méi wéi. Just déi rout Plaz u menger Zéif ... an dat ass et jo nun eben.

LAFLEUR

(zéckt) Also … ech ... ech wëll jo näischt soen, Madame Célestine, mä ech menge ganz Dir sidd en Hypochonder.

CÉLESTINE

(erfreet) Genau. Dat wor och dem zweetleschten Dokter seng Diagnos: Eendeiteg Hypochondrie. Ah, Här Dokter, sot ech: Do gesitt Der, endlech dach eppes! A mäin Abbes seet ëmmer: Du bass eng domm Tutsch, du hues glat a guer näischt, du bilds der alles nëmmen an.