SCHOUL 2000

(2000)

Persounen:          A - B - C - D

                      véier deierlech, aarmséileg Schoulmeeschteren

                      (Här Läähreren a Jofferen) op enger Bänk

 

(Den A ass am Gaang ewéi benzeg ze schreiwen, de B huet de Kapp déck verbonnen.)

A

(deierlech, flemmzeg) An da soen se nach ëmmer, Joffer oder Här Läährer, dat misst ee kënne sinn! Schliisslech gi mer gutt derfir bezuelt, mir hu méi Vakanz ewéi keng, a Kleeserchesdag kréie mer nach eng Tiitchen derbei. Mä wann s de mech frees: Ech wëllt, ech wär e bëllege Schaf aus dem Ikea …

B

… oder nach méi en hondsgewéinlecht Regal vum Roller -

C

(schnuddelt, huet de Schnapp)  - du géifs laut Plang zesummemontéiert …

D

… da sténgs de do …

A

… an du häss bis an all Éiwegkeet deng Rou.

C

Gëscht nach hu se mech vrun d’Dier gehäit. Eng hallef Stonn hunn ech mussen dobaussen am Duerchzuch bleiwen an duerno nach zwanzeg Minutten an den Eck.

B

Neen! E staarkt Stéck!

D

Wat hues de dann?

C

Ma en drëtt Schouljoer. Ech louch nämlech net mat hinnen a puncto Endunge vun de franséische Verben op enger Linn.

B

O jo, komm, mer maachen eis näischt vir. An deem Alter ass d’Struktur vun hirem psychosozialen Ego scho kloer definéiert.

A

A wat soll ech dann a mengem zweete Schouljoer soen?! Ech ka mer d’Fangere wond un enger Strof schreiwen, well ech mech dommerweis an der Paus ze vill agemëscht hat. Mobbing op der Aarbechtsplaz, soten se.

D

Och net schlecht. An, wat gouf et?

A

(weist) Honnertfofzegmol an allen Zäiten an an alle Persounen: „Ich habe gemobbt, du hast gemobbt, er hat gemobbt …“

C

(schnuddelt nees) Mäi Gott, dat ass nach ëmmerhi besser ewéi op dem äiskale Gank. Stell der nëmme vir, den Inspekter wier grad dee Moment komm. Oder nach vill schlëmmer: de Portier.

B

(weist op säi verbonnene Kapp) Hei, an da kuck mech emol! Dat ass d’Facture fir e Knäipziedel, deen ech bei engem vu menge Pisserten am fënnefte fonnt hunn.

C

Tjo ... wann s du ower och mat dem Sträit ufänks ...

B

Wat heescht hei: ufänken? Ech krut him en nach net richteg ofzehuelen, do hat ech och schonn eng an der Sabbel. Mä dee Kärel kann diichten, soen ech der. E Genoss! Ech hat bal gefrot, fir nach eng ze kréien.

A

Schumme solle mer eis am Fong geholl. Wat gëtt dat um Enn vum Trimester nees eng Zensur!

D

Neen, neen, léiwer aus dem Ikea oder aus dem Roller, well als Stuffendësch oder Kichestull méchs de wéinegstens näischt zum Onwee.

C

Fréier wor dat eppes aneschter. Krut een do eng gejauft, wann een dem Schoulmeeschter heemlech an den Eemer mam Schwamp gepisst hat, ma da gouf et doheem vum Papp nach eng an d’Laiskaul derbei.

B

(méi fir sech) An dobei wor de Schwamp dach souwéisou scho naass.

C

Ower haut, haut hunn d’Zäite geännert an d’Eltere wëssen, wat sech passt. Haut halen se wéinegstens hire Kanner zou, an all kleng perséinlech Initiativ gëtt encouragéiert, subventionnéiert an öffentlech honoréiert.

A

De Paschtouer am Kommiounsunterrecht aus der Soutane fuere gedoen, da kriss d’ en Handy geschenkt ---

D

--- a schonn an der Spillschoul der Joffer de Fanger gewisen (weist en), da kënnt dat op deng Home-Page um Internet.

B

Mä ëmmerhin, wa mer ganz éierlech sinn - wat wiere mir aner dann ouni d’Mammen?! Wéi kriite mir eis Schoul-Organisatioun dann all Joer esou ganz eleng organiséiert?

C

Dat stëmmt jo och nees. Fir d'éischt kënnt emol am September hiert Rubbelspill mat Jack-Pot bei wellech Joffer oder wellechen Här Läährer se hir Kanner schécke wëllen - déi iwwer 50 sinn an der Promotioun.

A

Duerno ajustéieren se eise Stonneplang: kee Franséisch direkt um 8 Auer, da sinn d’Kanner nach net zou sech - ower och net um 11 Auer, dann hu se schonn nees de géien Honger.

D

Keng Prüfung mëttwoches, well dënschdes wor Conservatoire a Basket, keng Prüfung freides, well donneschdes wor Schwammen a Karaté.

B

An och wann s de dann endlech emol bis un der Aarbecht bass, da sinn se eppes ewéi eis Air Rescue. All éischten an drëtte Mëttwoch am Mount kënnen mer bei se goen, wa mer wëlle wëssen, wéi richteg Schoul gehale gëtt.

C

Dat ass pädagogesch a methodologesch Formation continue.

A

Life long learning.

D

Bei hirer leschter Porte Ouverte hat ech nach eng Séance bei dem Jessica senger Mamm. Wéinst dem Rechnen. 7 x 6 = 44.

B

Sos du?

D

Neen. Hiert Jessica. An du hunn ech him zwee Punkten ofgerechent. Mä dunn ass de ganze Famillje-Conseil zesumme komm. Mat Bom a Bop, Monni an Tatta, Cousinen a Kleng-Cousinen, an dräi Deeg drop hat ech e Bréif vun hirem Affekot. Dat kënnt bis en halleft Joer ouni Sursis goen.

C

Schrecklech. Wann ee sech dat bedenkt!

A

Du sees et. Well am Fong geholl … 44 - mon Dieu, wéi pingeleg! - dat wor jo och nach net esou katastrophal dernieft.

D

Eben. Ech hunn dunn emol nogerechent: 7 x 6 -- wat hätt en do nach revolu-tionnär, kreativ Méiglechkeete gehat. An déi siechzeg, an déi siwwenzeg, an déi aachtzeg.

B

(schwäermt) Oder esouguer iwwer honnert ewech. - Mä wat wëlls de hunn, eisen Horizont ass eben ze enk, a mir huelen hinnen all Aussiichten, fir sech fräi ze entfalen.

C

A Recht hu se! Si setzen hir Kanner op d’Welt, mat Schong vun Armani fir an d’Crèche, enger Jackett vu Versace fir an d’Sandkëscht an enger Këscht vu Louis-Vitton fir d’Nutellas-Schmier an der Paus - an dann, da komme mir Anachronisten, mir culottéiert Gruftien, an hale mordicus op Disziplin an Uerdnung an traumatiséieren se fir hiert ganzt Liewen wéi an den Zäiten vun der Inquisitioun

A

(iwwert dem Schreiwen) „Wir sind gemobbt worden, ihr wart gemobbt worden, sie werden gemobbt worden sein …“

 

(Iwwerdeems Black oder Rido)