GESETZ A REGLEMENTER

(2001)

Persounen:       d’Madame Riichter

                        den Arnold Pillchen, e kleespere Männchen,

                                                                Genre: Ierbëssenzieler

                        d’Clothilde Pillchen, seng Fra,

                                                                eng bësseg „Tullepant“

                        de Pechert

                        den Taxichauffeur

 

Décor:              um Geriicht

 

 

 

TAXICHAUFFEUR

Jorhonnertaffär … Fierschteraffär … Bommeleeëraffär - ech sinn op jidde Fall gespaant, wéi déi heien Affär ausgeet.

CLOTHILDE

Wéi soll déi da vill ausgoen, déi heien Affär? Ech si säi Clothilde a fir mech ass et kloer. Gesetz a Reglementer ass dat eent, e gesonde Mënscheverstand dat anert.

RIICHTER

(wullt an hire Paperassen) Egal wéi, ‘t ass e komplizéierten Dossier.

PECHERT

Dir huelt mer d’Wierder aus dem Mond, Madame Riichter. ‘t ass e komplizéierten Dossier! Elo sinn ech scho säit 35 Joer Pechert, a gleeft mer, ech peche vill, ower als Zeien hat ech esou e Fall wéi dëse Fall op jidde Fall a kengem anere Fall nach net. Waart, ech ginn den Ugekloten emol sichen. (geet of)

CLOTHILDE

Mä pak mer en nëmmen net un, Bouf, soss hänks de muer um Schlauch a gëss flësseg gefiddert.

(De Pechert kënnt mat dem Arnold Pillchen eran.)

RIICHTER

Aha. Do hu mer jo dee gelungenen Individu. Bon … Ären Numm?

CLOTHILDE

Pillchen, heescht dee gelungenen Individu. Mä rufft en einfach Arnold, da kënnt en a mécht Sitz.

ARNOLD

Genau. Hatt muss et wëssen. Hatt wunnt nämlech bei mer am Haus. Esou ubestuet, verstitt Der … laut Contrat de Mariage … à durée indéterminée.

CLOTHILDE

Hopp, tuddel elo net, mä ziel em direkt, wéi et gaangen ass, dass mer eppes gemat kréien. (fir sech) Affären, Affären, an elo och nach eng Pillchensaffär!

ARNOLD

Sécher, Clothildchen, sécher. (zur Madame Riichter) Also, et wor mëttwoches an ech wollt just e Pättchen huele goen. „Bei d’Jeanny“, Boufferdengsbéier, hanne riets an der Strooss bei deem Parkverbotschëld „Excepté vum 1.bis de 15. du mois“.

RIICHTER

(schreift mat)  … Excepté vum 1. bis de 15. du mois …

ARNOLD

An Dir wësst jo, Madame Riichter, wéi dat esou geet, wann et bis esou geet - kuckt, wiert Dir e Mann, da wiert Dir sécher och schonn eemol hänke bliwwen - opo eemol wor et ech weess net méi wéi vill Auer, an de Pillchen wor kee Pillchen méi, mä scho,n e gehéierege Pull.

RIICHTER

(idem)  … e gehéirege Pull. - A wat hat Der da gedronk?

ARNOLD

Mmm, dat ass schwéier bis an dee klengsten Détail ze definéieren, well wéi ech erakoum, louch ee beim Comptoir stackgranatevoll um Buedem, an du sot ech zum Wiert: „Patron, dat selwecht, wann ech gelift“.

CLOTHILDE

Voilà. A mat „Patron, dat selwecht, wann ech gelift“ léisst een dach den Auto stoen -  (weist op der Riichterin hir Bicher a Paperassen) schéin anstänneg, wéi d’Gesetz et an Äre Brigitte-a-Frau-Aktuellen do wëllt.

ARNOLD

Oder hätt Dir Iech esou hannert de Volant katapultéiert, Madame Riichter, mat engem Hick vu stolz 2,4 Promill a mat enger Salzstaang am Mond, fir d’Gläichgewiicht ze halen? Ah, gesitt Der.

TAXICHAUFFEUR

Voilà, an duerno, Héicht Geriicht, duerno huet e sech Humpe fir Humpen an Drëpp fir Drëpp bei mech an den Taxi eragedruddelt, an ech hunn e fir 1.260 Frang heemgefouert. Mä dommerweis wor no deem Mëttwoch ---

RIICHTER

Donneschdeg.

ARNOLD

Jo sécher. Mä dat wier net esou schlëmm gewiescht, ower well mer vun Ufank u scho mëttwoches de 15. haten, wor deen Donneschdeg daags drop dunn donneschdes de 16. a wéi ech nomëttes mäin Auto siche gong ---

PECHERT

---  dunn hat ech him ee gepecht. Excepté vum 1. bis de 15. du mois. Dir hutt Iech et jo elo grad mat opgeschriwwen. Well dee Véhikel stong du jo logescherweis falsch.

CLOTHILDE

Logescherweis! Elo versicht hien och nach hei ze raisonéieren.

