DÉCK BAKEN

(2005)

Persounen:          ee mat engem décken Helikon,

    en anere mat enger klenger Piccolo-Flûte

 

 

 

 

(Déi zwee sëtzen mat hiren Instrumenter hannert de Noutepulter. Eng Zäitchen näischt. Ee kuckt grouss a verleeën op deen aneren.)

HELIKON

Ja ... an?

PICCOLO

Du sees et. Solle mer dann emol?

HELIKON

Ech verstinn net.

PICCOLO

Mä da komm, mer fänken un.

HELIKON

Wat? Ower net mat dir.

PICCOLO

Wéisou?

HELIKON

Mä ... mä ... hues de mech schon eng Kéier ugekuckt?

PICCOLO

Jo ... An du mech?

HELIKON

Eben. (ängschtlech) Ech ... ech weess net sou richteg. Ech sinn hei ze vill. Bei dir héiert ee mech jo net méi eraus.

PICCOLO

(laacht) Ha, gutt déi do! Bei dir héiert ee mech net méi eraus! Dass ech net laachen ...

HELIKON

Gesäis de, elo geet et schon un. Ech wosst et jo.

PICCOLO

Bass de éiere frustréiert?

HELIKON

Neen. Ech sinn net frustréiert, mä ech wëll Musek spillen.

PICCOLO

Genau. Dat trëfft sech jo da gutt, ech nämlech och. Allez komm, da fuere mer duer.

HELIKON

Bei dir ass et grad wéi bei enger Fra: Widderspriech hir nëmmen net – a spéitstens 3 Minutte mécht s’et selwer.

PICCOLO

Also, dat doen ass mer elo ower e wéineg ze héich.

HELIKON

Dat gleewen ech der direkt. Mä kuck, du, du wëlls mat mir spillen, an dobei sinn ech  dach méi fir d’Nuancen. Fir dat méi Rengt. Do wou méi fei subtil Zwëschentéin gefrot sinn, eppes méi mat zaartem Gefill, do ass mäin Asaz.

PICCOLO

Mä so lauschter emol, mengs de, ech séiz hei nëmmen, fir schéin ze maachen. Ech spille jo ower och. An esouguer dat selwecht Stéck.

HELIKON

Eben. Du spills jo ower och. An esouguer dat selwecht Stéck. Dat ass et jo grad.

PICCOLO

Wat?

HELIKON

Mä dat. Bei dir geet meng ganz Subtilitéit direkt ënner. Du erdëmmels mech jo. (fir sech) Freet deen elo och nach: Wat? - Ah neen, esou eng onverfrueren Arroganz muss ee sech emol virstellen!

PICCOLO

(méi fir sech) An dobei trauen ech mech kaum Loft ze huelen, soss op eemol hunn ech mech selwer ofgeschléckt.

HELIKON

Fänk elo net un zynesch ze lamentéieren! Weess de, bei mir brauch ee musikalesche Feeling. Ech sprange vun engem liichten dolce gracioso op en allegretto amabile con sentimento – mä jee komm, wat erzielen ech? Vun esou Finessë kanns du jo nëmmen dreemen.

PICCOLO

Pardon?

HELIKON

Du bléis jo einfach nëmme blann drop lass a baggers dech ewéi e wëlle Stéier derduerch, ouni Niveau an ouni Fangerspëtzegefill, du kulturellen Hooligan do!

PICCOLO

(piquéiert) Ah sou! An da sinn ech arrogant, sees de?! Ma déi doen ass net schlecht.

HELIKON

(rosen) An elo fänks de och nach un an d’Flilleken ze klappen?

PICCOLO

(idem) Ma ween huet hei mat wat ugefaangen?

HELIKON

(ëmmer méi rosen) Ha, bravo! Dat doen, dat sinn se, déi mer brauchen. Esou Leit ewéi s du kënnen engem alles vergällen, alles am Liewe versauen. Vun näischt eng Ahnung, ower dovun e ganze Koup. Si blose sech op,  wëllen iwwerall matschwätzen a spillen de grousse King, mä et ass näischt hannert der Heck. Näischt. Guernäischt.

PICCOLO

Mä ... mä ... mä ee Momentchen emol ---

HELIKON

Ah, voilà, gesäis de! Typesch dat do! An da loossen se déi Kleng och nach net zu Wuert kommen, si schäissen een einfach ëm. (hieft sech) Ower neen. Net mat mir. Ech hunn och meng Éier. An nëmmen déck Bake maache kann ech och eleng. (rose fort)