KONSCHT A KULTUR

(2007)

 

Persounen :          den TV-Speaker/ d’TV-Speakerin

                                                             d’Wirsch

                                                             d’Bäbbi, zwou flappeg Bauerefraën

 

SPEAKER/IN

(an de Sall) E ganz schéinen, gudden Owend, léif Spectateuren. Haut entféiere mer iech an eist kulturellt Liewen - Kultur zu Lëtzebuerg , an dat mat zwee Invitéën am Studio, déi fir de Moment ower nach am Maquillage sëtzen, well mer se net esou konnten virun der Kamera weisen.

(D’Wirsch an d’Bäbbi kommen erageschlappt.)

Ah voilà, hei sinn se jo schonn.

WIRSCH

Dajee, Bäbbi, da komm dach! O neen, wat féiers du ëmmer eng op.

BÄBBI

Mä helleg Schwéngsträip! Kann ech dann derfir, dass se eis nach virdru geschminkt a gepuddert hunn, ewéi wa mer um Heischter Maart géife mat de Ranner präméiert ginn?!

WIRSCH

Also mech hu se blouss lackéiert - mä du, du goufs direkt ganz ausgespachtelt.

SPEAKER/IN

(an de Sall) Dir gesitt also, dir Dammen an Hären, eis zwee Gäscht vun haut komme vum ländleche Land, do wou d’Loft nach rau a kärgesond ass.

BÄBBI

C’est ça. Esou kärgesond, dass mer deen Eelsten aus dem Duerf hu mussen erschéissen, fir iwwerhaapt kënnen eisen neie Kierfecht anzeweien.

WIRSCH

Allez hopp, nun toz net laang, huel d’Alphabet, sich der véier Buschtawen eraus a setz dech drop!

SPEAKER/IN

Bon, dir honorabel Herrschaften, fir d’éischt wollt ech emol froen, wéi dir iech da bei all eiser kultureller Kultur no deene sëlleche Kulturjoeren zu Lëtzebuerg kulturell esou spiert a fillt.

WIRSCH

Pff! Wat soll een dann do vill spieren a fillen?

BÄBBI

Also op dichteg Ausstellunge vum Rembrandt a Picasso da Vinci brauche mer net ze goen, well eist Wirsch, dat moolt selwer, gelu.

 

   
   

SPEAKER/IN

Jo ... mä et gi jo ower och nach aner Kultur-Richtungen, wéi Archi-tekturales, Konferenzen oder Visiten am Musée ---

WIRSCH

Ah jo, an de Misi wore mer och där Deeg, gelu, Bäbbi. Mä do ass alles esou al.

BÄBBI

A pingelech a klenglech sinn se op deem Floumaart! - „Neen, neen, Madame, gouf ech ugebaupst, dohinner duerft Der Iech net setzen. Dat ass de Stull vum Wëllem I.“ - „Ho, kréi elo keng Kollicken! sot ech dunn, wann e kënnt, da stinn ech nees op.“

SPEAKER/IN

Mä à part ça konnt Der jo ower och Konscht bewonneren, gediert, schéi Skulpturen, flott Statuë vun ale Götter ---

WIRSCH

Ou jo ... déi vum Torero!

BÄBBI

Nee, Wirsch, gewëss Torero, et wor den ... den ... den Eros.

WIRSCH

Mä egal wéi - déi Statu hätt Der misse gesinn, wéi dee Kärel do stong: buerféiss bis un d’Oueren a stramm duerchwuess vum Kapp bis op d’Strämpelen.

BÄBBI

(zéckt) Mä ... mä wat hat en ower ënnenerëm e klengen ... e klengen ... (weist mat de Fangeren e puer Zentimeter) ... e klenge Pumuckl, gelu, Wirsch.

WIRSCH

O mei jo! Esou kleng ... (reift sech d'Fangeren) iiiiii, an esou kal ...

SPEAKER/IN

(genéiert) Et voilà, gesidd der, léif Spectateuren, dat ass d’Kultur an all hiren Dimensiounen. - An dir Dammen, wéi steet et da mat der Musek?

BÄBBI

Mat der Musek? Ma jo gutt steet et do, schliisslech si mer jo am Cäcilieveräi bei eis doheem. An do hat ech och schonn heiansdo e Solo gesongen, well ech net gemierkt hat, dass déi aner schonn opgehalen haten.

