SOLDEN

(1991)

Persounen :    den Arnold Pillchen

d’Clothilde Pillchen, seng Fra

d’Nanouschka, eent vun der Gare

e Playboy (Statist)

 

Décor:            eng Bänk an der Stad

 

 

(D’Clothilde Pillchen, eng vermoschert, bësseg Tullepant kënnt just mat Prabbeli an Handposch; den Arnold Pillchen, e kleespere Männchen, kënnt hannendru geschlappt, voll bepaakt mat Akaafstuten, Kierf, Këschten etc. )

CLOTHILDE

Dajee, Arnold Pillchen, Power! O, mat dir hätte mer den zweete Weltkrich och nët gewonnen.

ARNOLD

Mä … mä … Clothildchen, ech packen et net méi. Kuck emol, wat sinn ech gelueden. Dann huel mer dach wéinegstens eppes of.

CLOTHILDE

Hä? A wéi stells de der dat da vir? Ech hunn och béid Hänn voll. (weist Posch a Prabbeli) An dann, dee ganze Buttek géif mir jo meng Broscht zerdrécken.

ARNOLD

O keng Angscht, déi hänkt sech nees aus.

CLOTHILDE

(geet mat dem Prabbeli op en duer) Wéi? Watgelift, Männchen?

ARNOLD

(léisst sech op eng Bänk falen) Ah neen! Ech hunn ës sat. Ech si freckt.

CLOTHILDE

Schumm dech! E Schlappschwanz bass de.

ARNOLD

(energesch) Eben. An duerfir streiken ech, käppéiert? A keng zéng Päerd kréie mech méi mat an d’Solden. Kuck, ech sinn de Mëtteg bestëmmt e puer Zentimeter méi kuerz ginn. An alles, well mer déi puer Euro mat dem Index bäikruten.

CLOTHILDE

Voilà. Ebe grad duerfir. Si zéie sech propper aus der Affär, mä déi kleng Leitt kënne kucken, dass se dee sëlleche Frick, deen se mat där Schnapsiddi méi am Portmonni hun, un de Mann kréien. Well éierlech gesot, wann ee mat sengem Geld nët kann ugin, tzzz, firwat hätt een et dann?

ARNOLD

Gëff du u mat wat s de wëlls, mä bei mir läit de Rimm erof.

CLOTHILDE

Allez! Da kanns du eben hei Wuerzele schloen, ech gi weider akafen an eis national Konjunktur reaktivéieren - mä jee, wat verstees du scho vu komplexer Finanzpolitik?! (geet of)

ARNOLD

Hee, Mais-chen, ech … ech … ( gëtt sech geschloen ) Da géi nëmmen!         

(D’Nanouschka, en Typescht vun der Gare, kënnt provokant ugedänzelt.)

NANOUSCHKA

(erbléckst den Arnold) Ei, kuck do! De Superjemp! Deen doe pléckt d’Nanouschka sech. - An Männi, duerf ech?

ARNOLD

Wéi ? (kuckt op, fiert zesummen) Ooo … eent aus der Kopplabunzgaass!

NANOUSCHKA

Mä ech wollt emol kuerz froen, ob hei nach -- (quëtscht sech bei en op d’Bänk)

ARNOLD

(duercherneen) Jo, jo … sécher … hei ass nach. (réckelt d’Tuten an d’Kierf e wéineg op d’Säit) Oujee, Arnold Pillchen, da laf dech elo waarm.

(D’Nanouschka setzt sech flott dohin, d’Been iwwerteneen, den Arnold luusst schimmeg eriwwer.)

Freck! A wat Been! Been bis dohinner, wou s’ ophalen.

NANOUSCHKA

An, Jéng, huet d’Mammi dech haut eleng an d’Stad gelooss?

ARNOLD

(duercherneen) Neen … eh, jo dach. Ech … ech war an de Solden, wéi Der gesitt. An 20% op 30%, dat sinn der schonn ëmmerhi 50, gediert.

NANOUSCHKA

Haha - Tonne gutt! En huet sech sécher där afegäiler, gefidderter Schlappe fir owes bei de „Lustigen Volksmusikanten“ geleescht ! (huet Zigaretten aus der Posch geholl) So, wéi as et Bubi, hues de kee Feier fir dat klengt Nanouschka?

ARNOLD

Ech? Feier? - Jo, jo … dach … een Abléckelchen. (fir sech) A schonns geet et un. Ah, esou geet et ëmmer un, wann et ugeet. (wullt am Paltong, dann an der Boxentäsch, zitt do eng laang Banann eraus a bekuckt déi mat groussen Aan) O, an do hat ech scho geduecht …

NANOUSCHKA

(laacht fir sech) Neen … ech kréien en Tilt!

ARNOLD

Hoffentlech kënnt eist Clothilde elo nët geschäert, well soss kritt de Bubi de Radetzky-Marsch hannertzeg a vijenzeg geblosen. (huet elo de Briquet fonnt, e probéiert a probéiert, mä e fonctionnéiert nët) O … also neen … dat doen ass mer nu wierklech pénibel. Dee mécht ëmmer nëmmen: pfft-pfft.

NANOUSCHKA

(huet säin eegene Briquet geholl a seng Zigarett ugefaang) Ha, dee Béise mécht ëmmer nëmmen: pfft-pfft ! (bléist dem Arnold den Damp an d’Gesiicht) So, Bubi, da bass de sécher och scho laang bestuet?

ARNOLD

O mei jo! Bei eisem Clothilde krut ech lieweslänglech, mä ech weess haut nach net firwat. An alles ouni Sursis.

