ALIMENTER FIR D'JEANNY

(2005)

 

 

Persounen:     d’Maria Meyer

d’Jeanny, hiert Meedchen

 

 

MAMM

(um Telefon, zum Jeanny) D’Joffer verbënnt mech.

(D’Jeanny fänkt un ze kräischen.)

Nu fänk net nees un ze pinschen! Et ass scho schlëmm genuch fir eis.

JEANNY

Mä Mamm, du woors dach och eemol jonk an du weess jo, wéi dat geet: no enger Party nach séier e schnucklege Whisky mat Sofa a schonn ass et geschitt.

MAMM

Also, dat hätt jo elo net misse sinn. (an den Hörer) Här Hammerville ... mä hei ass d’Meyesch Maria vun heiheem. Verexcuséiert mech villmools, Monsieur, wann ech stéieren, mä ech ruffen u wéinst eisem Jeanny. Eisem Meedchen. Et wor jo mat ärem Här Filston op dem Bal zu Wellesteen an ... wéi soll ech mech expriméieren, Här Hammerville ... jee, dee Bal vu Wellesteen ass net ouni Suitë bliwwen ... gynecologesch, verstitt Der?

JEANNY

Omei, wéi distinguéiert ausgedréckt! An dobei si mir einfach mat dem Auto erop an d’Wéngerte gefuer an dunn ass deen eis stënterlech en panne gefall.

MAMM

(grouss) Wéi? Dir wëllt an ärer héijer Positioun kee Skandal? Ma déi hu mer gär! Fir d‘éischt geet de Fissi mat ... mat ... mat der Flënt doruechter balleren an da wëllt de Papp kee Skandal.

JEANNY

Mamm!

MAMM

Voilà, do kuckt Der elo, wéi? An dobei ass eist Jeanny net hannert all Maansmënsch hier ewéi vill anerer, déi scho bannent kuerzer Zäit d’Matratz voller Kaulen hunn. (lauschtert weider, grouss) Wéi? Neen ... am Eescht, Här Hammerville? (hält den Hörer zou, zum Jeanny) E wëllt fir d’Kand opkommen.

JEANNY

’t ass ower dat mannst, wat e ka maachen, wann een en décke Président-Directeur-Général ass a säi Bouf mat deieren Autoen doruechter fiert, déi just am richtege Moment en panne falen.

MAMM

(lauschtert, ëmmer méi grouss) Waaat? Ech gi geckeg. Dir bezuelt him d’Universitéit, et gëtt eng Direkteschplaz an ärer Firma an och nach eng Bauplaz derbei?  A ganz mondäner Lag? O freck, saugutt! Also déi doen ass net schlecht fir op en eniichtere Mo. (ganz duercherneen) Allez, merci da villmoools fir de Moment emol. (hänkt an) Eng Direkteschplaz! An da soen déi aus der Regierung, déi fett Joere wieren eriwwer a mir missten de Rimm méi fest unzéien. Hunn déi eng Ahnung!

JEANNY

An dobei nach eng Bauplaz, sees de? An déi si jo do nun och net geschenkt. Milliounen a Millioune Quadrameter an Euro pro Ar.

MAMM

Ah, ee Gléck woort Der op Wellesteen an net op déi langweileg Dichterliesung an de Centre Culturel Français an d’Stad.

JEANNY

(op eemol nees eescht) Mä so, Mamm, a wann et op eemol Zwillinge ginn?

MAMM

Op eemol Zwillingen?

JEANNY

Jo. Statistesch ginn et däer jo all 200. Kéier.

MAMM

(grouss) Wat? All 200. Kéier? Hat dir deen Owend ---

JEANNY

(laacht) Bass de weis! Dass säi Filston um Enn och nach Sportler vum Joer gëtt  ...

MAMM

Zwillingen … (hëlt nees den Telefon a wielt) Allezhopp, ech puche mech nach eemol un d‘Strëpp. Herno sti mer mat zwee Stéck do a kucken domm aus der Wäsch. (um Telefon) Hallo, sidd Dir nees déi Joffer vu virdrun? Mä hei ass och nach eemol d’Meyesch Maria vu virdrun --- Pardon? Ob ech wierklech dru gleewen, dass äre Chef näischt aneschter ze maachen hätt? Mä da frot emol eist Jeanny, ob hatt dru gleeft, dass all Mann e Paschtouer ass, deen zu engem Meedche seet: Kand, lo muss de dru gleewen.

JEANNY

(laacht) Ah, meng Mammchen ass net ze klappen.

MAMM

(nach ëmmer um Telefon) Jo, nach just eemol. Just dës Kéier. (hält den Hörer zou) Elo fänkt dat mer u granzeg ze ginn. Also fir Drillinge ruffen ech net méi un. (an den Telefon) Hallo? Jo, d’Meyesch Maria nees. Här Hammerville, ech interpelléieren Iech nach eemol kuerz wéinst deem Bal vu Wellesteen do an zwar fir am Fall, wou et Zwillinge géife ginn. --- Jo, zwee Stéck. --- Ah  ... jo ... jo ... dat Normaalst vun der Welt. Ech verstinn. Okay, salut dann. Eh, merci, Här Hammerville. (hänkt an)

JEANNY

An? Wat seet en? Zitt en elo Waasser?

MAMM

Kann ee wuelen zielen. (erfreet) Bei Zwillinge kréien se allebéid d’Universitéit bezuelt, allebéid eng Direkteschplaz an der Firma an ---

JEANNY

--- allebéid eng Bauplaz?

MAMM

Dee Mann huet net nëmme Verstees-de-mech, mä och nach en noble Savoir-Vivre, he?

JEANNY

Ech flippen aus.

MAMM

Gesäis de, Jeanny, meng Mod. All Nodeel huet säi Virdeel, well och wann een ze lues op d’Gare geet an dann en Zuch verpasst, da brauch een net méi esou laang op deen nächsten ze waarden.

JEANNY

(bedenklech) Ah, wa blouss eppes drun ass ...

MAMM

Mengs de, en hätt den Uz mat eis gemat?

JEANNY

Neen, mä dass ech ... dass ech ... dass ech wierklech e Kand kréien.

MAMM

Wéisou dann op eemol net méi? Hat der dann elo eng Pann an de Wéngerten oder hat der keng?

JEANNY

Jo schonn. An eng zerguttstert. Mä et wor jo erréischt virgëscht.

MAMM

Asou jo ... O, dat wir schued.

JEANNY

Eben.

(D’Mamm wielt nees um Telefon.)

Hee, Mammchen, a wat méchs de dann elo?

MAMM

(um Telefon, elo an engem aneren Toun) Hallo? Dumoulin hei aus dem Ministère. Kënnt ech villäicht mat dem Här --- Merci, Klengt. (zum Jeanny) Gesäis de, esou hëlt een déi Pëppercher, déi just dem Boss de Kaffi maachen, mä sech dann awer groussaarteg an d’Plomme werfen. (an den Telefon, nees normalen Toun) Hallo? Den Här Hammerville? Mä hei ass nach eemol d’Meyesch Maria vun heiheem. Sot, an deem Kontext vun de Wéngerte kuerz nogefrot: wann eist Jeanny sech dann elo per hasard gëiert huet, kënnte mer da villäicht äre werten Här Filston nach eemol beméien?

 

                                                 RIDO