ZOUFÄLLEGEN ZOUFALL

(2021)

 

 

Persounen: zwou Fraen A – B

 

 

 

(A a B begéine sech iergendzwousch ënnerwee)

A

(geet erfreet op B duer) Neen, nu kuck emol do! Wat en Zoufall, dass mir zwee eis hei begéinen!

B

(kuckt grouss) Mä erlaabt, mir kennen eis jo guer net.

A

(schwätzt ewéi e Waasserfall) Eben duerfir. An dobei kennen ech der esou vill, an déi begéinen ech net. Wësst Der, wann ech emol enger Frëndin iwwert de Wee lafen, mäi Gott, dat géif mech net verwonneren. Mä ech kennen Iech net, Dir kennt mech net, an ower begéine mir eis hei.

B

(versteet net) Jo, mä … mä ….

A

Ass dat da keen Zoufall?! Kuckt, Dir hätt dach elo grad esou gutt entzwousch anescht kënne sinn. Oder ech. Hei, de Mëtteg duecht ech nach bei mir: Gees de an d’Stad oder kënns de heihinner? An nu stellt Iech emol vir, ech wier an d’Stad gaangen. Stellt Iech dat nëmme vir. Do hätt ech eventuell d‘Toussaints Nathalie begéint oder d‘Madame Brimeyer, mä net Iech.

B

(iwwerleet) Jo … oder et hätt jo grad esou gutt kënne sinn, dass ech fënnef Minutte méi spéit vun doheem fortgaange wier. Da sténge mer elo och net hei.

A

Voilà. Elo fänkt Der un, konstruktiv matzedenken.

B

(idem) Effektiv … wann ee sech d’Saach richteg iwwerleet …

A

't geet mer heiansdo och esou doheem. Wéini duecht ech: So, d’Yolande huet och scho laang net méi ugeruff. An du rabbelt den Telefon. 't wor zwar net d’Yolande, mä meng Schwéiesch, d’Isabelle. Do louch ech zwar liicht derlaascht, mä ëmmerhin hat den Telefon ower an deem Moment gerabbelt. Alt nees esou en Zoufall.

B

Jo. Dat hat ech och eemol geduecht, wéi e gerabbelt huet ---

A

Voilà, gesitt Der.

B

--- mä du wor et d’Yolande.

A

Wéi? Dir kennt d’Yolande och?

B

Vu Lëntgen.

A

Ah, dann ass et en anert d’Yolande. Mäint, dat ass vun Iechternach. Mä alt nees Zoufall: mir kennen allenzwee e Yolande.

B

Ech mengen, lo verstinn ech, wat Der mengt. Dat hei ass alles vill méi Zoufall ewéi wann ee wierfelt an 't gëtt dräimol hannerteneen eng 6. Oder am Casino bei der Roulette véiermol hannertenee rout.

A

Genau, Madame, genau.

B

Grad ewéi am Lotto. Fir do e Sechster ze gewannen ass d’Chance 1 op méi wéi 14 Milliounen. Du mengs, do wiers du ni derbei. Mä iergenteen trefft et awer ëmmer. An deen hat dat och net geduecht. Alt nees Zoufall.

A

Schwätzt mer net vu Lotto. Elo spillen ech scho säit 3 Joer an hunn nach nimools eppes gewonnen.

B

Mengt der ech dann? Nach kee Su a kee Frang.

A

A wann Der virun iwwerleet – ech wëll den Däiwel elo zwar net un d’Wand molen – mä wéi dacks hu scho Leitt ewéi mir zwee sech begéint oder de Goldfësch huet am Aquarium d’Kéier grad no riets geholl an net no lénks, an dann ass iergentzwousch en Ongléck op der Welt geschitt. Villäicht och grad an dësem Moment.  

B

Nu sot nach just, do wiere mir zwee an der Schold.

A

Dat net, mä et mécht ee sech alt esou seng Gedanken. Kuckt, wéi de Kathe-dralstuerm an den 80er Joeren ofgebrannt ass, dunn  ass menger Nopesch hierem Eedem säi Briquet net méi gaangen. Genau dee selwechten Nomëtteg. An dobei gong e bis dohinner nach ëmmer. Stell ee sech dat vir: geet et net schonn duer, dass d’Kathedral an dem Koup läit, neen, muss hien och nach no Fixfeier siche goen.

B

Jo, mä dir kënnt d’Saach och vun där anerer Säit kucken: wéi vill Briquetë ginn dann de Geescht op, ouni dass Kierchentierm doruechter ofbrenne mussen?

A

Alt nees eemol Zoufall. Ech soe jo: ëmmer alles Zoufall.

B

Mä de preisesche Kinnek Friedrich de Groussen huet dogéint philosophéiert, Gléck an Zoufall wieren zwee Wierder ouni Sënn.

A

Asou! Ouni Sënn? Mä dann erzielt deem emol dat hei: Mir zwee begéinen eis, wou mer eis guer kennen – Dir hat schonn e puermol am Lotto net gewonnen, ech hat schonn am Lotto net gewonnen, Dir kennt e Yolande, ech kennen e Yolande ---

B

Dir hutt recht. Bestëmmt duerch Zoufall. Well esou zoufälleg kann nëmmen deen zoufällegsten Zoufall sinn.

A

A fir dat all deene philosophesche Philosophen ze beweisen war et scho gutt, dass ech net an d‘Stad gong an Dir net fënnef Minutte méi spéit doheem fortgaange sidd.

 

 

________________________________________________________________