INVENTAIRE BEIM STAAT

(2012)

 

Persounen:      de Bigelbaach, e klenge Staatsbeamten

den Dupont, de Chef de Service

                                         (iwwerdriwwe karikaturhaft Personnagen)

 

Décor:             an engem Büro, nach mat der Photo vum Jang un der Mauer

 

 

 

BIGELBAACH

(kuckt op d’Auer) Voilà. 9.30 Auer. (hëlt aus sengem almoudesche Kuuschtesak eng Thermosfläsch an zwou duebel Schmieren eraus, fänkt un en Ee ze schielen, etc) Ah jo, och an engem Staatsbetrib gëtt et e konkrete Planning fir de ganzen Dag: mueres d‘Kalennerblad erofrappen, de Stëbs vum Büro blosen, dann d‘Blummen netzen, d‘Doudesannoncë liesen an elo, ëm hallwer zéng ---

DUPONT

(streckt de Kapp eran, verwonnert) O … hei sëtzt tatsächlech een.

BIGELBAACH

Jo. De Bigelbaachs Tun. Mä kommt, setzt Iech bäi, da kritt Der eng Taass Kaffi mat, Här … eh … (sicht no engem Numm)

DUPONT

Dupont.

BIGELBAACH

Dupont? Ween ass Dupont? Kenne keen esou hei an där Boîte.

DUPONT

Ma ech sinn Äre Chef de Service.

BIGELBAACH

Vreck. Hunn ech och esou eppes? (méi fir sech) Dat ass mer emol guer net opgefall. An et ass ower gaangen.

DUPONT

Dir … Dir schafft scho laang hei?

BIGELBAACH

O mei! Keng Ahnung.

(Verwonnert Reaktioun vum Dupont)

Wësst Der, et gëtt Summer, et gëtt Wanter, an esou vergeet d’Zäit. 't ass ower bestëmmt schonn eng Weilchen hier, well kuckt, do hänkt nach e Bild vum Jang. Mä sot emol, firwat intresséiert Iech dat dann? A just elo ëm 9.30 Auer.

DUPONT

Mä ech sinn am Gaang den Inventaire ze maachen. (kuckt op sengem Bloc) 5 Photocopie-Maschinnen, 7 Schredderer, 12 Mantelbrieder mat an 9 ouni Prabblistänner ---

BIGELBAACH

An do kommen ech dann och mat an d’Rei?

DUPONT

Beim Staat fonctionnéieren d‘Fonctionnairen eben an deene verschiddenste Fonctiounen. Kuckt, do ruffen der op de Krankekeesen d‘Leit bei de Kontrolldokter, do hunn der um Transportministère Sandweiler ënnert sech, do sinn der op der Steierverwaltung Joer fir Joer esou pingeleg mat Ärer Steiererklärung ---

BIGELBAACH

Ech verstinn. Déi Spezial-Unitéit op all Ministère, fir d’Leit ze schikanéieren. A wann déi dann och nach Kaméidi mat der Fra doheem hunn, dann iwwerdréit dat sech ganz positiv op de Client.

DUPONT

Wat wëllt der hunn - de Staat bitt eben däermoosse vill Flexibilitéit. Hei, mir hunn esouguer ee bei eis schaffe mat engem Diplom avec grande distinction, fir iwwerall d’Schold ze kréien.

BIGELBAACH

Een, dee fir alles d’Schold kritt … Genial!

DUPONT

Schonn an der Schoul wor hien et ëmmer, wann iergendeen eng fléie gelooss huet. Ëmmer konnt hien d’Pan klaken. An en huet et gutt gemat. Du huet e sech dora weider ausbilde gelooss, mat praktesche Stagen a Formation continue, do wou d’Leit een sou richteg verhondsen, wéi bei der CFL wéinst de Verspéidungen oder an de Klinike wéinst neien Hëften op der falscher Säit ---

BIGELBAACH

An elo gouf e verstaatlecht: ob d’TVA an d’Luucht geet oder ob den öffentlechen Transport méi deier gëtt - hien ass den Topert vum Déngscht.

DUPONT

Genau. Den ideale Mann fir all Bauzegkeet, déi an der Politik gemat gëtt. An dobei ass en op sengem Posten déck zefridden. Éischtens, geet him d’Aarbecht bei eis net aus ---

BIGELBAACH

--- an zweetens, wann een dann och nach derfir bezuelt gëtt, da gehéiert et op eemol zu dengem Prestige.

(Den Telefon schellt.)

