STATISTESCHES

(2014)

Persounen:                  de Pol Dumoulin (Chef de Bureau)

d’Sandra (jonk Employée)

de Monni Jéiss (en urale Pätterchen)

 

Décor:                         am Bureau vun der STATEC

 

 

SANDRA

(bliedert an den Dossieren)  Egal wat! Dat statistescht Gewurschtels mat deene Prozenter an deene Graphiken, dat geet mir esou lues iergendzwousch hin.

DUMOULIN

Joffer Sandra, e wéineg méi Respekt virun der STATEC.

SANDRA

Ech froe mech trotzdem, wat dat alles hei brénge soll.

DUMOULIN

(dozéiert) Mä d’Statistik ass eng numeresch Evaluatioun vu Faiten, fir eng probabel Indicatioun iwwer aner Faiten ze maachen, déi momentan nach net numeresch evaluéiert kënne ginn. Verstitt Der?

SANDRA

Neen.

DUMOULIN

Ech och net ganz. Mä ech mengen, et ass ower esou ongeféier.

SANDRA

Also eppes ewéi d’Meteo op RTL: haut erklären se eis, dass muer de ganzen Dag d’Sonn schéngt, an iwwermuer firwat et ower de ganzen Dag gereent huet.

DUMOULIN

Joffer Sandra! Wann ech gelift! Et geet hei ëm d’Zukunft vum Land, ëm wirtschaftleche Wuesstum, Aarbechtsplazen, Inflatioun, Wunnengsbau fir ëmmerhin 537.892 Leit - wann se all heiheem sinn. (mat e puer Dossieren of)

SANDRA

Jo, 537 Dausend ... an op der Päischtcroisière ass d’Hallschecht vun deem ganze Koup an engem permanenten alkoholeschen Delirium.

 

(De Monni Jéiss, en urale Pätterchen, kënnt erageschlappt.)

MONNI

Voilà, Monni Jéiss, an hei wiere mer. (léisst sech op e Stull falen) Ho, wéini sinn ech fir d’lescht an d’Stad komm?!

SANDRA

An den Här, wann ech gelift?

MONNI

C’est ça! Du sees et. Et muss virun enger décker zwanzeg Joer gewiescht sinn. Mueres am Sonndëssekostüm an d’Oktav an nomëttes mat deem leschte Groe bei d’Meedercher do ënnen an d’Kopplabunzgässelchen.

SANDRA

(erstaunt) Pardon? Wouhin?

MONNI

Ah, Klengt, elo spëtze mer d’Oueren, wéi? Mä deemools wor ech och nach am beschten Alter. Esou knapps an déi 80.

SANDRA

Esou knapps an déi 80 ... ? Mä ... mä wéi al sidd Der dann elo?

MONNI

Ech? Elo? O, ech mengen esou ëm déi 113.

SANDRA

113?

MONNI

Juer. C’est ça. Wann ech richteg matgezielt hunn.

DUMOULIN

(kënnt eran, erschreckt) Wéi? Ass dat doen deen? Neen, sot dat nëmmen net! Et gëtt en also wierklech? Mä dat … dat … dat ass jo déi Katastroph!

MONNI

(hëlt e Bréif aus dem Paltong) An duerfir hat Der mech jo och heihinner bestallt. Well ech wier en historesche Fall fir an är Bicher, sot Der. Schliisslech hat ech jo nach bal de Jang de Blanne matgemat.

SANDRA

(liest um Ziedel) Jean-Pierre Joseph dit Jéiss Clement vu Bruechtebach. Gebuer den 5.3.1901.

DUMOULIN

(fir sech)  Schrecklech! Einfach schrecklech!

MONNI

Ha, ech ka mech nach erënneren, dass d’Post mat de Päerd koum, dass se an der Péitruss déi Nei Bréck gebaut hunn an déi, déi ass hinne jo entre-temps scho bal zesummegefall, mä deen ale Monni Jéiss mussen se dem Musée verklappen, well dee gëtt de Läffel fir d’Vrecken net of.

DUMOULIN

(huet op der Rechemaschinn gerechent) Neen, also lauschtert emol. Dir maacht de Spunnes mat eis. (ganz wichteg) Vergiesst net: Dir sidd hei bei der STATEC. Dem Service Central de la Statistique et des Etudes Economiques.

