THE SAME PROCEDURE AS EVERY YEAR

(e Monolog - 2005)

(D’Miss Sophie aus dem „Dinner for one“ sëtzt nom Iessen eleng

     un hirem Dësch, virun hir stinn nach d’Fläschen an déi fënnef Glieser.)

 

 

Säit 1963 feieren ech elo all Sylvester mäin 90. Gebuertsdag, säit 1963 sinn all Joer op Sylvester de Sir Toby, den Admiral von Schneider, de Mister Pommeroy an de Mister Winterbottom invitéiert, obschonn dass déi scho laang dout sinn - an duerfir muss mäi Butler James och all Joer fir si de Schampes an de Wäin drénken, esou dass en herno nëmme just méi lallt an esouguer d’Blummevas usetzt. Mä deen hunn ech elo alt schonn emol an d’Bett geluecht an den Tiger niewendrun, dass en driwwer fale kann, wann en hënt eng Kéier wéinst dem Drock op sengem Urologie opsteet. Soss feelt him jo eppes.  (gespillt)  “I think we'll have sherry with the soup. - Sherry with the soup, yes... Oh, by the way, the same procedure as last year, Miss Sophie?”

Schrecklech, esou geet dat elo scho säit 1963!

Do gëss de verréckt.

Mä dat wier eben Traditioun, soen se. An Traditioun ass eppes, wat schonn ëmmer esou war. Duerfir ass et jo Traditioun ginn. Mä d’Fro ass: Firwat ass dat esou? ’t freet ee sech jo och: Huet elo en Timber déi eng Säit méi Zacken ewéi op där anerer, well déi Säit méi laang ass - oder ass déi Säit méi laang, well se méi Zacken huet?

Mä neen, et duerf ee sech keng Froe stellen. Also, bei den Timbere schonn, mä net bei den Traditiounen. Do ass dat eben alles aus Prinzip esou.

Net nëmmen dass et traditiounsgeméiss um Wëltzer Festival mindestens eemol reent, an all nomëttes topeg Talk-Showen op dem Sat 1 oder RTL-Plus lafen – neen, d’Joer iwwerfält eis Joer fir Joer mat all sengen traditionnelle Feierdeeg: do brennt d’Buerg nach hallef op Buergsonndeg, da gi mer scho mat der Schlussprëssessioun, direkt no Mammendag kënnt de Klees-chen, ëm Chrëschtdag hu mer Fuesend an Éischt Kommioun mateneen, an den Ouschterhues bréngt anengems d’Krawatt fir Pappendag mat. An da wore mer emol nach net op der Päischtcroisière, dat Stéck Lëtzebuerger Identitéit, mat dem hallwe Grand-Duché an den „Zwou Bulle Mocca“ op de grousse Weltozeaner - an heiheem servéiert mäin James dem Sir Toby an dem Mister Pommeroy weider de Fësch. (nees gespillt) „Fish. Very good, Miss Sophie. Did you enjoyed the soup? - Oh, very delicious, James.“ an en trëllt alt nees iwwer den Tiger, well dat ass jo och Traditioun, grad ewéi dass déi Gréng 101 Kanouneschëss vun den Dräi Eechelen ofschéissen, esoubal aus engem Raup e Päiperlek gëtt, an dass d’Pensionäre just musse samschdes an de Cactus akafe goen an dann iwwerall mat hirem Caddy hënneren. 

Jee, Traditiounen sinn eben haut nach Traditiounen, well an där ganzer Zäit nach kengem eppes Besseres agefall ass. Mä sot, firwat geschitt dann net emol iergendeppes ausser der Rei, iergendeppes ganz aneschter ewéi ëmmer dat selwecht? Zum Beispill fir op d’Côte an d’Vakanz eemol kee Stau … oder esoueppes wéi deemols déi Vullegripp an dass d’Thüringer net méi duerfen Thüringer heeschen ... oder nach besser: du kënns zu Sandweiler direkt mam Auto bäi, ouni mussen de Repas-sur-roues fir mëttes ze bestellen. Mä neen, Traditioune sinn nach ëmmer Traditiounen, esou wéi a wat mer sinn, dass mer et onbedéngt wëlle bleiwen, de Premier geet nach ëmmer mat der Press e Fësch op den Oktavmäertchen iessen, Pällemsonndeg gëtt de Pällem geseent, an d’Hënn maachen nach ëmmer hir Kéipercher an d’Foussgängerzonen oder op d’Spillplazen. A mat all deenen Traditioune feieren ech och nach ëmmer op Sylvester mäin 90. Gebuertsdag, an all Joer, wa mer d’Trap aus ginn, seet de James zu mir: „Well, Miss Sophie, I’ll do my very best.“ Stell ee sech dat vir: hie wëll „do säi very best“! Dobei kritt en d’Zong no esou an esou vill Barrel Wäin schonn net méi ronderëmmer. An dat säit 1963 ... 

(energesch) Ah neen, Kolleg, do maachen ech dann och „The same procedure as every year“:  (schëtt sech eraus)  ech leeën de Butler an d’Bett, kommen nees erof a knätzele mer eng, dass ech net méi weess, ob ech mäin 90. Gebuertsdag feieren oder mäin 150. (drénkt)