...  wat ech esou am Laf

vun de Jore

geschriwwen hunn ...

 

 

 

 

 

 

Nieft fréieren Theaterstécker fir d’Veräinsbühnen a spéiderhi fir den Ensembel „Lëtzebuerger Theater“, nieft KANNERSAACHEN (Gedichter a Geschichte fir de Schoulgebrauch, Hörspiller a Kannertheater) huet et mech virun allem a Richtung Satir gezunn.

 

Do wieren emol meng ironesch-humoristesch GEDICHTER, iwwert d’Leit ewéi d’Leit ebe sinn, ower och vum Homo Luxemburgensis a senger Lëtzebuerger Welt.

 

Dann hunn ech vun 1984 bis 2015 an der REVUE, där Mixtur aus Variété-Theater a populärem Kabarä, ënnert dem Pseudonym „Jochri“ SKETCHER a LIDDER matgeschriwwen.

 

Laange Joere wor ech och Auteur am KABARÄ vum Theaterveräin „Bartrenger Kaméidi“, dee säi Programm „Schauwebuergereien“ genannt huet, well en am eemolege Kader vun der Bartrenger Schauwebuerg gespillt gouf.

 

Eng Parti vun deene Revue-Kabarä-Sketcher, déi deemools aktuell woren, sinn hei op dëse Säiten esou als KUERZGESCHICHTEN ëmgebaut, dass se sech och nach haut verstoe loossen.

 

Spéiderhi koum dunn e. a. DÄITSCH POESIE derbei: allgemeng Themen a modern-fräier Lyrik, ower och méi Humoristesches, gereimt oder ongereimt.

 

Josy Christen, *1950 - Bartreng