TSCHETTLÄCK

(e Monolog - 2021)

 

(Den Acteur/trice kënnt mat engem Globus.)

 

Vollek, egal ween déi heie Konstruktioun gebaut huet, deen hat schonn eng lass! Virun esou enger Technik kanns de nëmme staunen. Joer fir Joer dréint eis Äerd eemol ëm d’Sonn, an 365 Deeg ëmmer schéin dee selwecht Streck. Neen, dat stëmmt net ganz genau. An 365,24219 Deeg. Dat sinn 365 Deeg 5 Stonnen, 48 Minutten an, net ze vergiessen, 45 Sekonnen. Fir déi elo nees opzehuelen, hate schonn déi ural Ägypter laang virum Julius Caesar all véier Joer en Dag méi am Kalenner. Déi berühmte Schaltjore mat hiren 366 Deeg. Voilà, da geet d’Spill nees op a mer kommen net mat der Sonn an onnéideg Diskussiounen.

Mä elo kann ee sech froen: firwat hänkt d’Äerd dann nach zousätzlech déi 5 Stonnen, 48 Minutten a 45 Sekonnen all Joer drun? Einfach 365 Deeg ouni vill hannert dem Komma wier dach och fir si net esou komplizéiert an der Comptabilitéit. Mä kuck, dat ass fir all déi Zäit nees auszegläichen, déi mir onnëtz verschwéngsen. Zum Beispill, wa mer um Busarrêt op de Bus waarden oder beim Zänndokter an der Salle d’attente sëtzen. Awer virun allem déi vum Small-Talk. Net elo, wann zwee sech mat den Hënn op der Strooss oder mat de Caddyen am Super-Marché begéinen, neen, mä déi vun deem intellektuelle Schickimicki-Smalltalk virun all High-Society-Event. Do geet scho vill Zäit d’Baach an, déi ee fir aner Saache gutt hätt kënne gebrauchen. An esou hu mer nieft dem Weltdag vun de Schidkröten, vun dem Kopplabunz oder vum Choresterol den 29. Februar dann eben den internationalen Weltdag vum Getoz a Gesabbels.

Mä komme mer nees bei eis Konstruktioun hei. An 365 Deeg dréint d‘Äerd also eemol ëm d‘Sonn, mä pass op, iwwerdeems och nach 365 mol ëm sech selwer. Do kann et der schonn dronke ginn. 365 mol gëtt et haut a muer. (weist um Globus) An déi Datumsgrenz läit hei just déi aner Säit vun eis am Pazifik. Do gëtt et mëttwoches vun engem Meter op deen aneren op eemol Donneschdeg. Oder ëmgedréint, wann ee vun där anerer Säit kënnt. An ee Gléck zitt sech déi Datumsgrenz duerch den Ozean an net duerch iergent e Land, soss wier et fir déi Leit muer op eemol haut oder haut op eemol gëscht, an et géif een um Enn een Dag éischter ukommen ewéi een iwwerhaapt fortgaangen ass.

Awer ee Gléck dréint se iwwerhaapt ronderëm. Well wann se géif stoe bleiwen, wär et andauernd hallwer 2 oder véierel vir 4 oder zéng op 5 an sou weider. Sou wéi wann d’Batterie an der Auer eidel ass. Mä dee Moment, da leeft d’Zäit jo trotzdem weider. Ebe well d’Äerd weider dréint a sech net ëm eis Batterië këmmert.

A voilà, elo komme mer op de Punkt. Well se eben dréint, hu mer och net iwwerall op dem Globus déi selwecht Zäit. Dat ass eben dat Spill, wat mer net nëmmen all Schaltjoer, mä Dag fir Dag materliewen.

(erkläert mat dem Globus) Fir een esou en Tuer ëm sech selwer huet se jo 24 Stonnen ze gutt. Dat kann een hei un de Meridianen nozielen. A mat deene 24 verschidden Zäitzone kréie mer net nëmmen den Jetlag, mä mer ginn och nach geckeg mat dem Stonnen-no-vir-an-no-hanne-Gerechens. Well wa mir um zwielef Auer bei der Zopp sëtzen, da steet d‘………….  (Numm vu bekannter amerkianescher Schauspillerin oder Sängerin) an Amerika eréischt mueres ënnert der Dusch. Oder wa mir op Sylvester am spéiden Nomëtteg gemittlech den Dësch decke fir owes, dann hu se zu Sydney an Australien schonn en décke Kapp op Neijooschdag.