(hieft op) Toutes nos lignes sont occupées. Haben Sie bitte ein bisselchen Geduld. Mir si gläich fir Iech do. (hänkt nees an)

DUPONT

(kuckt grouss) Eh … ma ja ... also … a wat schafft Dir dann esou?

BIGELBAACH

Ech? Näischt.

DUPONT

Wéisou: näischt?

BIGELBAACH

Ma näischt. Vu mueres bis owes einfach: GUER NÄISCHT.

DUPONT

(euphoresch iwwerrascht) Wat? Dir sidd deen? Nun haalt ower op! Also, do hu mer der wäit iwwer 20.000 beim Staat, an een dervun mécht näischt. Déi Rumeur kurséiert jo scho wéi laang an Insider-Kreesser.

BIGELBAACH

Mä wou sëtzt en? Dat ass schwéier ze soen, well een, deen näischt mécht, dee kanns de och schwéier localiséieren.

DUPONT

An da gëtt et dee grad bei mir a mengem Service. (gëtt him erfreet d’Hand) Ah, et ass mer wierklech eng Éier, Här … eh, wéi wor scho méi den Numm?

BIGELBAACH

Bigelbaach.

DUPONT

Richteg, Här Bigelbaach. (voller Bewonnerung) Neen, kuck do! Dir sidd also deen ee vu villen, deen einfach nëmmen heihi kënnt, fir op seng Pei ze waarden.

BIGELBAACH

Jo. An esoubal ech mat menger Kaffispaus fäerdeg sinn, da waarden ech nees weider.

DUPONT

Mä … erlaabt mer déi domm Fro: Wat misst Der da maachen, wann Der géift eppes maachen?

BIGELBAACH

O mei, dat ass schonn esou laang hier, dat hunn ech ganz vergiess. Op jidde Fall maachen ech mat näischt och näischt zum Onwee. Dir hutt jo selwer gesot: op anere Plaze missten se e Juegtpermis hunn, fir all déi Béck, déi se schéissen.

DUPONT

Eben. An Dir entspriecht och all Profil souhaité aus den Annoncen um Aarbechtsmaart: impérativement autonome … esprit d’initiative  

BIGELBAACH

Sécher. Du erfënns andauernd nei Beschäftegungen, fir d’Zäit dout ze schloen.

DUPONT

Vous avez les qualifications requises ….

BIGELBAACH

Kloer dat. Mat Bac+1 oder Bac+2 stells de däi Patron grad esou zefridden ewéi einfach mat dräimol dem 6. Schouljoer.

DUPONT

Vous avez le  sens de la responsabilité ---

BIGELBAACH

-- et l’esprit d’équipe. Well bei engem Krankeschäin muss keen aneren meng Aarbecht matmaachen. A setz menger e puer beieneen, da geet d’Produktivitéit am Carré an d’Luucht.

DUPONT

An en fin de compte sinn d’Gewerkschafte iwwerflësseg, well kee Patron kann dech per Kollektiv-Vertrag zwéngen, nach manner ze schaffe wéi näischt.

BIGELBAACH

Dir sot et. Mä lauschtert emol, wéi hutt Der mech da fonnt?

DUPONT

Ho, dat ass komesch gaangen. Ech kommen de Mueren d’Trapen erop, dréie mech - ech weess och net firwat - no riets am Plaz ewéi all Dag no lénks, a wat gesinn ech? Ma do geet de Gank jo ëm d’Kéier. Ech ginn emol dohinner kucken … tatsächlech, dee gong do weider … an hannen, ganz hannen, do wor jo nach eng Dier … ech hu mengen Aen net getraut.

BIGELBAACH

Ah, all Respekt, Här … eh … wéi wor scho méi den Numm?

DUPONT

Dupont.

BIGELBAACH

Genee, Här Dupont. Dir sidd dee richtege Chef. Dir hutt deen totalen Iwwerbléck, Dir hutt alles am Grëff. Well wat fir e Chef geet schonn ëm den Eck kucken, ob de Gank hannert dem Eck nach weider geet?

DUPONT

Hätt eise Staat der erlauter ewéi eis zwee, da kriite mer e véierfachen A bei de Rating-Agenturen.

BIGELBAACH

Eben. Hei kënne se sech hiren Inventaire iergentzwousch histiechen an da gutt fest zoupëtzen, dass en net verrutscht.

(Den Telefon schellt nees.)

(hieft op) Déi Nummer, déi Dir gewielt hutt, gëtt et net. Ce numéro n’existe pas. (hänkt nees an)