URGENCEN

(2002)

Persounen:            de Siebenaler

      d’Infirmière

      zwee Ambulancieren

      en total Blesséierten (Mann oder Fra)

 

Décor:                   an der Receptioun vun enger Klinik

 

 

 

 

(De Siebenaler gëtt vun zwee Ambulancieren op enger Brëtsch eragefouert.)

SIEBENALER

(kuckt ronderëm) Dach. Waart, dir zwee. Hei schéngt et ze sinn. 

(zur Infirmière, weist an enger Zeitung)  Dir sidd jo déi heie Klinik? Déi vum Déngscht? Nu sot net Neen, well si hu mer et och nach eemol um 112 confirméiert.

 

INFIRMIÈRE

Ganz richteg. Vun haut de Mueren 8 bis muer de Mueren 8. An, wat hutt Der dann?

SIEBENALER

Ech? Ma näischt.

AMBULANCIER 1

Hee Meeschter, wéisou elo op eemol: ma näischt?

INFIRMIÈRE

Dir kommt dach heihin an d’Urgence.

SIEBENALER

Jo sécher. Ower dat ass Är ganz perséinlech Interpretatioun. An et muss een do schonn e wéineg méi subtil nuancéiere kënnen. Ech kommen eben net.

INFIRMIÈRE

Mä Dir sidd jo elo ower hei?

SIEBENALER

Ech sinn hei. Dat stëmmt. Ower nëmmen deelweis. Well ech si just nëmmen hei, fir Iech soen ze kommen, dass ech näischt hunn. Voilà. Mir geet et saugutt.

INFIRMIÈRE

(grouss) Pardon?

AMBULANCIER 2

An duerfir komme mir mat der bloer Luucht duerch de Fënnef-Auer-Verkéier gedonnert.

SIEBENALER

Keng Opreegung! Ech sot och schonn dem Comptoir Pharmaceutique, der Krankekeess, der Caisse Chirurgicale an der Air Rescue Bescheed, se kënnte wéinst menger hire Kapp a Rou leeën.

INFIRMIÈRE

Also dat doen ass mir e puer Nummeren ze héich.

SIEBENALER

Mir ower guer net. Kuckt, als raisonnabele Mënsch soen ech dach och mengem Coiffeur Bescheed, wann ech net kommen an ech telefonéieren an de Cactus, wann ech keng Zalot brauch ---

INFIRMIÈRE

Mä wéisou dann nëmmen?

SIEBENALER

Ma da kënnen se hiren Ordre du jour plangen, wat eng.

AMBULANCIER 1

(fir sech) Esouer ewéi deen doen, déi sinn an der Dose méi bëlleg.

SIEBENALER

An elo geet et bei de Coiffeuren a bei den Epicierë jo nach. Mä dir aner an äere ganzen Noutdéngscht sidd jo iwwerlaf. Net Ambulanz-Männercher genuch, nëmmen dräi Samuë fir ganz Lëtzebuerg, a bei den Dokteren an an den Urgencë muss de Stonnen a Stonnen an der Salle d’Attente waarden.

INFIRMIÈRE

Jo, ech weess. A mir hei op de Stäck, mir sinn zu 3 Infirmièrë fir 40 Patienten. Do kann et da schonn emol virkommen, dass een zweemol op d’Dëppche gesat gëtt an en aneren zoupëtze muss. - An der Rei. Mä wat huet dat elo dermat ze doen, dass Dir näischt hutt?

SIEBENALER

Ma dann iwwerleet emol: déi, déi net kommen, dat si jo déi allermeescht. A wann déi iech alleguerten géife manéierlech Bescheed soen, dass se net kéimen, da bléiwen nach just déi puer, déi kommen, an da wier et fir iech vill méi einfach.

 

(E Blesséierte  kënnt mat déck verbonnenem Kapp, mat Kretschen, d’Gesiicht voller Blutt etc.)

MANN

(keimt a jéimert) O, en Dokter, wann ech gelift, wou ass en Dokter?

