DEM PAPP SENG WÉIEN

(2005)

Persounen:          de Jerry Feiersteen

    de Pierrot Butschebierg

    eng Hiefamm

 

Décor:                  An der Maternité 

                            e puer Still, Äschebecheren an e Schëld  

                           „SALLE D’ACCOUCHEMENT“

 

 

JERRY

(trëppelt mat Blummen nervös op an of, fëmmt a kuckt op d’Auer) Helleg Maternité! Do dréins de hei am Krees, eng Heintz van Landewyck un där anerer ... Ah, schrecklech, déi gynécologesch Tortur!

HIEFAMM

(vun der Säit, schwätzt no hannen) Jo. E Meedchen. 5 Pond an 300 Gramm.

JERRY

Aahhh … endlech! Enfin!

HIEFAMM

O, werft Iech net an d’Plommen, Här. D’Madame Lamberty huet grad accouchéiert. D’Madamm Lamberty läit scho laang.

JERRY

Ah sou?! An ech? - Eh … eist Ginette?

HIEFAMM

Mä gedëllegt Iech dach! Firwat dann esou duerchdréinen, wou dach all dräi Minutten iergendzwousch op der Welt e Kand op d’Welt kënnt.

JERRY

All dräi Minutten? Ha, echt déi do! An ech, ech waarden elo scho 7 Stonnen.

HIEFAMM

(rëselt de Kapp, fir sech) Da géi een hin a gewann mat esou eppes de Krich!  (geet of)

(De Pierrot kënnt eran. Hien huet och e Bouquet Blummen.)

PIERROT

(rifft der Hiefamm no) Joffer, Joffer! Ee Momentchen!

JERRY

Aha, do läit nach een an de Wéien.

HIEFAMM

An Dir och schonn nees?! Ech hunn Iech dach scho wéi dacks gesot: dat brauch seng Zäit. O, Männer a Maansleit - alles Spullompen a Schlappschwänz!

PIERROT

Pardon? Hutt Dir d’Situatioun iwwerhaapt begraff? Dir wësst jo guer net, wat hei fir sech geet. (ganz däitlech) Meng Fra kritt e Kand.

HIEFAMM

Neen, wat der net sot! Mä mon Dieu, esou eng Gebuert ass dach e ganz natierleche Phänomen. Esouguer bei Zwillingen. Statistesch ginn et där all 1.000te Kéier. (geet of)

PIERROT

All 1.000te Kéier? Dass ech herno och nach als Sportler vum Joer gewielt géif! Schrecklech!  (stellt sech vir) Pierrot Butschebierg.

JERRY

(idem)  Gläichfalls. Jerry Feiersteen.

PIERROT

Mäi Papp huet schon ëmmer gesot: Besser dräi Zänn gerappt kréien ewéi e Kand op d’Welt setzen. A Recht hat en.

JERRY

A Recht hat en. Do hudd Der Recht. (setzt eng kleng Fläsch Branntewäin un)

(Paus)

't ass sécher Äert Eischt, oder?

PIERROT

Jo.

JERRY

Ech, ech wor och deen éischte bei eis an der Famill.

PIERROT

Ech mierken. Et geet Iech haut nach net schnell genuch. (hëlt dem Jerry d’Fläsch of a setzt se och un)

JERRY

Mä ass et dann wouer, Pierrot? D’Frae sinn ëmmer e Cas de Force Majeure. Mir maachen eis hei zigarettepäckweis drop, mä si, si leie gemittlech dobannen an da kréien si herno och nach eng Mammerent.

PIERROT

Grad wéi wann et net scho géif mat engem Mammendag duergoen. Mä vun enger Papperent schwätzt kee Mënsch. Et gëtt just nëmme zwee hongreg Deeg Congé.

JERRY

(kuckt nervös op d’Auer) A mat der Lamberty’s dobannen ass deen éischte scho bal duerch d’Päif. (fänkt sech eng Zigarett un)

PIERROT

En Affront, géif ech mengen. A grad mir zwee, déi kucken, dass d’Lëtzebuerger net sollen ausstierwen. Wat hu mir eis dach virun 9 Méint dropgemat.

JERRY

Eben. Wann et mat eisem demographesche Biergof net gläich biergop geet, da kréien déi hollännesch an déi preisesch Touristen op eemol keng Photoe méi vun eis ze maachen.

PIERROT

Da kënnt dee leschte vun eiser Marque Nationale an de Musée stoen, mat dem historesche Vermierk: Homo Luxemburgensis, vun 963 – 2085 no Christus. Particularités: breet Schëlleren, Klatzkapp a Béierbauch. (fänkt sech och eng Zigarett un)

JERRY

An deem Sënn hëllefen och keng Allocations prénatalen a postnatalen an déckt Kannergeld, vu Naturalisatiounsgesetzer emol guer net ze schwätzen - neen, duerfir muss d’Summerzäit erëm ofgeschaf ginn.

PIERROT

D’Summerzäit ofschafen? Ou, a firwat dann?

JERRY

Ma da gëtt et owes erëm éischter däischter, an d’Leit ginn an d’Bett, éier se midd sinn.

PIERROT

Aha, gutt. An dann, dann ass et ower nees un eis. Esou ewéi deemools ... Jerry, ech soe jo: Ech sinn haut nach net zou mer

(Et héiert een e Puppelche jäizen.)

PIERROT

Héier! Do jäizt eppes. Dat ass sécher mäint.

JERRY

(rappt de Pierrot zréck) Hee, schéin der Rei no. Ech wor vir. Nu fänk du net der Lamberty’s hir Tricken un.

(D’Hiefamm kënnt mat Dossieren eran.)

HIEFAMM

Nun zerklappt iech net, Jongen. D’Comptabilitéit ass séier gemat. (zum Pierrot) Eemol e Jong, dat ass Ären.

PIERROT

Hë? E Bouf? Saugutt! (gëtt hir eng Bees)

HIEFAMM

(grouss) Pardon … also … lauschtert emol …

PIERROT

Mä ech hu meng Wett gewonnen. Dräi Këschte Béier, meng Mod. - Mä jee, du muss nach vill Schmieren iessen, éier s de hei matschwätze kanns.

('t héiert een nach e Puppelche jäizen.)

HIEFAMM

(zum Jerry) An e Meedchen, dat ass fir Iech, Här Feiersteen.

JERRY

(erliichtert) E Meedchen! Ufff! Ee Gléck, et ass e Meedche ginn.

HIEFAMM

Wéisou? Hutt Der och eng Wett gewonnen?

JERRY

Neen. Mä ech wëllt net, dass mäi Kand jeemools dat am Liewe matmaache muss, wat ech haut hei ausgestanen hunn.

HIEFAMM

(laacht) Op jidde Fall, meng beschte Félicitatiounen. Dir sidd richteg Männer. Männer, op déi mir puer Lëtzebuerger kënnen houfreg sinn.

PIERROT

Pff, hatt huet gutt rieden. Hatt weess net, wat dat ass, Kanner kréien.

JERRY

Sot, et ass jo elo alles hei an der Rei? Mir brauche jo kee Liwwerschäin ze ënnerschreiwen? Da sot Der zu eise Fraen, si bräichte sech keng Gedanken ze maachen, mir hätten alles gutt gepackt ---

PIERROT

--- a mir géifen op déi Force hin e gudde Patt mat hirer Mammerent huele goen.

(Allen zwee mat de Blummen of, d’Hiefamm steet platt do.)