TIPTOP ASSURÉIERT

(2000)

 (Dësen Text besteet och als Sketch

ënnert der Rubrik "SKETCHER")

 

Nieft Dommages électriques, Garantie fir Stuerm a Knëppelsteng, Vol a Conducteur protégé mat Bris de glace kanns de dech jo haut fir alles verséchere loossen: fir wann de Lift hänke bleift, wann s de an der Bluttanalys schwaach fäls oder fir wann d’LSAP nees eemol an d’Regierung kënnt.

D’Assurancë ginn nun eben dem Liewen e ganz aneren Touch.

E ganz anere Sënn.

Eng nei Hoffnung.

An op der Plage plätschtert d'Mier, den Turpels Pol sëtzt an engem ganze Koup Gepabeiers, a säi Laurence reift seng Topmodel-Moossen 120-90-120 mat Sonnecrème aus der Reklamm an.

„Ah, e Genoss! D’Costa del Sol, deen exoteschsten Eck vu ganz Spuenien, mat Torremolinos, Marbella a Benalmadena, mat Surfen, Paella, flotte Männer, stramm gebaut a brong gebrannt ---“

„Jo jo, a Fraen, bei deenen ee sech an de Schiet leeë kann, ouni e Sonneprabbeli opzespanen.“

„Pol!“

Mä wann de Pol queesch ass, dann ass e queesch. A bei deem ganze Koup Paperasse vu Luxair-Tours, Foyer, Air-Rescue huet en och Recht queesch ze ginn.

„‘t ass dach wouer! Wou solls de dann do net aus der Këscht sprangen?! Elo si mer eemol richteg an der Vakanz, an da geschitt eis och nach näischt. Net ewéi de Brimeyesch Charel. Déi haten alt wéinegstens d’Bom op enger Raststätt vergiess.“

„Hee so, geet et mat dir?“

D’Laurence kennt zwar dem Pol seng direkt Aart a Weis, mä trotzdem ass et e wéineg gefoxt, och wann en elo schonn nees méi schmusereg dohier kënnt.

„Héier, Mais-chen, net fir elo ze stëppelen, mä spiers de dech net esou per hasard schlecht? Esou richteg sauméisseg dernieft?! Soss klos de dach ëmmer mat iergendeppes.“

„Mä so lauschter emol, mir sinn dach an der Vakanz.“

„Ebe grad duerfir. Also, da gi mer den Owend trotzdem emol an dee schmuddelege Restaurant dohannen um Eck där eekleger Fruits de Mer iessen, déi se elo scho wéi laang virun der Dier an der Sonn leien hunn. Ei, a bestëmmt kriss d’ et dann. Weess de, sou eng richteg genësseg Salmonellevergëftung mat deene gäilste Komplikatiounen.“

„Pol, hues du se nach all?“

„‘t ass dach fir ze baschten: allen Enne bezills de an, mä dann hues de näischt dervun. Do fills de dech dach gezunn, oder net? A gleef mer, et ass grad an der Vakanz, wou esou eppes ufänkt rentabel an intressant ze ginn.“

An elo fillt de Pol sech staark. E richtege Mann. Well elo kann e seng Logik mat all senge Paperasse beleeën. Déck Dossiere mat laangen Artikelen a Paragraphen sinn net nëmmen op franséisch, mä si iwwerzeegen och nach ëmmer.

„Dach, Laurence, kuck hei: Assurance bei Luxair-Tours, Caisse-médico-chirurgicale, Assurance-Voyages op der Visa-Kaart, Carnet d’Assistance vum Automobil-Club, Luxembourg Air Rescue … Déi bidden der ganzer Famill déi flottsten Servicer un, ower d’Leit sinn nach ze glott, ze arrogant, fir dervun ze profitéieren. Dat kënnt eben dervun, wann et engem ze vill gutt geet. Komm, Mais-chen, maach e klengen Effort, et gënnt ee sech jo soss näischt. An esou komme mer wéinegstens herno net heem a kënnen nëmme just vum gudde Wieder a vum décke Buffet am Hotel verzielen.“

Ah jo, firwat wier een dann och iwwerhaapt verséchert, gelu? Et gong schonn um Findel mat hire Kofferen un. D’Luxair bretzt sech mat hirer Assurance-Bagages, fir wann eppes an dee falsche Fliger geluede gëtt - a wat geschitt? Guer näischt! Obschonn, dass statistesch op 1000 Passagéier 17,6 Koffere verluer ginn. A bei fënnef Wallissen, dräi Kierf an zwou Beauty-Casë wier d’Chance dach scho grouss gewiescht, dass wéinegstens eppes schif leeft. Op Korsika, San Diego oder op d’Fidschi-Inselen. Mä neen, si woren alt nees déi domm derbei.

