ENTSCHËLLEGT, ECH KOMME VUN DER ILRES ...

(2004)

(Sketch fir e puer Persounen)

 

 

 

(D’Acteuren gi mat engem Bloc duerch d’Leit, froen hei an do an notéieren.)

 

____

Entschëllegt, mir wëllen iech net stéieren ... Mä hutt Dir villäicht e puer Minutten Zäit?

____

Entschëllegt, well mir si vun der ILRES a mir maachen eng kleng Ëmfro zwëschenduerch.

(Si froen d’Leit.)

Eh ... tankt Dir Esso, Aral oder Shell, Monsieur?

____

Sidd Dir op de Feierkrop abonnéiert?

____

An Dir Madame, hudd Dir minimum dräimol d’Woch de Sout?

____

Sot, fannt Dir ëmmer eng Parkplaz, wann Der eng sicht?

____

An hudd Dir schonn eemol un enger Dier gezunn, och wa „Poussez“ drop stong?

____

Dir Dammen an dir Hären, mir vun ILRES sinn houfreg, iech eis Statistiken an Etuden iwwert de Mënsch an iwwert eis Gesellschaft ze presentéieren.

____

An déi si genial. Kuckt, no laangem prozentualem Rechnen hu mir erausfonnt, dass d’Chance prozentual méi grouss ass nuets am Bett ze schnaarchen, wann een am Foussball zu de Preisen hält ---

____

--- duergéint ower méi kleng, wann ee scho méi wéi eemol mat op der Päischtcroisière wor.

____

A gleeft eis et. Dat stëmmt garantéiert. Mir bauen op joerelaangen Erfahrungs-werter op. Esou hunn zum Beispill d’IKEA-Clienten déi längste Liewes-erwaardung – si wëllen nämlech nach materliewen, wéi hiert Regal ausgesäit, wann et bis opgeriicht ass.

____

Mä komme mer léiwer zu enger méi praktescher Applicatioun. Vun dëse ronn 150 Leitt den Owend heibanne ginn der 18 freides ni ënnert enger Leeder erduerch ---

____

--- 6 sinn allergesch op Kazenhoer ---

____

--- 89 kucke mëttes déi topeg Talk-Showen um däitsche Fernseh. Dat ass ëmmerhin méi ewéi dee hallwe Sall. Schrecklech!

____

--- an 142 stelle sech all Joer d’Fro, wéi et am Dinner for one mat dem James an der Miss Sophie uewenop weidergeet.

____

Interessant, oder net? – Neen, ech mengen elo net dat uewenop, mä eis Wëssenschaft vun der Statistik.

____

An eis Etude vun der ILRES léien net. Déi klappen. Huelt nëmme viru Joeren d’Ëmfroe fir den Cita op den Autobunnen. Déi meescht hunn de Kapp driwwer gerëselt.

____

An effektiv ... „Attention brouillard“! Also, entweder et ass Niwwel an da kanns de d’Schëld net liesen, oder du kanns et liesen an dann déngt et dech näischt.

____

Voilà. Mir hunn ëmmer Recht. (zu enger Fra) Kuckt, Madame, Dir schloft jo riets am Bett, also iesst Dir och gäre Spagetti Bolognese, well 89 % vun deenen, déi lénks leien hu sech nach ni mat roude Flecke gespritzt. Also!

____

Ganz sécher. A kuckt, de Monsieur hannendrun dréit Hugo Boss an ass duerfir och ee vun deenen 77 heibannen, deenen den Hutt héich geet, wa se d’Heidi Klumm gesinn.

____

(zur Säit) Ower nëmme just, wa se den Hutt um Schouss leien hunn ...

____

Grad esou sécher, wéi déi dräi Damme hei op der Säit mat gréisster Wahr-scheinlechkeet ni eppes fir sech behale kënnen.

____

Dach, well wann ee seet: Et bleift jo ënnert eis! dann ass et bei 9 vun 10 Frae schonn Esseg. Mä éierlech gesot, firwat wéisst een dann och eppes, wann een et net weider erzielen duerf, gediert? Da mécht et dach guer kee Spaass méi.

____

Voilà, an dat erkläert dann och, firwat 9 vun 10 Fraen deen typesch weibleche Gen hunn, nämlech, fir ëmmer zu zwee op d’Toilette ze goen.

____

Do gesidd Der, eis vun der ILRES mécht keen eppes vir.

____

Mir hu mat eisen Héichrechnungen a Statistiken eis Gesellschaft am Grëff. An dorunner hutt Dir Iech eben ze halen.

____

(weist op e Mann) Zum Beispill den Här hei huet 42 am Schong an en huet d’CSV gewielt. Dach, dach. Sot elo net neen. Well laut eisen Ëmfroen huet all drëtten 42 am Schong a wielt schwaarz. An Dir sëtzt hei als drëtten an der Rei. Also!

____

Tjo, sorry! Tatsaache sinn nun eben Tatsaachen.

____

A wann net, da sëtzt Der ebe falsch.

____

Séiz Der niewendrun, esou als zweeten, da wier et gutt. Da kënnte mer mat eis schwätze loossen - och wann all zweeten nom Orgasmus direkt entschléift. Zimlech peinlech, gediert! Also hätt Der eventuell scho besser dräi Sëtzer op déi aner Säit réckelen.

____

Mä passt op, da sidd Der dee fënneften an der Rei, an all fënnefte weist am Auto deenen aneren de Fanger a mécht d’Tube vun der Zahnpasta net zou.

____

An 10% vun deene mat der Zahnpasta kontrolléieren all owes dräimol, ob de Wecker och wierklech gestallt ass ---

____

--- hunn Nieresteng ---

____

--- an e Gaardenzwerg virun dem Haus.

____

A wann dat och nach net stëmmt, tjo, da maacht eis net derfir responsabel. Mir kënne jo nu wierklech net derfir.

____

Da géif ech mer an Ärer Plaz schonn emol Gedanken iwwert mech selwer maachen a mech dann ophänke goen.

____

Well mat deem Geschéck géif déi Statistik alt och nees stëmmen ...