NANOUSCHKA

(krault den Arnold an der Akaul) A wann et owes géint der Owend ëmmer méi Owend gët, duckels de dech dann net e ganz bësselche charmause-reg bei et?

ARNOLD

Ech hale wuel jo! Hutt Dir schonn eemol ee gesinn hannert dem Bus hierlafen, wann e scho laang dra souz?

NANOUSCHKA

Ah voilà! Esou huet e mer vun Ufank un dragekuckt. (mécht ganz genëschelt e puer Knäpp vun der Blus op) Mä null problemo, Bubi, bei deene Symptomer huet d’Nanouschka seng spéziell therapeutesch Therapie ---

ARNOLD

(grouss, duercherneen) Hä ? Ass dat Latäin?

(D’Nanouschka leet him sexy e Been iwwert de Knéi, den Arnold gëtt bal jaus.)

Mä one moment, please. Dach, ech mengen ze mengen, wat Der mengt. Den Hunn klëmmt jo och net nëmmen op d’Hénger, fir dass e méi wäit ka gesinn.

NANOUSCHKA

Ah, gesäis de. Ech wosst et jo.

ARNOLD

Awer da matten am Nomëtteg. Verréckt! - Mä mäi Gott, iergendzwousch op der Welt ass et elo owes zwanzeg vir 10 oder zwanzeg vir 11... also ...

NANOUSCHKA

Eben. (krault den Arnold duerch d’Hoer) A mat zwee Honnerter bass de derbei, Klengen.

ARNOLD

Waaat ? 200 Euro? Dir huelt mech op den Äermchen.

NANOUSCHKA

Neen. Dat sinn eben d’Tariffer.

ARNOLD

Freck! Dass de Konsumenteschutz sech nach net drageluecht huet.

NANOUSCHKA

(setzt sech provokant dohin) Do ass dann ower och all Extra mat abegraff.

ARNOLD

Ah, Dir rechent d’TVA direkt inclus?!

NANOUSCHKA

Allezhopp komm, loosse mer eis also op 150 eenegen. Also fir e Grand Premier Cru ass et näischt ze vill.

ARNOLD

Ah … an dat ass da sécher schwaarz? Oder an der Reklamm?

NANOUSCHKA

Eben. Et si jo Solden.

ARNOLD

(hëlt säi Portmonni a kroomt dran erëm) Mä waart, loosse mer emol luussen, wéi vill den Arnold iwwerhaapt bei sech huet. Et wor e laangen Dag, wësst Der. --- Hä? Dat do ass fir ze baschten. Nëmme just nach 10 Euro.

NANOUSCHKA

(hieft sech) Waat? Nëmmen en Zéngter? O neen, da gëtt ower näischt aus eis zwee, Männi. ‘t deet mer leed. Ech hätt dech gäre vernascht.

ARNOLD

Maja! An du häss nach 10 Euro derbei erauskritt …

NANOUSCHKA

(zitt eng Visitekäertchen aus dem Décolleté) Komm, hei hues de meng Käertchen, fir wann s de däin Täschegeld eemol opgebessert krus. A fir de Rescht gréiss de mer däi Clothilde schéin, gelu. (réngelt of)

ARNOLD

(duercherneen) Jo … äddi a merci a bis dajee dann …

(kuckt zur Säit, erféiert) Ho, an do kënnt hatt och schonns, mäi Chef de Service. (verstoppt séier d’Visitekäertchen, mécht Hiem an Hoer etc. nees an d’Rei) Ei, ma dat do wir elo eng flott Carambolage ginn.

CLOTHILDE

(kënnt mat enger Akafstut) Sou, Spatzi. Hei sinn ech.

ARNOLD

Ech … ech mierken.  (fir sech) Wéi? Spatzi, seet et? A wat heescht dat dann?

CLOTHILDE

Hei, kuck emol. (hëlt Reizwäsch aus der Tut, hält se viru sech a werft sech a Pose)

ARNOLD

(grouss) Waaat ? Mais-chen, du ?

CLOTHILDE

Stramm, hä?

ARNOLD

Mä … mä … mä dat si jo méi Lächer ewéi Läpp!

CLOTHILDE

Eben. (setzt sech bei en op de Schouss) Dat ass erotesche Sex-Appeal, Arnold. Do kanns de däi Viagra vergiessen – villäicht just nach eng Véierels, wann s de mol an d’Sauna gees, fir do einergermoossen aus-zegesinn.

ARNOLD

(kuckt zur Säit, ausser sech:) Hä? Donnerwetzki, dat Krappegt nees! (fänkt un nervös alles zesummenzeraumen) Eh, Mais-chen, ech mengen, wa mer den Zuch vu véierel vir zwanzeg op net verpasse wëllen ---

CLOTHILDE

(bleift séileroueg op sengem Schouss sëtzen) Mäi Gott a mäin Här, dann huele mer eis eben eng Suite am „Royal“.

(D’Nanouschka kënnt elo mat engem aneren Tippchen, engem richtege Playboy, laanscht getrëppelt. Et erbléckst den Arnold a muss laachen.)

(streng) Arnold! Kuck déi aner Säit!

NANOUSCHKA

(krault den Arnold, deen Aan a Mond opräisst) Ech kréien eppes u mech, Männi.

CLOTHILDE

Hä ? Watgelift ? - Arnold, maach de Mond zou, et zitt.

NANOUSCHKA

Brav, Boomchen ! (zum Arnold) Mä do gesäis de, Bubi, wat een haut nach an de Solde fir hongreg 10 Euro kritt … (laaacht an dänzelt mat sengem Knëff of)

( D’Clothilde kuckt ganz entgeeschtert, den Arnold vergeet bal.)