DE CRIC

(2001)

Persounen:            de Mann 1

      de Mann 2

 

 

 

('t ass nuets.)

MANN 1

(am Reemantel, voller Knascht) Nondijö, e Platten! An da matten an der Nuecht an och nach kee Cric am Auto. Wou gëtt et esou eppes?! Elo hänke mer ower schéi mat de Weck. (kuckt no riets an no lénks) Well wee kënnt hei schonn op där klenger Strooss nuets ëm hallwer dräi laanscht? Do kanns de nach laang waarden. (bekuckt sech nach eng Kéier den Auto) Mäi Gott, en ass jo nëmmen ënne platt, mä trotzdeem ... E Platten ass e Platten a kee Cric ass kee Cric. Allezhopp, komm, da maache mer eis alt op de Wee bis an dat nächst Duerf. (trëppelt doruechter, eventuell och duerch de Sall, fir bis bei dat éischt Haus ze kommen, iwwerdeems:) Et gëtt dach bestëmmt nach fei Leit am Land, déi engem och matten an der Nuecht opmaachen, fir der mat engem Cric auszehëllefen.

(op eemol skeptesch) Mä sécher gëtt deen dann ongehuwwelt a granzeg, wann ech bei him schellen. Sécher schneit en esou eng Binett vun uewen erof à la „du kanns mech emol“. ‘t weess ee jo gutt, wéi se op de Büroen drakucken, wann s de nach just viru fënnef kënns. „Hutt Dir schonn eemol op d’Auer gekuckt? Oder kënnt Dir nëmme bis zwanzeg vir zielen?“ An da fillen se sech staark, déi kleng Bonsai-Beemercher mat hire ville Stempelen an nach méi Formulairen, well s du jo gären eppes vun hinnen häss a si näischt vun dir. Dobei kënnen se keng Kaffispause maachen, well soss missten se nees frësch ugeléiert ginn an dertëscht sinn se esou lues, et géif duergoen, fir sechs Zich ze verpassen. Aarmséileg Existenzen! Wann et esou een ass, dee mer opmécht - da fueren ech ower aus de Strëmp.

(riet sech ëmmer méi an den Äifer) Oder waart, ‘t ass villäicht ee vu ganz uewen, ee vun der Chef-Etage. Ee vun deem berühmtene Kouhandel: fir déi Déck d’Panz an d’Hamen – fir déi Kleng de Schwanz an d’Mamen. Se sëtze mat Hugo Boss a Pierre Cardin an hire Conseil d’Administrationen, kräische sech bei de Gewerkschaften d’Aan aus dem Kapp, wa se musse wéinst hirem eegene Profit Plazen ofbauen, a wann dann alles d’Baach a geet, kréien se nach Miliounen a Milliounen nogehäit. Dach, ech gesinn e schonn, a sengem héige Liederstull mat Rollex, Havanna-Zigar a Chef-Sekretärin, déi e bei Geschäftsreesen mat an d’Bett hëlt, ower nëmme just - sou seet en doheem zu senger Fra - nëmme just, well e fäert, e géif mueres eleng säi Wecker net héieren. Uuhh, déi hunn ech fir Liewe gär. Esou ee kéim mer grad giedlech. An och nach grad nuets am Pyjama.

(kuckt no vir) Ah, ee Gléck, kuck! 't wor jo net esou wäit. Dohannen ass dat éischt Haus, do wunnt jo schonn een. - Neen, so engem dat: kréien ech nuets ëm hallwer dräi e Platten!

(geet weider, ëmmer méi queesch) Mä wat nun natierlech de Kombel beim Kombel ass: bei all mengem Pech deen ech hunn, ass et garantéiert weder esou klenge Bürosklamer-Bonsai-Beemchen nach en Décken, dee säi Wecker eleng net héiert, mä ee vun enger Carrière dertëscht. Esou e schmieregen, papegen, schwabblege Paltongzéiert. Esou e Fiffi, dee sech mat aneren am Mo vum Président-Directeur-Général erëmfënnt: deen huet déi eng wuel opgefriess, mä hien, hie koum vun där anerer Säit eran. Dach. Ech kennen där. Deenen aneren doruechter nospionéieren an dann dem Chef fir eng Gratificatioun klape goen, wann iergendee méi ewéi dräimol am Dag op d’Toilette geet. Ah, ech kache vu Roserei! Bei esou Crapulë kréien ech Bullen. (bleift stoen) Voilà, probéiere mer emol trotzdem. (mécht, wéi wann e géif un enger Hausdier schellen) Neen, ech ka se net richen, déi do. Där Je-voulte-bien, mais-je-ne-pouffte-pas, an duerfir zwanzeg Parteikaarten an der Täsch, well et weess ee jo ni ...

MANN 2

(weist sech verschlofen am Pyjama)  Jësesse Kanner, wat ass dann nëmme lass? An dat matten an der Nuecht.

MANN 1

(schwäirosen) Ma, himmelnondidjës, hal däi blöde Cric, du Fettsak, a maach e vu mir aus sauer an! ( geet of )