AN ALLES OUNI GEWERKSCHAFT 

(2001)

 

Persounen:              den Här Direkter

d’Françoise, seng Dactylo

den Neumann

den Hoffmann

 

Décor:                    an engem Bureau

 

 

DACTYLO

(huet d’Féiss um Büro, kuckt op d’Auer a rifft:) Här Direkter! - (Paus) - Här Direkter! ‘t gëtt esou gemittlech Zäit fir Är Table-Ronde mat dem OGB-L. Iwwert d’Renten hei bei eis am Privatsecteur.

DIREKTER

(kënnt vun der Säit) Neen, mat dem LCGB. - Oder waart, ass et villäicht net ower den OGB-L? Mä komm, 't ass och egal. 't ass souwéisou Speck a Schwénge-fleesch. So, à propos, Françoise: ass nach weider kee sech op eis nei Plaz présentéiere komm?

DACTYLO

(bréngt Mantel an Hutt) Neen, Här Direkter. Bis elo nach keen. Mä keng Angscht, et sinn der esou vill op der Sich, do wäerte mer bestëmmt eppes Valabeles kréien.

DIREKTER

(leet en Dossier eraus) En tout cas, esoubal ee sech weist, da kann e scho mol direkt dës TVAë verrechnen. Wa mer en dann ower net huelen, mäi Gott, dann ass déi Aarbecht alt wéinegstens gemat. (of)

DACTYLO

(tesselt zesummen) Ah jo, déi léif Gewerkschaften! An ob et och elo den OGB-L oder den LCGB ass oder soss iergendeng aner, et sinn der dach erlauter ewéi Wäschklameren: hal se déi eng Säit zou, da räissen se op där aner Säit de Mond nees op.

(Den Neumann kënnt eran.)

Ah … Dir kommt sécher wéinst der Plaz hei bei eis am Betrib?

NEUMANN

Jo. Ganz genau a genee. Wéinst der Plaz, an Neumann ass mäin Numm. Aloyse Neumann. (hëlt de „Luxbazar“ aus senger Mapp) Ech hat hei an der Press ---

DACTYLO

Ma da braucht Der Iech blouss e wéineg ze gedëllegen, den Här Direkter ass um Spronk erëm.

NEUMANN

(duercherneen) Ah, séier gentil, Jëfferchen. Ech gedëllegen Iech … eh, mech …

DACTYLO

(réckelt de Stull vum Bureau) Kommt, setzt Iech roueg heihin an da verrechent Der alt schon emol d'TVA vun dëse Facturë prozentual zum Bilan.

NEUMANN

(grouss)  Pardon? Knapps heibannen a dann direkt op dem Direkter säi Stull?

(… mä d’Dactylo geet  mat engem Dossier of)

Do, a schonn ass déi kleng d’Strutz par la pipe a fort .

(setzt sech) Mä nujee, dann attaquéiere mer alt. Wéinst dem gudden Androck. (rechent a schreift) 7 … 15 … 24 … schreibe 4, behalte 2 … 7 von 6 … das geht nicht. Ich gehe bei den Nachbar leihen. Aha! Ech woosst et jo. A scho kënnt déi éischt Fal: es ist keiner da.

 

(Iwwerdeems kënnt den Hoffmann eran, grad esou onsécher wéi den Neumann.)

NEUMANN

(spréngt erféiert op) O pardon, Monsieur. (stellt sech ongeschéckt vir) Neumann.

HOFFMANN

Pardon ech mech och. (idem) Hoffmann.

NEUMANN

(zéckt) Ech … ech hu grad … en attendant dass Der kéimt d’Facturë prozentual verprozentualiséiert. Es war aber keiner da.

HOFFMANN

(grouss) Mä erlaabt emol! Schliisslech sidd Dir dach hei den … den --- jee,      (hëlt och e „Luxbazar“ aus senger Mapp ) Wësst Der, ech wollt nämlech ---

NEUMANN

Dir huelt mer d’Wierder aus dem Mond. (weist säi „Luxbazar“) Ech, ech wollt ebe grad och. Mä dat hänkt natierlech vun Ärer Decisioun of.

