RUFF EINFACH UN !

(2014)

Persounen:         A – B

 

 

(B ass am Smoking oder am laangen Oweskleed, chic erausgemat, mat engem méi alen Telefon, Hörer, Kabel etc. an engem Telefonsbuch.)

 

 A

 

Hee, a wat méchs du dann?

B

Ma gesäis de dat dann net? Ech ginn op e Konzert.

A

Op e Konzert? Mat dem Telefonsbuch a mam Telefon? Komesch.

B

Wéisou: komesch? Et hëlt ee jo och e Spuet mat an de Gaart oder e Rousekranz mat an d’Kierch.

A

Jo schonn. Ower en Telefon fir op e Konzert ...

B

Tja, du muss ebe wëssen, wou haut Kultur leeft.

A

Dat doe muss fir d'éischt ee mir erklären.

B

Ma Conservatoire, Wëlzer Festival, Philharmonie oder einfach e gemittlechen Owend bei der Bartrenger Musek, dat ass haut net méi in. Dat kanns de vergiessen. Haut si mer am Zäitalter vun der Kommunikatioun. Haut telefonéiert een.

A

Fir op e Konzert?

B

Jo. Bei de Foyer, bei de Fischer-Bäcker, bei de Sales-Lentz.

A

(grouss) Pardon?

B

Mäi Gott ... oder bei den Demy-Cars, wann deen der besser gefält. Am léifsten ruffen ech ower den 247-1 un. D’Nummer vun der Regierung. Da froen ech no iergendengem op iergendengem Ministère. Deen ass jo da meeschtens net do, déi hunn dat jo sou u sech. Ma ja. An da leeft Musek. Tschaikowsky, Beethoven oder Glenn Miller an ech ka lauschteren, esou laang, wéi ech wëll. Verstees de lo?

A

Jo jo, ech probéieren. So, a wann deen dann ower ophieft?

B

Ween? Den Tschaikowsky oder de Glenn Miller?

A

Neen. Deen do op deem Ministère.

B

Pff, da froen ech en iergendeppes, wat e souwéisou net weess an dee verbënnt mech nees iergentzwousch weider. An do leeft dann dem Mozart seng „Kleine Nachtmusik“. Oder d’Phantom der Oper. Oder eppes vun Abba.

A

Interessant!

B

Ass et mer ower méi no gregorianeschem Gesank, da ruffen ech op Klierf bei d’Pateren un. Eng gutt Nummer. Verhal der déi. Oder nach besser op Orval. Déi duerfe jo net ze schwätzen. Also kënnt och keen op den Telefon dech stéieren, an du kanns lauschteren.

A

Du muss ebe wëssen, wou deng Preferenze leien.

B

Genau. Du muss wëssen, wouhinner dass de uriffs. Fir Fuesmusek mat dem Fausti dréins de net onbedéngt d’Nummer vum Krematorium zu Hamm.

A

An d’Post ass an deem Punkt jo kooperativ. Si offeréiert der e grousse Choix am Telefonsbuch. Säiteweis an nach méi.

B

O mei jo, fir all Goût hu se eppes. (hëlt nach en Handy eraus)  A kuck, mat engem Handy derbei ass et nach vill méi flott. Ech géif gäre soe multikulturell. Do hat ech schonn un deem engen Ouer d’Sekretariat vum Bëschof an un deem aneren de Rayon vun de Kanarievillercher beim Josy Welter.

A

Stell ee sech dat vir! Am Stéréo.

B

Riets den „Ave Maria“ vum Schubert a lénks Marianne und Michael mat dem „Vullendanz“.

A

Mä so, dee Spaass, dee kascht jo ower Telefonsverbindungen.

B

O weess de, e Billjee fir an de Konzert ass och net geschenkt. An hei brauchs de wéinegstens keng Garderobe fir däi Mantel ze bezuelen, du brauchs deng Knéien net zesummen ze quëtschen, wann een ze spéit kënnt, an du hues och keen hannerun der sëtzen, deen un engem Stéck Kamelle knat oder houscht.

A

Oder matsummt.

B

Oder matsummt. Genau.

A

Wéini hat ech an der „Fledermaus“ esou eng parfüméiert Tutsch nieft mer sëtzen. Weess de, esou eng, déi der schonn direkt sympathesch ass, wann s de se gesäis. An ech hat nach knapps geduecht: Hoffentlech summt déi elo net mat!, do wor se schonn am Gaang. An och nach falsch ...

B

Ma gesäis de. An ech, ech sëtzen hei mat mengem Telefon ganz eleng a menger Loge.

A

So, léiss de mech da villäicht och eemol probéieren?

B

Gären. (kuckt op engem Ziedel an dréint eng Nummer) Hei, ech wollt scho wéi laang eng Kéier beim Spidol op dem Kierchbierg probéieren. Déi hunn jo haut Urgencen-Déngscht, dann hu se bestëmmt e flotte Programm.

( gëtt dem A den Hörer, den A lauschtert ) An?

A

Ouauhh, esou schéi ka Kultur sinn!

B

Sot ech et net?!

A

(schwäermt) André Rieu. Mat My Fair Lady. (op eemol) Mä wat ... mä wat ass dann dat do? Schwätzt do einfach eng Nonnestëmm dertëscht.

B

Wéi?

A

"Toutes nos lignes sont occupées. Veuillez patienter un moment.“

B

Ower sécher ganz lues?

A

Gewëss! Gutt haart, flatsch mattendran. (an den Telefon) Hee, Dir do? Geet et mat Iech? (zum B) Déi gëtt sech net. (lauschtert nees, zum B) An dann och nach an alle Sproochen.

B

Zimlech affrontéiert.

A

Affrontéiert a rotzfrech. (an den Hörer) Mä sot, wësst Dir wat:  Urgence hin oder hier, beim nächste Konzert hiewen ech einfach net méi op. (hänkt rosen an)

B

Kulturbanausen, déi et sinn!

A

Eben. (hieft nach eng Kéier den Hörer op) Hutt Der käppéiert? -- (lauschtert, dann zum B) Ah, wéi et schéngt jo - well elo tut se nëmme just nach ...