... wann déi visuell Presentatioun
zu engem
Haapt-Element vum Ganze gëtt
...
huel déi
2.586 Quadrat
kilometer op dem
Globus mat Rubbel
PiccoBello BioEeër
11,8° Moyenne heinsdo
eng Index-Tranche 60 Mi
llioune Fudder Waasser am
Stauséi an all Joer en Etat
de la Nation vum Premier an eng
nei WäiKinnigin jo da verstees
de och firwat mir bleiwe wëlle wat
mer sinn mir zu 602.005uStéck hei
heem dovu 47,9% MultiKulti plus all Dag
184.700 Frontalieren an no alle Säiten hin
UGDA Péitruss-Zichelchen DéckKäpp MammeRent
uni.lu MUDAM Radaren op der Strooss Pateren zu
Klierf alles ënnert eiser Demokratie mat 60 Dé
putéiert um Krautmaart an d’Monarchie eng Hausnum
mer niewendru fir 185km Autobunn Kachkéis NeienTram
Fliedermais ënner Naturschutz rtl.lu-Commentairen Philhar
monie 1.256 Hektar Wäibierg an dat op lëtzebuergesch säit 1984
eis „langue nationale“ nieft dem Jéinesche Kuff d’Schmull an dibber
nobes! well tëscht den héchste 560,08m bei Huldang an den 129m zu
Waasserbëlleg leien Tonne Popcorn am Utopolis PäischtCroisière
Bommeleeër 276km Eisebunn Schueberfouer Sportler vum Jor Veia
nerSessellift Oktav de Wëllefchen a Fiisschen de Superjemp an
d’Maus Kätti a bis 70% an de Solden jo mer wëlle bleiweu
wat mer sinn mä och hale wat mer hunn 466.752 AutoTrak
terCamionBusCamionetten Sprangprëssessioun National
feierdag mat 1.724 Medailen an duerno 21 Kanoune
schëss och europäesch si mer top mat EU-Geriichts
haff EU-Parlament-Sekretariat EU-Rechnungshaff mä
vrun allem 5 mol um EurovisiounsConcours gewonnen
a feelen eis och Betriber fir all Bréifkëscht oder
60% fir voll Kierchen dann hu mir ower Militärmu
sek um hallwer 8 RTL-Journal neie Stadion 7.262 Ho
telsbetter 3.093 Kliniksbetter plus 597 zu Schraasseg
voilà, dat ass de Lëtzebuerger Kontinent: 82km vun
uewen no ënnen a 57km vu riets bis lénks an dertë
scht esou wéi mer s inn dass
mer et onbedéngt wël
le bleiwen