„So, an elo, wou et mat de Kofferen net geklappt huet, häss de sécher gären, dass ech mer all Schanken am Leif briechen soll, wann ech dat richteg verstinn, wéi?! E Constat à l’amiable an da gi mer an d’Keess.“

„Ah, gesäis de. Elo fänke mer op eemol u koopérativ ze ginn an a finanztechneschen Dimensiounen ze iwwerleeën.“

„Pol!“ Schonn nees eng Kéier.

„Mä dach, Laurence, firwat net? Maach emol de Calcul. Hei: Luxair-Tours: Accident-Voyages 4.000 Euro Dokter a Klinik, Frais de recherche et sauvetage: bis zu 2.500 par tête de pipe. An alles steierfräi natierlech. Do hues de jo e bessere Rendement ewéi all SICAV vun der Spuerkeess oder der Dexia-Bil.“

„Tiptop assuréiert, ech verstinn. An d’SOS-Visa-Kaart proposéiert esouguer eng Carte de fidélité ewéi beim Pizza-Hut: bei fënnef mol kriss de eng Rees fir näischt.“

Den Turpels Pol huet dee batter-ironesche Bëss vu sengem Laurence guer net matkritt, well hie genéisst a Gedanken deen neie Räichtum, e richt schonn e wéineg no Parvenu a Schickimicki. Den Automobil-Club wier do wuel mat ronn 12.000 schonn eng Grëtz méi gënschteg, par conter kann d’Air-Rescue ower mat Samu-Garantie all Punkt vum Lëtzebuerger Land bannent 8 Minutte erreechen, och wa bannent 8 Minutten zu Rouspert oder zu Hëpperdang hinnen hei ënnen net ganz vill net notzt. An esou léisst de Pol déi Iwwerleeung emol einfach sinn.

Maach et elo net ze vill duercherneen, denkt e bei sech, well … bon, wéi soll ech soen … et wënscht ee jo wierklech kengem eppes Schlechtes … mä den absoluten Hummer wier natierlech …

„Eh … so, héier, Mais-chen, du has jo eemol gesot, du ... du wëlls verbrannt ginn. Dat gëllt jo nach ëmmer, oder?“

„Pardon? A wat soll dat dann elo heeschen?“ D’Laurence spréngt op. Säi Glas Sangria fält an de Sand.

„Ma ja. E flotten Noruff am Lëtzebuerger Wort. Mat Photo. A wéi dat klénge géif: Onerwaart an esou weider op der Costa del Sol, am Hotel Playa Miramar --- “

„Jo jo. Mat Balcon, Vue-sur-Mer, Sauna, dräi Liften an owes 4-Gang-Menu.“

„Maach elo net de Geck. Esou eppes géif sech am meeschte rentéieren. Theorotesch, mengen ech natierlech, nëmme reng theoretesch. An et hätt ee fir eemol weider guer keng Scheerereien an der Vakanz. Hei, Mais-chen, kuck meng Käertercher am Portmonni: eng Telephonsnummer a scho féiert d’Europe-Assistance vun der Luxair-Tours dech heem, d’Visa-Kaart féiert dech heem, d’Mutex-Assistance vun der Caisse-Médico féiert dech heem an d’Air-Rescue féiert dech heem.“

Dach. D’Käertercher hu recht: gläich véiermol mateneen. Si zerrappe sech ëm dech. Ei, do kris de jo dann e Stéck vun der Welt fir bis op Hamm ze gesinn! D’CFL kann der souwéisou net hëllefen, well déi si schonn net pünktlech, wann s de nëmme vu Stengefort an d’Stad fiers.

„A fir verbrannt ze ginn, mäi Gott, lee do däi Kapp a Rou!“, berouegt de Pol säi Laurence. „Schliisslech si mer jo an der Flamma. An déi garantéieren der dee Service après vente bis zu 1.200 Euro. Och am Ausland."

„O, ech weess net ... deene Spuenier hei géif ech net esou richteg trauen.“

„Pff, wann et net propper gemat ass, mir sinn dach och am Konsumenteschutz … also! - Mä komm, Laurence, eent nom aneren. Stierf emol fir d'éischt, an da gesi mer weider.“