SCHÉI CHRËSCHTDEEG

(2005)

Persounen:                  de Jousef

d’Maria

e Psychiater

 

 

 

(De Jousef an d’Maria sëtzen an ale Mäntel an an alen Decken agewéckelt beim Psychiater.)

JOUSEF

Ech weess, Här Psychiater, Dir hutt mat allerhand Leit ze doen: däer, déi erotesch vun hirem Mantelbriet ugezu ginn, anerer, déi net nëmme mat sech selwer schwätzen, mä sech duerfir och nach selwer uruffen ---

MARIA

Ower bei eis ass et nach vill méi uerg a vill méi schrecklech.

JOUSEF

A frot nëmmen net no Numm an Adress. Mir wëlle léiwer anonym bleiwen. Soss gi mer op eemol nach gestengecht, mat all deem, wat mir op der Welt ugeriicht hunn.

MARIA

Ech soe jo, Här Psychiater, ’t ass einfach katastrophal!

PSYCHIATER

Bon ... Also, dann erzielt mer emol är Geschicht vun Ufank un.

MARIA

Mä fir dem réimesche Keeser Augustus seng Volkszählung si mir vun Nazareth aus Galiläa op Bethlehem gaangen.

JOUSEF

’t wor kal an däischter dobaussen, all Luxus-Hotel war au complet, mir si vun Dier zu Dier klappe gaangen, mä kee Mënsch huet eis eragelooss.

PSYCHIATER

Ah, jo jo, elo weess ech. Du hutt der baussent dem Duerf e Stall fonnt mat enger Krëpp voller Hee a Stréi, an nieft engem Ochs an Iesel --- (versteet op eemol, ganz grouss:) Waat? An dir zwee, dir sidd elo hei bei mir?

MARIA

Jo. Dir musst eis hëllefen, well, wéi dunn och nach d’Hierten opgekräizt sinn an de 6. Januar déi Helleg Dräi Kinneken, du wor de Chaos perfekt.

JOUSEF

Meng Fra huet e Kand kritt, an dobei hate mer emol nach net ... jee, verstitt Der?

PSYCHIATER

Jo, jo.

JOUSEF

Komesch ... ech hunn dat bis haut nach net verstan.

MARIA

Et wor just den Erzengel Gabriel, dee mer et gesot huet, dass ech ... dass ech an néng Méint  – jee, souzesoen als éischte Gynekolog mat engem Schwangerschaftstest.

JOUSEF

Neen, eng al Bauereregel seet et jo schonns: Niwwel am November, Chrëschtdag am Dezember - a mir zwee, mir sinn alles an der Schold.

MARIA

Kee Wonner, Här Psychiater, dass mer ënner Schizophrenie a Psychosë mat Halluzinatioune leiden.

PSYCHIATER

Also, do misst der iech elo ower e wéineg méi explizit explizéieren.

JOUSEF

Mä kuckt, ufanks wor et just eng Metten um 12 Auer nuets an der Kierch an duerno eng Koppel Träipen ---

MARIA

--- an daags virdrun hu wéi vill Pappe sech de Fouss verstaucht, wann se um Späicher op wackleg Holzkëschte geklomme sinn, fir iergendzwousch uewen de Stänner vum Chrëschtbeemchen erofzehuelen.

JOUSEF

Alles jo an der Rei. Mä haut?! Ho, ’t däerf ee guer net drun ze denken. Dräimol pro Woch ginn et verkaafsoppe Sonndeger ---

MARIA

--- den TÉLÉCRAN bréngt säiteweis Reportagen iwwert déi gäilste Krëppercher mat der Ënnerstëtzung vum „Fonds de Logement“ ---

JOUSEF

--- an der REVUE kacht Jänni a Männi säi Chrëschtmenu. Dëst Joer: „Kalorien a Cholesterol bis siwen Deeg no Neijooschdag“, gesponsert vun Underberg, Renni a vun der Amicale des Médecins Généralistes …

MARIA

--- an all Fëscherveräin an all „Fraen a Mammen“ hunn en Adventsconcert oder e Chrëschtmaart mat Chrëschtdaags-Stollen,

JOUSEF

Chrëschtdaags-Käerzen,

MARIA

Chrëschtdaags-Glühwäin,

JOUSEF

Chrëschtdaags-Keramik-Vasen,

MARIA

Chrëschtdaags-Kermamik-Nuetsdëschluuchten

JOUSEF

Chrëschtdaags-Broderien,

MARIA

Chrëschtdaags-Thüringer,

JOUSEF

Chrëschtdaags-Fritten,

MARIA

Chrëschtdaags-Hamburger -

JOUSEF

An dobei hate mer emol nach net, Här Psychiater ...

MARIA

(schluchzt) Neen, wat hu mir do nëmmen alles un d’Rulle bruecht?

PSYCHIATER

O, dat duerft der ower net esou perséinlech an esou tragesch ze huelen.

JOUSEF

Wat? Net esou tragesch, sot Dir? Mä schéckt Dir dann net kéipweis Chrëschtdaagskaarten u Leit, déi Der net leide kënnt oder déi der virun zwanzeg Joer eemol op der Costa Blanca kennegeléiert hutt?

MARIA

An dann d’Chrëschtdagscadeauen! Hutt Dir dann nach ni Ärer Fra e Chrëschtdagscadeau gemat, Här Psychiater.

PSYCHIATER

Eh ... also ... éierlech gesot ...

MARIA

Gesitt Der. An dat Schéinst un esou engem Cadeau ass net de Stress oder de Cadeauspabeier mat Stären a mat Schnéimännercher drop, neen, mä de Bong, fir en ëmtauschen ze goen, well e Chrëschtdagscadeau ass jo aus Prinzip eppes, wat ni gefält oder komplett iwwerflësseg ass.

JOUSEF

An do solle mir da keng neurologesch mat der Pan kréien?

MARIA

(riet sech an den Äifer) Hei, just fir ze soen, Här Psychiater: schonn no der grousser Vakanz huet de CORA Bûche a Liefkuch an der Reklamm ---

JOUSEF

(idem) --- an dem CACTUS leeft vu mueres bis owes „An der grousser, hellger Nuecht“ ---

MARIA

--- den ALDI setzt Krëpperchesfiguren an d’Geméis an den DELHAIZE Engelcher bei déi gefruere Pizzaen ---

JOUSEF

--- an am LIDL wënschen se der vun no Allerhellgen u „Schéi Chrëschtdeeg“.

PSYCHIATER

(laacht fir sech)  Ha, echt, déi doen zwee!

MARIA

(rosen) Ah sou, fannt Der? Mä dann hänken ower och nach bei all Haus 96 elektresch Fënster-Dekoratiounen an 147 vum Virgäertche bis hannenaus an d’Äppelbeem ---

JOUSEF

(idem) --- an an der Stad liichte vum Lampertsbierg bis erof op d’Gare Kilometere Guirlandë mat honnertdausende Biren, dass scho bal eemol d’Cargolux an der Neier Avenue gelant wor.

MARIA

An da sot Dir: Echt, déi doen zwee! Mä passt op, wann Der elo och nach Lametta an Engelshoer eraushuelt, fir heibannen ze rëschten --- 

JOUSEF

--- oder den Neegerche vun der Krëppchen fir Äert Drénkgeld heihinner stellt ---

 

(De Jousef an d’Maria huelen allen zwee eng Pistoul an hale sech déi widdert de Kapp.)

JOUSEF

--- dann erschéisse mer eis allen zwee, éier Der Iech och nach als komesche roude Weihnachtsmann verkleet, fir dobaussen laanscht d’Fassad de Kulang eropzeklammen.