JUST DEEN EEN NOMËTTEG

(2016)

 Persounen:     d’Hiewann

den Doudegriewer (schwaarze Kostüm, wäisst Gesiicht)

den Aueremécher

 

 

(Währenddeem den Aueremécher u sengen Auere schafft a kniwwelt ...)

HIEWANN

Ech gesinn se fir d’éischt - ech sinn Hiewann.

DOUDEGRIEWER

An ech gesinn se fir d’lescht - ech sinn Doudegriewer.

HIEWANN

Ufank an Endstatioun!

DOUDEGRIEWER

An tëschent eis zwee, do läit alles.

AUEREMÉCHER

Alles – an ower net vill. Weess de, fir deen hallwen Nomëtteg, wou een hei op der Welt ass ... Sou vun hallwer 3 bis knapps véierel vir 6. Do brauch ee sech net ze mengen.

HIEWANN

(zum Doudegriewer) Ah, ech lauschteren him sou gären no, well hien ass dee mat den Aueren.

DOUDEGRIEWER

A wann een et wësse muss, wéi de Mënsch tickt a stoe bleift, dann ass et hien.

HIEWANN

Hie schafft scho säit éiweg un den Zären an de Riedercher vun denge Joeren, un dem Pendel vun der Zäit.

AUEREMÉCHER

60 Minutte fir eng Stonn ... 24 Stonne fir een Dag ...

DOUDEGRIEWER

Vill soen der: Wat? Nëmmen?

HIEWANN

Anerer äntwerten: Ja an? Trotzdem ëmmerhin!

AUEREMÉCHER

't hänkt eben dervun of, wat ee mat deem mécht, wat ech him hei ginn, wann ech seng Auer opzéien.

HIEWANN

Dat Schlëmmst am Liewe wär, wann s d’ et géifs verpassen.

DOUDEGRIEWER

Einfach nëmme mat den Nopere streiden an dem Cours vun den Aktien hannendru lafen.

AUEREMÉCHER

(ironesch) Oder mat imposantem Optrieden a fulminanten Allüren dech selwer an denger grandioser Grandiositéit verléieren.

HIEWANN

Genau. Wat notzt et der nämlech, wann s de just an dengen Titelen, an dengem Geld an an denger Folie des Grandeurs ersäifs?

DOUDEGRIEWER

An der Morgue géifen d’Leit no dem Seene villäicht soen: Dat doen, dat wor ee vun deene ganz Wichtegen.

AUEREMÉCHER

Wichteg? Wat heescht hei: wichteg? Do gëtt et den Universum mat senge Galaxië scho Milliarde Joer, an da kënns du nëmme fir deen hallwen Nomëtteg heihin a mengs och nach just du, du wäers deen, op deen déi aner all gewaart hätten?!

HIEWANN

Ech hunn der scho vill gesi kommen, déi gemengt hunn, si kéimen als hiert eegent Monument op d’Welt, mä esou wichteg wichteg ass keen. D’Bicherregaler béie sech ënnert all deenen, déi gemengt hunn, se missten d’Rad nei ze erfannen.

DOUDEGRIEWER

A komm emol op mäi Kierfecht, dee läit voll vun all deenen, déi gemengt hunn, si wiere fir d’Éiwegkeet gemat.

AUEREMÉCHER

(fir sech) Prominenzen an Eloquenzen, Korpulenzen an Dekadenzen.

DOUDEGRIEWER

Sécher. Jiddweree besteet nëmme just aus sech a keen aus engem aneren.

HIEWANN

Jiddweree fréiert seng Keelt, jiddweree schweesst seng Hëtzt,

DOUDEGRIEWER

Jiddwereen ass nuets nëmmen an deem engen Däischteren, deem Däischtere rondëm hie selwer.

HIEWANN

Jiddwereen ass ebe fir sech dee Wichtegsten - mä déi puer Stonnen tëscht hallwer 3 bis knapps véierel vir 6, déi päifen der drop.

DOUDEGRIEWER

Kuck just iergendeppes Klenges ze hannerloossen, fir dass d'Leit daags-drop soe kënnen: O, kuck, do wor gëschter schon ee viru mir hei.

AUEREMÉCHER

(ass am Gaang mat enger Auer, op eemol) Do! Elo tickt déi net méi. An et wor ëmmer Verlooss op se.

HIEWANN

Kuck einfach, dass e puer Trëtt a Spuere hannert der bleiwen. Fir dass de daagsdrop net komplett onentschëllegt feels.

AUEREMÉCHER

(nach mat der Auer) Déi huet hiert gemat. 60 Minutte fir eng Stonn ... 24 Stonne fir een Dag ...

DOUDEGRIEWER

Ech ka mech do nach un deen ale Konfuzius erënneren, dee sot schonn: Dräi Saachen solls de am Liewe maachen: e Kand an d’Welt setzen, e Bam planzen an eppes schreiwen, wat s de erliefs hues.

HIEWANN

An dee Mann hat recht. Där klenger Trëtt gi vëllechen duer. Well sou wichteg ass keen, dass en de leschte Schoss am Rewolwer wier.

AUEREMÉCHER

Sou wichteg ass keen – well och ouni dech an ouni deng Titele fënnt all Zuch déi nächste Gare.

DOUDEGRIEWER

Och ouni dech an ouni däi Geld gëtt et eemol am Joer Päischten.

HIEWANN

Och ouni dech an ouni däi ganze Curriculum Vitae falen d’Blieder am nächsten Hierscht vun de Beem.

AUEREMÉCHER

Neen, sou wichteg wichteg ass keen, well och e Spatz, deen huet nach ni eng Sonnefinsternis fäerdeg bruecht ...