MONNI

(huet net héieren, zum Sandra) Wéi mengt Äre Patron, Jëfferchen?

DUMOULIN

Mä Dir misst dach scho laang dout sinn, mengt en.

SANDRA

(erféiert)  Dout? Mä, Här Dumoulin, erlaabt ...

MONNI

Wéi? Ech? Ho, wann de Jang de Blannen dat nach gesinn hätt!

DUMOULIN

Deen do misst dach scho laang d’Blat hei ënne gebotzt hunn - Sot Meeschter, wéi erkläert Dir Iech dann, dass Dir op eemol 113 Joer hutt?

MONNI

Mä sécher well ech 1901 op d’Welt koum, oder?

DUMOULIN

(ganz duercherneen) Dat ass net dran! Dat ass net dran! Also, elo verschaffen ech schonn e Liewe laang eis national Realitéiten, mä ech hat ower nach ni een hei sëtzen, dee scho laang net méi hei sëtzen dierft.

SANDRA

Ech gesinn zwar net ganz kloer …

DUMOULIN

Ma heit,  Joffer Sandra … (bliedert an engem Dossier)  … d’Tabellë vun der Populatioun weise kloer an däitlech, dass vun nom Krich bis haut genee 32 Leit hei am Grand-Duché iwwer 100 Joer al gouwen.

MONNI

(laacht)  Ha, an da mueres am Sonndëssekostüm an d’Oktav an nomëttes ---

DUMOULIN

En d’autres termes: mir hunn nëmmen all zwee Joer een iwwer 100.

SANDRA

D’accord. Ower wat kann de Pätterchen dann doerfir?

DUMOULIN

Mä deen doen, dee geheit eis alles op d’Kopp. Kuckt, all 2 Joer nëmmen een esou en Uralen. Mä da kënnt hien do getrëppelt, wou mer eréischt elo am Februar ee vun 105 hei sëtzen haten.

SANDRA

Ech verstinn net. Wann de gudde Mann ower nach net gestuerwen ass.

DUMOULIN

Dach. Statistesch ass en et scho laang. Dat steet fest. (gëtt da kleng bäi) Mä leider muss ech agestoen, dass Der ower trotzdem nach net esou richteg dout sidd.

MONNI

(huet nees net héieren, zum Sandra)  Wat seet en? Wat sinn ech nach net esou richteg?

SANDRA

Nach net esou richteg dout.

MONNI

Komesch! An der Zäit wor een ëmmer dout no dem Stierwen.

DUMOULIN

(nervös) An der Zäit! Deemools huet och nach keen eppes vu Statistik gewosst! (hält him den Dossier dohin) Mä dat hei misst duergoen, fir bei Ären Hausdokter ze trëppelen an eng Autopsie maachen ze loossen.

SANDRA

Tja, a wat maache mer elo mat dem Monsieur?

MONNI

Erschéissen … oder Rategëft …

(Grouss Reaktioun vum Dumoulin a vum Sandra.)

 

Dach. Dat ass déi eenzeg Méiglechkeet. Well elo hutt Der jo een ze vill an ären Zuelen, fir dass et der grad genuch sinn.

DUMOULIN

Mä wësst Der wat? (hëlt en Ziedel) Hei kuckt, hei ass Ären Ziedel vun der leschter Volkszählung. Jean-Pierre Joseph dit Jéiss Clement vu Bruech-tebach. (zerrappt en)  Voilà. Bei iwwer 530.000 Stéck fält dat emol net op.

 

MONNI

Ha, du bass deng Sue wäert, Jong! A wéi kommen ech dann elo do, wann ech bei de Coiffeur ginn oder bei de Picco Bello op de Fernseh, an ech muss soen: Et deet mer leed, mä et gëtt mech guer net.

SANDRA

Am Fong geholl jo …. Fannen ech och.

DUMOULIN

Joffer Sandra, Dir hutt näischt ze fannen. Wat hei zielt, dat ass purement an eleng d’Statistik an de statistesche Point de Vue.

MONNI

(laacht, klappt dem Sandra op d’Schëller) Grad wéi op der Juegd, Meedchen: Wann s de riets e Meter laascht e Wëllschwäi schéiss an da lénks e Meter derlaascht, dann hues d’ et statistesch geroden ... (rëselt fir sech de Kapp a geet of)