A wéi et an der grousser Welt mat Sydney oder dem ………... (Numm vun där amerikanescher Schauspillerin oder Sängerin) geet, esou ass dat och am Klengen heiheem. D’Welt dréint jo net wéi et hier grad an de Kapp kënnt duerch d’Landschaft, mä se dréint géint d’Zäre vun der Auer. Vu Westen no Osten. (weist am Sall) Also heibanne gekuckt, esou vun do no dohin. (weist an d’Leit, op déi eng Säit dann op déi aner Säit) Déi Leit, déi hei sëtzen, sinn schonn zäitlech e wéineg virun deenen, déi do sëtzen. Dat heescht, si missten och éischter héieren, wat ech soen. Mä ech sti jo an der Mëtt an ech hunn dat nach net gesot, wat se virun deenen aneren héiere sollten. Dat ass schonn en zimlech verwuerelten Duercherneen.

Am prakteschen Alldag spillt dat och eng eminent wichteg Roll. Kuck, bei all Piscine muss de Sprangtuerm mat sengem Sprangbriet no Westen gedréint sinn. D’Welt kënnt jo vun do. Wier en nämlech no Osten gedréint – da spréngs de, mä dee Moment wou s de uewen an der Luucht bass an däi Salto schléis, dréint d’Welt nach méi no Oste weider, a wann s de ënnen ukënns, ass d’Waasser scho fort.

Op engem Foussballsterrain ass et d‘selwecht: läit dee vun uewen no ënnen an du schéiss erof, also no Süden, da muss de méi an dee lénksen Eck diichten – d’Äerd dréint jo den Terrain iwwerdeems no Osten an esou geet de Ball dann eran. Schéiss de awer an deen aneren Eck, da geet et der ewéi um Sprangbriet, dann ass de Goal net méi op senger Plaz an et geet laanscht.

An der Architektur kenne se déi ganz Problematik natierlech och. Bei engem Haus, dat queesch do steet, also net vun uewen no ënnen, mä vu riets no lénks oder vu lénks no riets, do spillen d’Meridianen an d’Zäitzonen mat hiere verschiddenen Auerzäiten. Läit et tëscht zwee Meridianen, also an der selwechter Zäitzon, ass alles an der Rei. Wou d’Problemer awer uginn, dat ass, wann de Meridian duerch däin Haus leeft. Dat ka virkommen, dat ass esou mat deene Linnen. Zu Maarteléng leeft jo och d’Grenz queesch duerch e Café. An net nëmme queesch duerch de Café, mä och queesch duerch de Comptoir. Déi eng Säit Lëtzebuerg, déi aner Säit d’Belsch. Riets ass de Branntewäin erlaabt, lénks verbueden. Also steet alles riets. Dofir gouf och de Comptoir dohinner méi ausgebaut. Op der lénker Säit steet just nach en alen Apparat fir Knätschgummsbullen, deen awer net méi fonctionéiert, well de Schlitz net fir Euroe passt.

Also, komme mer nees bei däin Haus, wann de Meridian derduerch leeft. Ass et östlech an der Stuff eppes Klengs op hallwer, dann ass et westlech an der Kichen erréischt eppes Klengs vir. Kee Wonner, dass d’Aueren an engem Haus ni op d’Minutt d’selwecht ginn. Duerfir huelen ech einfach d‘Moyenne vun all eisen Aueren, da leien ech plus ou moins richteg.

Méi domm ass, wann d’Schlofzëmmer östlech läit an de Rescht vum Haus westlech. An der Stuff ass et esou just 23:57 Auer. Du gees an d’Bett an deng Fra seet: „Ah, du kënns ower nach haut?“, well do ass et jo da scho muer. Also an der Stuff Méindeg, am Schlofzëmmer Dënschdeg.

An dann hu mer de Buttek.

An dobei waars de emol iwwerhaapt net an dem Bistrot.

(pékt säi Globus ënnert den Aarm fir fort) Komm, mir ass et elo ganz dronken. A wann ech elo mat mengem Globus (weist op der Bühn) méi dohinner ginn, dann ass et e puer Minutte bis eng Véierelstonn éischter a mer musse mat deem Ganze nees vu vir ufänken. (geet of)