RIICHTER

(nervös) Ee Momentchen, dir Herrschaften, net esou schëtzeg an net alles mateneen. Récapitulons: Mëttwoches wor also de 15.

PECHERT

Genau. An daags drop hate mer de 16.

ARNOLD

An dat ass jo nu wierklech net meng Schold. Ech muss zwar doheem all Dag eisem Clothilde säin Hamster frësch maachen an en duerno nees mat dem Päiperleksnetz an der Stuff afänken ---

CLOTHILDE

Arnold, tais-toi!

ARNOLD

--- mä neen, fir de Kalenner mat dem 16. nom 15. sinn ech nun ower net zoustänneg. Mä soit: ech wor also juristesch gesinn donneschdes am Feeler, well ech mëttwoches juristesch gesinn net am Feeler wor, wann ech richteg verstanen hunn?

RIICHTER

Här Pillchen, kommt, um Datum ass näischt méi ze réckelen. Mä hat Dir da wierklech esou vill gedronk, dass Dir Ären Auto net ower villäicht dach nach dee 15. aus där ominöser Parkzon do eraushuele konnt?

CLOTHILDE

A frot net wéi, Madame Riichter! Dir hätt emol déi Nuecht misse bei en an d’Bett kommen, wat dat do gefacht huet. No Béier, no Quetsch, no Mirabell.

ARNOLD

Mä Mais-chen, ech ka jo ower net wéinst denger de ganzen Owend 4711 drénken.

TAXICHAUFFEUR

Dat kann ech bezeien. Hei, no e puer Kilometer wor en am Gaang sech aus der Krawatt erauszewiergen an d’Hiem lasszeknäppen. Ech sot: „Hee, Dir sidd ower nach net doheem?“

ARNOLD

An du wor meng spontan Reaktioun: „Mä dat häss de mer ower och kënnen éischter soen, elo hunn ech scho meng Schong virun d’Dier gestallt.“

CLOTHILDE

(zur Madame Riichter) Ah … vous voyez! Elo sot Der näischt méi.

RIICHTER

(fir sech) Hellege Code Pénal! - Also, am Numm vum Gesetz, éischtens: op Grond vu sengem 4711, vu senge Schong a sengem veralkoholiséierten Zoustand: (schléit mat hirem Himmerchen op den Dësch) Onschëlleg!!!

ARNOLD

Saugutt, Meedchen! Déi nächste Kéier huelen ech een op Iech.

PECHERT

Hee, hee, Madame Riichter - Asproch! Daags drop hate mer ower de 16.!

RIICHTER

Zweetens: op Grond vum Datum, vun de Verkéierschëlter a vu mëttwoches an donneschdes: (schléit nees mam Himmerchen op den Dësch) Schëlleg !!!

TAXICHAUFFEUR

Pardon?

ARNOLD

Wéi?

CLOTHILDE

(geet mat dem Prabbeli op de Richterdësch duer) So, a wat heescht dann dat elo?

PECHERT

Et voilà! Hopp, la séance est levée.

RIICHTER

Gesetz a Reglementer sinn eben do, fir sech drun ze halen.

CLOTHILDE

(zur Riichterin) Mä Dir sidd mir eng Aartlech. En huet sech jo ower dru gehalen.

RIICHTER

Nu verkuerbelt mech net nach méi. Dat ass et jo grad: well e sech dru gehalen huet, huet e sech net drugehalen. O, wat eng komplizéiert Affär!

ARNOLD

Eemol onschëlleg, dann nees schëlleg - elo misste mer nach de Frang werfen, wéi?

RIICHTER

(zum Arnold) Dir hätt einfach sollen dënschdes, de 14. tute goen, da wier deen aneren Dag mëttwoches, de 15. gewiescht, an alles wor an der Rei. (ëmmer méi duercherneen a méi séier geschwat) Oder et misst een einfach de 15. an de 16. vun all Mount aus dem Kalenner sträichen, da kéim direkt nom 14. de 17. a vun dënschdes bis freides ka jo keen un engem Stéck „Patron, dat selwecht, wann ech gelift!“ drénken, a jiddweree sténg ëmmer richteg an ni falsch geparkt ... neen, ech si scho ganz duercherneen mat deem Duercherneen!

CLOTHILDE

Gesetz a Reglementer! Kommt, mer schafen einfach alles of! ‘t ass nëmmen Theorie a Kosmetik.

TAXICHAUFFEUR

Genau. D’Geriichter ginn net eens dermat, déi meescht hale sech jo dach net drun, an déi puer, déi sech drun halen, déi sinn herno och nach déi domm derbei.

RIICHTER

Justiz, Gesetz a Reglementer! (zum Arnold) Ugekloten, Dir sot näischt. Dir denkt sécher heemlech bei Iech: Pff, se kënne mir dermat de Bockel erofrëtschen!

ARNOLD

Neen, Madame Riichter, esou héich erop hat ech mer et am Fong geholl emol net virgestallt …