IN MEMORIAM

(2004)

Persounen:           d’Wittfra

     d’Frëndin 1

     d’Frëndin 2

 

 

                                (Alles an Trauerkleedung. Donkel Ambiance. Grafmusek. Heiansdo schluchzt een.)

 

FRA

28 Joer wore mer matenee bestuet, mäin Nikkla an ech. 28 laanger Joeren. Keen haart Wuert, kee Gestreits, kee guernäischt.

FRËNDIN 1

Eise Jos huet nach de Mëtteg erzielt, wéi et deemools mat iech zwee ugaangen ass. Op engem Fuesbal. Jongen, sot däin Nikkla, wette mer, dass ech dat doe bis eng Auer eelef ... (laacht) weess de ... also, wéi soll ech soen ... jee, dass ech dat iergentzwousch hannerwands ...

FRA

Jo, an et wor nach keng hallwer 10, du hat en d’Këscht Béier scho gewonnen.

FRËNDIN 2

28 Joer! Dir hat ower eng schéin Zäit. Vum éischte bis zum leschte Moment.

FRA

Sécher. En huet mer nach mëttes gehollef d’Wäsch ophänken. D’Klamere reechen, dat wor seng Spezialitéit. Ëmmer just am richtege Moment hat en nees eng an der Hand.

FRËNDIN 2

Stell ee sech dat vir! Ëmmer just am richtege Moment.

FRËNDIN 1

Tjo, an dunn dat doen!

FRA

Eben. (schluchzt nees) Du geet en hin an trëllt d’Kellertrap erof. An d’Boune sinn emol nach net gepléckt.

FRËNDIN 2

Déi ganz Kellertrap ... Wat muss den Noper erféiert sinn!

FRA

Ma jo. Dat wor och mäin éischte Gedanken. Pass op, 14 Träppleker. An en huet keen ausgelooss. Schéin een nom aneren.

FRËNDIN 1

E Pedant! Du sos et jo. Huel nëmmen d’Saach mat de Klameren.

(schluchzt och nees) A wann s de bedenks, dass ech e bal kritt hätt, wann ech domm Louder net eréischt ëm véierel vir 10 op dee Fuesbal komm wier.

FRËNDIN 2

(schluchzt och) Neen, et wor wierklech e flotte Kärel! Op der Photo an der Doudesannonce wor en dach och esou gutt geroden.

FRA

An ower hat e säi Kapp. En huet sech nach onbedéngt mussen e puer nei Schong kafen. Ech sot: Mä du hues der dach vëllegen a genuch. – Mä neen. An elo sti se do. Keng eng Kéier ugedoen.

FRËNDIN 1

O, mäi Jos huet dach och 43 am Fouss. Also.

FRA

Ah ma ja. An ech maachen der och e gudde Präis. ’t ass grad ewéi mat de Kostümer. De Muergen duecht ech nach beim Kleederschaf: Kuck, dem Yolande säi kënnt déi dach och nach gebrauchen.

FRËNDIN 2

Et misst ee just d’Boxen e wéineg anhuelen. (weist) Villäicht esou e Stéckelchen. (weist weider) Oder neen ... soe mer esou. Méi op jidde Fall net.

FRA

Héchstens. Ah, do hätt ech nu wierklech un alles geduecht, ower net, dass mer de Mëtteg hannert mengem Nikkla hierlafen. Also, dat hätt jo alt net misse sinn.

FRËNDIN 1

Mä reeg dech net op. Schwaarz geet der dach net esou schlecht.

FRËNDIN 2

An en hat dach bestëmmt och eng zolidd Liewesversécherung?

FRA

Kloer dat. Zemol, wou eis Kellertrap dach esou géi ass.

FRËNDIN 1

Gesäis de.

FRËNDIN 2

So, zu wivill si mer herno?

FRA

O, ech hunn emol fir ronn drësseg reservéiert. Ham, Fritten an Zalot.

FRËNDIN 1

Ower och e Stéck Taart? Schliisslech hunn ech net fir näischt en décken Don un d’Croix-Rouge gemat.

FRA

Sécher. An dem Jemp seng Ham ass jo ëmmer esou gutt. Duerfir hunn ech och direkt am Keller bei mer geduecht: Ah, onbedéngt Ham, Fritten an Zalot.

FRËNDIN 2

So, hoffentlech geet de Pir och mat. Mat deem senge Witze kënnt ech mech ewech laachen.

FRËNDIN 1

Wann ower dat Déckt aus dem Trëntenerdall bei mech sëtze kënnt – nee merci! Dat schneit déi ganzen Zäiten eng, du mengs, du wiers op engem Begriefnes.

FRA

Mä du kanns dech jo dann hiewen.

FRËNDIN 1

Jo an dann? Da sëtzen ech op eemol hannen um Wupp, an all Kéier, wann de Plateau laanscht kënnt, dann ass näischt méi drop. O neen, dat huet däin Nikkla ower net verdéngt.

FRËNDIN 2

(kuckt zur Säit) Hei, de Paschtouer.

FRA

Wat? Schonn? A grad elo, wou et esou gemittlech wor. Mä egal: ech sinn op jidde Fall frou, dass e virgëscht an de Keller gaangen ass, an net haut.

FRËNDIN 1

A wéisou dann dat dat?

FRA

Mä soss wier d’Sechswochemass op donneschdes gefall, an donneschdes gi mer dach ëmmer an d’Sauna ...