SIEBENALER

Kuckt hien, hat hien Iech da gëscht Bescheed gesot? (zu den Ambu-lancieren)  Oder Iech villäicht? Neen. Ah, gesitt Der. An elo steet en ower hei. Ouni dass Der mat him gerechent hat. Ee vun deenen iwwer 800.000 Fäll am Joer. A wéi sollen d’Kliniken an d’Protection Civile sech dann do efficace organiséiert kréien, wann et schon hannen a vir net duergeet?

MANN

Entschëllegt, wann ech villäicht hei stéieren, ower ech ----

SIEBENALER

Wat? An da wëllt Der Iech och nach virdrécken? Ma déi hu mer gär! (zur Infirmière) Gesitt Der, esou affrontéiert muss een dann nach sinn.

AMBULANCIER 2

Mä Monsieur, da loosst dee Mann dach. Dir gesitt dach, dat ass eng Urgence.

MANN

A frot net wellech! Ech … ech souz uewen am Äppelbam op engem décken, stabillen Aascht, an op eemol wor deen décken, stabillen Aascht guer net méi esou stabil ---

SIEBENALER

Nu gitt! Duerfir kann d’Joffer hei jo nun ower wierklech net. Mä esou Leit ewéi Dir, déi sech, wann et hinne grad an de Kapp kënnt, Hals a Bee briechen, déi bréngen déi ganz Santé an dee ganzen Noutdéngscht duercherneen.

INFIRMIÈRE

(zum Blesséierten) Schrecklech, wéi Der ausgesitt. (wëllt telefonéieren)  Waart, ech ruffen den Dokter Binsfeld.

SIEBENALER

Mä ech hale wuel jo. Dat wier jo pure Mobbing op der Aarbechtsplaz. Wou mer nieft iwwerfëlltenen Urgencen schonn net Doktere genuch hunn. An dann och nach just fir een, deen einfach vum Bam eroftrëllt.

MANN

(jéimert ëmmer méi) En Dokter, wann ech gelift, en Dokter.

SIEBENALER

Wann déi elo ower grad an der Kaffispaus sëtzen.

MANN

Ma Monsieur, ech stierwen. Ech stierwen elo hei op der Plaz.

SIEBENALER

O mei! An elo huet en och nach wëlles de Läffel ofzeginn. Sot, hudd Der dann schonn den nationale Katastropheplang iwwer 112 ausruffe gelooss? Oder wéinegstens am „Wort“ fir eng Doudesannonce Bescheed gesot an dem Platz schonn telefonéiert?

AMBULANCIER 1

Dem Platz? Dee vun de Pompes Funèbres? Wéisou?

SIEBENALER

Mä wéinst der Këscht.

MANN

Ech verkafe meng Äppel net an der Këscht, mä nëmmen am Sachet.

INFIRMIÈRE

Neen. Fir Iech selwer, mengt den Här.

MANN

Ah sou ... Neen. A wouhier dann?!

SIEBENALER

(zur Infirmière) Do, gesitt Der. A schonn nees eemol! Ma da wäerten déi sech och freeën. Einfach esou ze rëtschen! Et duerf een d’Leit ower net fir domm halen. (zu dem Mann) Also, verhaalt Iech dat fir déi nächste Kéier, wann Der nees op den Äppelbam klammt.

INFIRMIÈRE

Mä ... mä sot lauschtert emol ---

SIEBENALER

Ma ja, wéi solle mir aner da soss hei am Land sécher liewe kënnen? (zu den Ambulancieren) Sout, Männer, an elo féiert Der mech nees heem.

AMBULANCIER 1

Pardon? Wéi?

SIEBENALER

An nees mat bloer Luucht. (leet sech nees op d’Brëtsch) Well deen heien huet haut säint gemat, dass de Rettungsdéngscht am Land net ze vill duerchernee geréit.

MANN

(jéimert weider) Jo … an ech? Elo wäert hir Kaffispaus jo ower sécher eriwwer sinn.

SIEBENALER

(währenddeem d’Ambulancieren en nees erausféieren) Tja, Kolleeg, ee Gléck huet meng Fra zu mir gesot: Männi, maach der eng zolitt Liewes-versécherung, da brauchs de net fir all Klengegkeet bei den Dokter ze lafen …