HOFFMANN

Vu mir? D’Joffer dobaussen huet mech ower heihinner bei Iech geschéckt.

NEUMANN

Eben. An zu mir et sot se, ech soll hei waarden, bis Dir kéimt.

(Paus. Se bekucke wéi laang een deen aneren.)

HOFFMANN

Ma jo ... dee Moment ... dee Moment wiere mer jo dann allen zwee hei.

NEUMANN

Géif ech och soen. Wa mer eis net verrechent hunn ...

HOFFMANN

Bon. (hëlt Paperassen aus senger Mapp) Ech hunn och hei mäi komplette Curriculum Vitae matbruecht, vu Primärschoul, Lycée bis ----

NEUMANN

Mä erlaabt nach eemol, gitt Der elo ower net e wéineg ze wäit an Ärer Jovialitéit? (hëlt och Paperassen aus senger Mapp) Et ass dach vill méi u mir, fir Iech meng Diplomer a Referenzen ze présentéieren.

HOFFMANN

Här Neumann, ech bieden Iech. Ech zweifelen dach kee Moment un Äere Qualificatiounen. (virsiichteg) Ower wann Der scho sot, dat géif hei alles vun ... vu menger Décisioun ofhänken ... also ech, ech wëll.

NEUMANN

Ah … ech och, Här Hoffmann. Fir unzefänke mat engem Contrat déterminé op 6 Méint ... op 12 Méint ...

HOFFMANN

O wësst Der, 12 Méint, dat ass vun haut aus gekuckt eng hallef Éiwegkeet a scho méi wéi den Ufank vun indéterminé ...

NEUMANN

Je veux bien. Maache mer direkt e Contrat à durée indéterminée. Well éierlech gesot, firwat solle mer eis och no knapps engem Joer déi onnéideg Aarbecht maachen an nees ufänke mat schreiwen an ënnerschreiwen?

HOFFMANN

Eben.

(Si drécke sech iwwerglécklech d’Hand.)

NEUMANN

(fir sech) Neen, wierklech, e feine Chef!

HOFFMANN

Do, an dann iergeren d’Leitt sech, dass all Joer dausende nei Plazen am Land geschaf ginn, ower kee Lëtzebuerger se kritt - mä an Amen a Jo hues de dach eng.

NEUMANN

An du bass emol kee Frontalier. (hëlt sech séier zréck) Ouni elo wëllen e Rassist ze sinn.

HOFFMANN

Natierlech net. Sou hunn ech dat och net verstanen.

(Si grinsen héiflech, wëlle sech setzen, stinn ower nees séier op a setze sech da mateneen.)

NEUMANN

(virsiichteg) Bon. Dat Formellt wir also mol formuléiert.

HOFFMANN

(idem) Bléif elo nach just dat méi Praktescht. Esou dat vu mueres bis owes tëscht der Kaffispaus, de Betribsausflich an de Kuren zu Mondorf.

NEUMANN

Jo. Eben d’Schaffen.

HOFFMANN

Also, Här ... Här ...

NEUMANN

Neumann, Här Hoffmann. Neumann.

HOFFMANN

Genau. Also, Här Neumann, ech huele jo emol den Horaire Mobile als ganz normal un ....

NEUMANN

.... wou virun hallwer 10 nach keen do ass ...

HOFFMANN

.... an no véierel op 3 schonn erëm kee méi ...

NEUMANN

Wa mer e klenge Witz wëlle maachen – jo.

(Se laachen allen zwee gezwongen.)

HOFFMANN

En plus setzen ech ausser kengen Iwwerstonnen a kengem Kontrolldokter bei engem Krankeschäin ganz staark op innovativ Flexibilitéit.

