DRIWWER AN DRËNNER

(2004)

Persounen:              de Schmatten Dëmmi

                              de Koschter Nikkela,  zwee al Bopen

 

  

 

(Déi zwee Bopen sëtzen op der Bänk.)

NIKKELA

Ma jo ...

(Paus)

DËMMI

Eben. Du sees et.

(Paus)

NIKKELA

Also, Schmatten Dëmmi, ech weess et jo net, mä so, wor fréier dann net alles besser? Keng topeg Reklammen op RTL, keng Hambörger, kee Gedeessems wéinst Fraerechter a keen Heeschnapp.

DËMMI

Kloer dat. Et ass eben alles anescht ginn. Huel nëmmen d’Präisser beim Coiffeur oder d’Gedrécks am Bus ---

NIKKELA

--- oder d’Gewiicht vum Fierkelsjelli an wéi dat jonkt Geméis vun haut ugedoen ass.

DËMMI

Jëses Maria Jousebett, jo. Do kommen déi jonk Pëppercher mat esou enger Zort Pullower, deen hinne bis erop an den hallwe Bauch rëtscht. Scho bal bis dohinner, wou de Bauch ophält a wou ... wou ... (weist) wou d’Éislek driwwer ufänkt.

NIKKELA

Wee weess, wahrscheinlech einfach nëmmen ze waarm gewäsch. - So, a wat hu se dann drënner?

DËMMI

Näischt.

NIKKELA

Hal op!

DËMMI

Guer a glad näischt, Nikkela. Nëmme Speck.

NIKKELA

Vreck!

DËMMI

Nëmme Charcuterie an Nuebel. An do hu se dann och nach esou e Rank dran.

NIKKELA

E Rank am Nuebel? Esou eppes wéi eis Randbéischter fréier an der Nues haten?

DËMMI

Juer. An dann och nach esou eppes ewéi se vum Véidokter hannert d’Ouer agebrannt kruten.

NIKKELA

Ech mengen, tätowéiert, soen se duerfir. Oder esou ähnlech. En Häerz oder eng Rous op dem Hënneschten tätowéiert.

DËMMI

Also dann hunn ech ower léiwer eist Ketti am Kicheschierteg doheem. Dat huet alles gutt agepaakt.

NIKKELA

(méi fir sech) 't  ass och villäicht besser – dat hätt elo am Plaz vun der Rous schonn eng ganz Rousenheck hannenaus.

DËMMI

An net nëmmen dass de Pullower erop rutscht, Koschter Nikkela, neen, mä wat se dann nach neierdéngs ronderëm den Hënner un hunn.

NIKKELA

Jo ... eng Jeansbox - oder wéi heescht et? A firwat och net.

DËMMI

Neen. Bannendran.

NIKKELA

Ah, quasi als Fudderduch, mengs de.

DËMMI

Voilà. (kuckt schimmeg rondëm sech, da lues:) Esou eppes ganz Renges, eppes ganz Dënnes. Bal näischt. An dat am Schwaarzen oder och esouguer am Rouden.

NIKKELA

Wéi, Dëmmi, wéi?

DËMMI

Ech weess och net richteg, wéi se dat Déngen do nennen ... en ... en ... Mä jee, ’t ass och Wurscht. Op jidde Fall ass et nëmmen eppes mat Ficellen.

NIKKELA

(grouss) Hë? Mat Ficellen? So, méchs du de Geck mat mir?

DËMMI

Neen. Ech hunn däers Gelëmps schonn an de Reklamme gesinn. Nëmmen e puer där aler Bënneschficelle fir ronderëm d’Botten.

NIKKELA

Wat? Mä da stees de jo éiweg am Duerchzuch. (rëffelt hin an hier) An dann … so, spiers d’et net och schonn? Dat rutscht der jo dann hannen tëschent --- tëschent ---

DËMMI

Juer, schwätz riichteraus: einfach hannen do dertëscht.

NIKKELA

Dann hunn ech ower léiwer mech: d’Hiem an de laange Kalzong an de laange Kalzong an d’Strëmp an da bass de ronderëm zou.

DËMMI

An da mengen se och nach sécher, eis aner géif mat esou eppes d’Waasser am Mond zesumme lafen.

NIKKELA

Gees de!

DËMMI

Mir aner géifen aus de Schlappe fueren, wann se virun der um Trottoir ginn an dann hanne mat hirem klenge Grappvoll hin an hier juppelen a wackelen.

NIKKELA

Ah neen, do luewen ech mer dann ower och eist Suzanne. Dat huet der wéinegstens e Kasärestack, deen de Buedem hält.

DËMMI

Eben. Dee säin Numm verdéngt. Dach, dach, du hues recht. Emol ofgesi vun de Präisser beim Coiffeur a vum Heeschnapp - fréier wor alles besser.

NIKKELA

(nach ganz entgeeschtert fir sech) Nëmme Bënneschficellen! Ewéi eng Bott Hee oder Stréi.

DËMMI

Wou komme mer do hin? Kuck, fréier konns de mat enger zolitter ënneschter Box alt wéinegstens nach e ganze Velo botzen ---

NIKKELA

--- an haut, haut geet dat Dénge just duer fir e Stänner.

DËMMI

(schmuunzt) Wann iwwerhaapt, Nikkela, wann iwwerhaapt ...