HELPDESK 24/24

(2009)

Persounen:            d’Fra an der Robe-de-Chambre

      hiren Abbes

      de Mann um Telefon

 

 

(An der Nuecht. En Telefon schellt wéi laang. Op emol kënnt d’Fra verschlofen an der Robe-de-Chambre.)

FRA

(fir sech) Hallwer dräi … matten an der Nuecht. So, deen huet eng mat der Ratsch. (hieft op)  Ja?

MANN

(säitlech, aus engem fiktive Büro) Entschëllegt, schwätzen ech do mat der Madame Ackermann?

FRA

Jo. An déi Madame Ackermann, déi ass de Moment zimlech queesch.

MANN

Mä et ass dat hei, ech ruffen Iech un ---

FRA

Jo, Dir rufft mir un. Dat hunn ech héieren. Nu sot nach just vun der ILRES. Da rabbelt et ower.

MANN

Neen, neen, mä ---

FRA

Oder sidd Der éieren nees deen, dee mer all zweet Woch roude Wäin verkafe wëll?

MANN

Entschëllegt, Madame Ackermann, ech ---

FRA

Also lauschtert emol: ech hunn dee Stalking an deen Telefonsterror esou gemittlech sat. Virgëschter huet ee beim Mëttegiessen vun der Süddeutschen-Klassenloterie telefonéiert, gëschter ee bei der RTL-II-Talk-Show, fir eis Fassad nei ze maachen, well en Eemer Fuerf ze vill hätt, sot en ---

MANN

Neen, neen. Keng Angscht, ech verkafen näischt. Ech si just nëmme vun dem „HELPDESK-24-op-24-a-7-Deeg-an-der-Woch“.

FRA

Vu weem?

MANN

Vun „HELPDESK-24-op-24-a-7-Deeg-an-der-Woch“. Psychologesch Hëllef iwwer Telefon.

 

(Elo kënnt de Fra hire Mann, den Abbes, an engem almoudesche Pyjama, verschlof a ganz duercherneen. E wëllt eppes soen.)

FRA

(hält den Hörer zou, zum Abbes)  Reeg dech net op, Abbes. 't ass just nëmmen een, dee sech verdréint huet.

MANN

An Dir, Dir hutt dach ganz bestëmmt e Problem.

FRA

(nees an den Telefon)  Pardon? Ech mengen, Dir hutt e Problem. Hutt Der schonn eemol op d’Auer gekuckt?

MANN

Madame, dora läit jo eben déi grouss Perversitéit: Problemer am Liewe kenne keng Auerzäit. Mir wëssen dat aus Erfahrung, well mir hunn eng grouss Clientèle.

FRA

Mä … mä wéi kommt Dir dann iwwerhaapt u meng Nummer?

MANN

Kuckt emol am Telefonsbuch. Dat steet voll dervun.

FRA

Komesch. An dann ënnert deene ville grad u mech?

MANN

Ma sidd dach frou. Esou vill Chance huet net all Mënsch op dëser Welt. Kuckt, ech maachen d’Aen zou an tippen da blannemännerches mat dem Fanger iergendwouhin. An du wor ech bei Iech.

FRA

Bei Ackermann. (zum Abbes) Gesäis de, alles deng Schold. Direkt vir am Alphabet. Ah, ech hätt deemools ower sollen den Thill’s Pol huelen, dann hätt ech elo meng Rou!

(Den Abbes dréint nach e puermol rondrëmmer a verschwënnt dann nees.)

MANN

Mä komme mer zréck zur Saach: Problemer hunn,  dat ass dach haut e Status-Symbol. Dir sot et jo: Liest nëmmen an der WOCHE DER FRAU oder an der FREIZEIT-REVUE vun der Kinnigin Letizia aus Spuenien hiren Depressiounen oder dem Julia Roberts senger Spannephobie.

FRA

Wat läit mir um Julia Roberts oder un der Kinnigin Letizia!

MANN

Mir och näischt. Mä mir läit eppes un Iech an un Äre Problemer.

FRA

(fir sech) Dee Päifekapp gëtt sech net mat senge Problemer …

MANN

Madame, och eis Quotë musse stëmmen. D’Konkurrenz ass nämlech grouss, well d‘Psychopharmaka an d’Paschtéier, déi schaffen do mat Dumpingpräisser a maachen eis de Marché futti.

FRA

(ass ëmmer méi generft, fir sech) Ech hänken deem elo gläich an.

MANN

En plus ginn haut d’Servicer net méi ugebueden ewéi anno Tubak, mä eben iwwer Direkt-Marketing iwwer Telefon, Online-Berodung a Mailing-Aktiounen iwwert Internet ---

FRA

Mann, et ass hallwer dräi.

MANN

Sécher. An et ass drop an drun, dass et och nach méi spéit gëtt. Mä iwwerleet emol: Kënnt Der wéinst der Fussball-Champions-League net Äre Rosamunde-Pilcher-Film kucken? Verstitt Der dem Albert Einstein seng Relativitéitstheorie net? Muss Der Äre Mann beim „Bram“ ëmmer ausruffe loossen, well Der en am Rayon vun der Reizwäsch verluer hutt?

FRA

Also nun héiert emol: Dir braddelt mir hei vum Einstein a vu Reizwäsch, an ech, ech kann net schlofen.

MANN

Wéi? Dir kënnt net schlofen?

FRA

Ma wouhier dann?!

MANN

(erfreet) Gesitt Der: dann hudd Der also ower een.

FRA

Wat ?

MANN

Ma e Problem. Ah, den „HELPDESK-24-op-24-a-7-Deeg-an-der-Woch“ kënnt hannert alles. Tja, vill Leit schumme sech eben, fir iwwert hir intimst Intimitéiten ze schwätzen. Mä duerfir si mir jo do. Mir si fir Är Séil eppes ewéi eng Asbest-Sanéierung vun ale Gebaier.

FRA

Al Gebaier – villmools merci. Mä nondidjës, da lauschtert mir emol no: (haart an däitlech) Ech kann net schlofen!!!!

(Währenddeem ass de Abbes nees erageschlappt komm.)

MANN

Ah … ganz gutt! Dat ass fir haut schonn emol den éischte Schrëtt vun der Thérapie: de Problem selwer erkennen an e kloer definéieren an artikuléiere kënnen. An déi nächste Kéier, wa mer matenee schwätzen, komme mer dann zu dem zweete Schrëtt.

FRA

Wat? Déi nächste Kéier? Dir hutt also wëlles, fir elo all gudden Dag hei ---

(Den Abbes wëllt erëm eppes soen.)

(zum Abbes) An du, quatsch du net schonn nees dertëscht!

MANN

Madame, Dir stitt bei eis am Computer, a mir fillen a leide ganz no Ärem Wonsch mat Iech.

FRA

(méi fir sech) O neen! Bal hues de ee vum roude Wäin um Telefon, dann ee fir eng nei Fassad - an a wat sinn ech elo hei erageroden! (zum Abbes) An alles nëmmen, well s du en Ackermann bass.

MANN

Egal wéi, Madame: Dir hudd Problemer, an mir hunn Iech an eiser Kartei. Domat ass mir gehollef, ech kommen op meng Quoten – Iech ass gehollef, Dir kënnt gläich erëm schlofen ---

FRA

(ganz duercherneen zum Abbes)  Him ass gehollef … mir ass gehollef … jo … also, elo wou en et esou seet, Abbes, dann ass eis jo am Fong geholl alleguerte gehollef …

MANN

Gesitt Der, an da wor et jo ower gutt, dass Der bei eis ugeruff hat …