NEUMANN

Voilà. Ganz meng Meenung. Well an der innovativer Flexiblitéit do läit ... do läit ... déi ganz flexibel Innovatioun. An an deem Kontext misst een och net op d’Gewerkschafte waarden, fir eng sechst Woch Congé anzeféieren.

HOFFMANN

Eng sechst Woch Congé? (zéckt) 6 mol 7 … sou ëm déi 42 … 44 Schaffdeeg? Mäi Gott jo …

NEUMANN

(virsiichteg)  Villäicht och 47 … oder 49 … jee nodeem ob de Mount 30 oder 31 Deeg huet. Dat changéiert jo un engem Stéck.

HOFFMANN

Mä sot, a well et een dat och ni richteg weess: firwat dann net gläich 50 ronn? Also, ech kënnt dermat liewen.

NEUMANN

Ho, ech och. 50 Schaffdeeg.

HOFFMANN

Ower nëmmen, wann Der Iech derfir hiergitt, Här Neumann.

NEUMANN

Mä sot lauschtert emol, a gären.

HOFFMANN

Schliisslech muss ee jo ower genuch Zäit am Liewen hunn, fir seng Suen auszezeginn, oder net? (fir sech) Neen, wat e feine Chef!

NEUMANN

Maja, à propos - wéi stëmmt et dann elo mat --- (mécht de Geste vun dem Geldzielen) Entschëllegt, wann ech esou mat der Dier an d’Haus falen.

HOFFMANN

Mä faalt Dir roueg dran. Genéiert Iech net wéinst menger.

NEUMANN

Jee, Här Hoffmann, Dir kënnt mer villäicht emol Är Iddien a puncto Finanzen uvertrauen.

HOFFMANN

(zéckt) Ooo, Här Neumann … also vun deem Point de Vue do hätt ech ower léiwer fir d'éischt emol Äre Point de Vue …

(Pénibel Paus)

NEUMANN

Mäi Point de Vue ... Eh bien … nieft deenen normale Gratifikatiounen an nieft engem véierzéngten a fofzéngte Mount… disons … als Basis eventuell … den RMG?

HOFFMANN

(erféiert) Wat ? Deen daierlechen?

NEUMANN

Eh … Index 100 – mengen ech natierlech. Esou 7.000 .... 7.500 …

HOFFMANN

(erfreet) Ah sou … jo, jo. Dat ass da scho méi sozial. A schliisslech kënne mir zwee jo net derfir, wann hinnen den Index fortleeft. - Soe mer also … 8.000 Euro pro Mount.

NEUMANN

… 8.250 …

HOFFMANN

… 8.500 …

NEUMANN

Gären. Well wann se all Joer de Mindestloun schon ëm 0,5% an d’Luucht setzen, ëm wéi vill Prozent mussen dann eréischt déi méi déck Peie klammen, gediert.

NEUMANN

(reecht him d’Hand) An der Rei. Eenege mer eis guttwëlleg op 9.000 Euro.

HOFFMANN

Entendu. 9.000 Brutto, also 11.500 netto.

(Den Direkter an d’Françoise kommen eran.)

DACTYLO

(am Gespréich mam Direkter) Tja, dat sinn nun eben déi grouss gewerkschaftlech Dossieren: nei Congés-Deeg, Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit, Lountentwécklung ---

NEUMANN

(feierlech) Schécks, du sees et. An och ouni LCGB an ouni OGB-L hu Salariat a Patronat hei alles ratifizéiert …

HOFFMANN

(idem)  débosseléiert ...

NEUMANN

(idem) … a ficeléiert!

DIREKTER

Nu kuck do! A schonn direkt zwee Stéck mateneen?!

DACTYLO

Gesitt Der emol, wat hat ech gesot?! Si zerklappe sech drëm.

HOFFMANN

(zum Direkter) Ah, Borscht, wann s de éiere fir déi nei Plaz aus dem „Luxbazar“ kënns ---

NEUMANN

--- da kanns de ower nees direkt demi-tour maachen an op d’Arbeitsamt trëppelen.