DIPLOMER AN TITELEN

(2004)

 

Persounen:           de Jéiss

d’Pëpp, zwee Strummerten

 

 

 

PËPP

An, hänks de scho laang hei op der Strumm?

JÉISS

Zënter fënnef Joer. Ech kréie schon all Dag meng „Frankfurter Allgemeine“ a meng „Washington Post“ heihin.

PËPP

Wéi? Bass du dann éieren en Intellektuellen?

JÉISS

Ech hunn Affekot studéiert.

PËPP

Affekot?

JÉISS

Hei kuck. (hëlt e Schëld aus sengem Rucksak)

PËPP

(liest) Maîtrise en droit civil – droit pénal – droit du travail ... So, Jéiss, an da sëtz du hei? Wou dach all drëtte Stot gescheet gëtt, jiddwereen Kaméidi mat sengem Noper huet, well dee sonndes méit an ze vill haart Piano spillt. Vun deenen honnerten an honnerten, déi all Joer an de Lycéën duerchtrëllen, emol guer net ze schwätzen.

JÉISS

Voilà. Dat ass et jo grad. Kuck, Pëpp, haut wëllt jiddwereen op d’Universitéit, jiddweree wëll Dokkter oder Professer oder iergentzwousch Directeur-Général ginn a mat akademeschem Kostüm a Krawatt doruechter lafen.

PËPP

Jo, a wat huet dat mat dir ze doen?

JÉISS

Mä mat deem Geschéck konnt ech ni e Büro an eng Etude opmaachen, well ech bei all där Akademie fir d’Frecke keen Handwierksmann fonnt hunn, fir mer d’Schëld op meng Viischtdir ze hänken.

PËPP

An elo sëtz de hei ...

JÉISS

Jo, an elo sëtzen ech hei ...

PËPP

Ha, echt, déi doen! An da bretze mer eis mat eisem fortschrëttleche Schoulsystem: E Kand, wat an der Éducation Précoce schon heemlech an d’Box pisse kann, ouni den Unterrecht ze stéieren, duerf d’Spillschoul iwwersprangen a kënnt direkt an d’éischt Schouljoer.

JÉISS

Eben. A wann et fäerdeg ass hu mer kee méi an der bloer Salopette mat Hummer an Zaang am Grapp. Alles wëllt jo haut op de Lycée Classique an op d’Uni.lu, mä kee Schwäi méi op den Technique, fir mat sengen zwou Hänn ze schaffen.

PËPP

Hee, Jéiss, nu so net: kee Schwäin. Ech, ech wor nämlech op dem Technique. Ech hu fir Vendeuse geléiert. Vendeuse op der Sectioun Boucherie-Charcuterie.

JÉISS

An? Et  gëtt dach iwwerall e EMO-Metzler?

PËPP

Jo schon. Mä ech hu mäin Examen net gepackt. Am Franzéischen. (hëlt e puer Bicher aus der Täsch a bliedert dran) Ech hat do dem  Sartre an dem Camus hir provokativ Allegorien op eis sozial-zwëschemënschlech Komponent net richteg geschnallt.

JÉISS

Sartre an Albert Camus? Nu hal op. Dat ass jo nun ower fir Gehacktes a Beschtzoossiss ze verkafen zimlech Wurscht.

PËPP

Duecht ech mer och. Mä neen, en Diplom ass haut eben en Diplom a mat deem Geschéck laachen sech d’Auslänner an d’Fauscht, well dann hëlt de Metzler eben ee vu Longkech oder ee vu virun Thionville.

JÉISS

Genial! Eis iwwer 150.000 Frontalieren hunn alt erëm ee méi ---

PËPP

--- an d’Leit kënne sech da Kotlette kafen, well se net wëssen, wat eng Schwéngshéiss oder Feierstengszalot op franzéisch heescht. Voilà.

JÉISS

(virsiichteg) Also ... näischt géint keen, mä éierlech gesot hues de jo och besser der en hondsgewéinlecht Been ze briechen ewéi mat Nierekolliken oder der Galebos an d’Klinik ze kommen.

PËPP

Nee, Jéiss, do ass eng faul. Mir schafen zwar all Joer Dausende vun neien Aarbechtsplazen, mä de Chômage klëmmt ëmmer méi. Dem Andy Bausch säi „Club des Chômeurs“ leeft scho bal iwwer.

JÉISS

(laacht) Ausser du hëls en Job un ewéi mäi Kolleeg, de Bubbes. Deen hëlleft elo am Night-Club „Ramona“ de Meedercher beim Un- an Ausdoen. Fir 10 Euro d’Woch. Méi kann en nämlech net derfir opbréngen.

PËPP

Wonnert dat dech dann?

JÉISS

Wat? Dat vum Bubbes?

PËPP

Neen, dat vun der Schwéngshéiss an der Feierstengszalot, mengen ech.

(ironesch) Mä am Fong geholl, firwat soll d’Schoul sech dann och der Realitéit upassen, gelu? Dat wier dach ënnert hirem Niveau. Op eemol häss de och nach en Ofschloss mat seriöë Chancen, fir eng Aarbechtplaz ze fannen ... Stell der déi Situatioun emol vir!

JÉISS

(ironesch) An du géifs als klengen Handwierksmann doruechter lafen, fir deenen aneren hir Schëlter opzehänken - an dobäi wäers de dann och nach e Liewe laang zefridden!

PËPP

(ironesch) Schrecklech! Zemol wou d’Elteren ëmmer dervu gedreemt haten, dass hir Progéniture eemol de groussen Tuer vun deene groussen Universitéite mécht.

JÉISS

(ironesch) Do luewen ech mer da schonn déi Diplomer mat dem Sartre an dem Camus hire sozial-zwëschemënschlechen Allegorien. Domat bass de dach quelqu’un! Déi Diplomer hunn dach wéinegstens e Wert!

PËPP

(nees normal) Du sees et, Jéiss. Esou wéi eng Mënzesammlung, déi am Katalog mat 60.000 € steet, mä kee Mënsch keeft der se of. Déi kanns de nämlech och just all Dag nëmme bewonneren, bis der een ofgeet, an domat huet et sech dann.

JÉISS

Nee komm, do ass wierklech eng faul. A firwat?  Mä well mer nëmmen op waarm Loft an eidel Diplomer schaffen. Eng grouss Këscht mat ville Styroporsbullen, mä weider ass näischt dran.

PËPP

Jo jo, eidel Diplomer, Pëpp, ower wéinegstens där mat engem décken Titel - a wann et och blouss als „Poissonnier-Ebéniste“ ass, nämlech, fir d’Stäbercher an d’Rollmopsen ze maachen ... Prost! (setzt d’Fläsch un)