MAACHT EPPES AUS IECH !

(2011)

(Sketch fir e puer Persounen - kann och als Monolog présentéiert ginn)

 

 

------

't muss een eppes aus sech maachen,

Soss huet een net vill ze laachen,

D’Welt ass ebe schlecht mat dir -

Just eleng net ech mat mir …

------

Vollek, eist Liewen ass vill ze vill kuerz, fir et nëmmen ze liewen ewéi een ass. Duerfir maach eppes aus der.

------

Versicht, fir ze impressionnéiren! Maacht Iech ganz einfach: WICHTEG !

------

Net nëmme mat éiweg am Stress sinn, net nëmme mat all zwee Méint deem neitsten Smartphone - neen, sicht äre Stil am Schwätzen a perfektionéiert äre ganz perséinleche Langage.

------

Maacht et wéi Politiker virum Mikro, déi verluere Walen herno ower gewonnen hunn.

------

Ewéi déi déck Bankebossen, wa se hir milliouneschwéier Fusiounen erkläere wëllen.

------

Ewéi déi grouss Konzernmanager, wa se bedaueren, wéi bedauerlech et ass, honnerte Plazen ofzebauen --- (méi fir sech) ... wéinst den Actionnairen hiren Dividenden …

------

Dach, schwätzen, ah, dat kënnen se, déi ganz dichteg Leit vu ganz uewen.

------

A wann alles ronderëmmer dann trotzdem sollt op d’Barrikade klammen, jo, dann deet et hinnen op eemol leed. Neen, net, dass se dat gesot hunn, mä dass hir Remarque esou brutal aus dem Kontext gerappt gi wier, well si hätten dat jo net esou gemengt.

------

Mä all déi, déi et héieren hunn, hunn et ower esou verstanen.

------

An déi hunn et da ganz bestëmmt falsch verstanen, well deen, deen et gesot huet, weess jo ower schliisslech am beschten, wat e gemengt huet.

------

An anere Wierder: mir sinn ëmmer déi domm, déi näischt verstinn – ob mat Kontext oder ouni Kontext.

------

Dat ass grad, wéi wann s de ee gutt ferm mat dem Fouss an den Aasch renns a sees dann zu deem: Entschëlleg, mä kann ech derfir, wann s du grad am Wee stongs?

------

Also, schwätzen, fir einfach nëmmen eppes ze soen, ouni vill ze soen an ower ze schwätzen – pff, dat kënne mer alleguer.

------

(schäinhelleg iwwerhéiflech) „Ech ruffen der d’nächst Woch un …“

------

(idem) „Mir gesinn eis spéider …“

------

(idem) Ech freeë mech jo esou, dass Der ower nach komme konnt … »

------

Dat ass schonn net schlecht. Domat kanns de dech scho weisen. Alles eidel Wierder a nëmme Façade!

------

(idem) „E schéine Bonjour doheem !“

------

(idem) „Ma 't ass mer eng Éier!“

------

(idem) „Veuillez agréer, Madame, Monsieur, l’expression de mes sentiments distingués ...“ ---  a fir de Rescht kanns de mer de Bockel erofrutschen!

------

Alles eidel Wierder a warem Loft!

------

Mä richteg schwätze kënnen ewéi déi, deenen hir Remarquen ëmmer brutal aus dem Kontext gerappt ginn, ah, esou schwätze kënnen, dat muss ee kënnen! Et erfuerdert zwar eng gewësse Strategie, mä d’Rendite ass enorm.

------

Maach eppes fir z’imponéiren

A fir dech ze profiléiren !

Déi ganz Welt, déi seet dann : Tiens!

Ouauhh, dat doen ass quelqu’un!

------

Sicht Iech duerfir einfach där Wierder, déi der selwer net verstitt, ewéi zum Beispill „metaphysesch“ ...

------

... „system-immanent“ ...

------

… „sozial-integrativ“ …

------

... oder nach méi Gelungenes ewéi „Neologismus“ ...

------

... „Kulminatiounspunkt“ ...

------

... oder „Disproportionalitéit“.

------

An dann, da baut der alles blannemännerches zesummen a schwätzt vun enger ... soe mer ... (iwwerleet) ... vun enger „desillusionnéierter Konzeptiouns-Systematiséierung“ ...

------

... enger ... „asynchroner Identifikatiounstendenz“ ...

------

... esouguer vu „kontraprogressivem Destabiliséierungspotenzial“ ...

------

Do kritt d’Welt dach Respekt, wéi?

------

Kee weess, vu wat der schwätzt, ower wat zielt: et impressionnéiert a keen traut sech, fir iech ze widderspriechen.

------

Déi aner ronderëm denken esouguer nach: O, wat sinn ech ower domm an trotzdem frou, dass ech esou ee kennen ewéi deen!

------

(liest elo eventuell vun engem Ziedel erof, ganz wichteg) „Déi gravitatiounsbedéngt vertikal Dislokatioun vu maliforme Produkter aus der Positioun vun hirer Bio-Genese mécht sech an der Regel proxitrunktial.“

------

(ofwertend, vun uewen erof) Pff, de klenge Mann vun der Strooss géif einfach soen: „Den Apel fält net wäit vum Bam“.

------

(wichteg) „A menger psycho-physescher Konstitutioun manifestéiert sech eng absolut Dominanz vu positiven Effekter op déi satisfaktoresch Individualitéit vun denger Persoun.“

------

(vun uewen erof) „Ech hunn dech fir ze knuutsche gär.“ Flappeg an onkultivéiert.

------

Jee … (wichteg) „Dat ass eben den Interessen un enger genereller Rezessioun vu relativ primitive Methodë complémentairement zu enger Favorisatioun vun adäquate komplexen Algorythmen.“

------

Also: „Firwat et einfach maachen, wann et och komplizéiert geet?“

------

(begeeschtert) Ah, gesitt der emol, domat ass ee quelqu’un! Do ass eppes hannert der Heck!

------

Well éierlech gesot: ech sinn algeresch op Leit, déi zwar Perverser Teppecher an hirem Departement leien hunn, mä dann ower un engem Stéck komplizéiert Thermoen intrigéieren, well se domat importéiere wëllen …        

------

Hecke kënne profiléiren,

Kënnen déck impressionnéiren,

Hecke muss een eben hunn -

Mä huel kee mat hannendrun,

Zesummen

Well soss bass de schéi gezunn … !