WIRSCH

Grad ewéi déi, wou mer deemools d’“Figaros Hochzeit“ kucke woren.

SPEAKER/IN

Ah, e Wonner, déi Oper vum Genie Wolfgang Amadeus Mozart!

WIRSCH

Genau. Vum Mozart. Dee mat de Kugele vu „Mon Chéri“.

BÄBBI

Jo, op dem Figaro seng Houchzäit wore mer. Ech sot zwar: Gees de bei d’Kéi! Komm, mer schécken einfach Blummen, dat geet duer - mä neen, eist Wirsch wollt onbedéngt dohi maulafe goen.

SPEAKER/IN

An du hutt der tëscht där ganzer Prominenz esouguer den eenzelne Ministeren d’Hand gedréckt?!

WIRSCH

(zum Bäbbi) Ha, héiers de, elo bretzen déi sech schonn dermat.

BÄBBI

Mä jee, op eemol gëtt et däischter am Sall ... Hackerstiwwel! sot ech zu eisem Wirsch, elo gëtt et och nach däischter heibannen. Ech hu mer déi aus dem Gouvernement ugekuckt an emol meng Posch méi fest ugehalen.

WIRSCH

An du fänken se virun eis och schonn zu hirer fofzeg un op de Schtrummenter erëmzespillen an ze blosen. Mä en Duercherneen, soen ech der. Also, wann eis Musek doheem d’„Waldeslust“ spillt, dann héiert een: Aha, dat doen ass d’„Waldeslust“!, mä hei, en ale Mummendreck, dat wor ëmmer nëmme Mozart. An dann och nach op italienesch, mengen ech.

BÄBBI

An hei, op eemol koum esou eng jonk Schnuddlesch erageréngelt.

WIRSCH

En zackerjëssent flott Framënsch.

BÄBBI

E flott, sees de? Nu plënner ower!

WIRSCH

Mä dach, Bäbbi! Wann dat bei den Dokter geet, da muss et sech bestëmmt ganz ausdoen - mä du, du brauchs nëmmen d’Zong ze weisen.

SPEAKER/IN

Sécher d’Susanna, dem Grof Almaviva säi Kummermeedchen um Schlass, mat senge groussen Ariën.

BÄBBI

Wat weess ech! Esou genee hunn ech net gekuckt. Et huet just eng Kéier säi Korseli voller Loft gepompelt an du Kreesch gedoen, grad ewéi wann d’Minna, eist Päerd, et getrëppelt hätt.

SPEAKER/IN

Ah jo, all grouss Sopran-Stëmme vun der Welt hu schonn eemol ---

WIRSCH

(fiert einfach weider) Ech duecht alt bei mir: Wat bläert dat esou? An deen, deen ënne bei de Schtrummenter stong, wosst sécher och net firwat, well en huet ewéi wëll mam Béngel ronderëmmer gefuchtelt, a wat hie méi mam Béngel ronderëmmer gefuchtelt huet, wat hatt méi gejaut huet.

(De Speaker wëllt alt emol eppes soen, mä d’Bäbbi an d’Wirsch loossen en an hirem Äifer net zu Wuert kommen.)

BÄBBI

Bis dunn dee jonke Knëff koum. E puer Geien hunn nach just eleng gejiipst, mä hie kroopt sech déi bläreg Louder, dréckt säi Mond mat den zwou Lëpsen flatsch matten op säin a versicht him wéi laang de Knätsch aus dem Mond ze klauen.

WIRSCH

An eréischt wéi déi aner Geien an och d’Trommelen an d’Trompetten sech mat Hänn a Féiss mat drageluecht hunn, du huet dee Sturra et lassgelooss, an dee ganze Sall huet vu Freed an d’Hänn geklappt, dass déi zwee do net uneneen erstéckt sinn.

BÄBBI

Mä egal wéi, ob en elo de Knätsch ze pake krut oder net - mir huet et net leed gedoen, dass mer op déi Houchzäit woren. Nëmme schued, dass eise leschten Zuch scho kuerz virun 10 gefuer ass, soss wiere mer och nach fir d’Iesse bliwwen.