PENIBEL, PENIBEL !

(2002)

 

Persounen:     d’Fra

de Mann

der Fra hir Frëndin

 

FRA

(kickelt) Penibel!

FRËNDIN

(idem) Penibel!

FRA

Neen, schwätz mir net vu penibele Situatiounen! Do hunn se am „Cactus“ e ganze Koup Béchsen openee gestallt, du pass mat dengem Caddy net op a schons rabbelt et …

FRËNDIN

Penibel, penibel! Du klëmms an den Auto a sichs verzweifelt nom Steierrad. Um Trëttoir stinn se ze laachen an da mierks de erréischt, dass de an Ongedanken hannenera geklomme bass …

FRA

Schrecklech! Mä komm, maach der näischt draus. Jiddwereen huet der, där penibeler Situatiounen, wou een am léiwste mueres guer net opgestane wier.

FRËNDIN

Eben. Hei, wéi ech nach Stewardess wor, du seet de Pilot eemol: Sou, lo gëtt nach eng Taass Kaffi gedronk an da gëtt d’Stewardess zerknujjelt. - An dobei wor den Haut-Parleur nach un …

FRA

Wat? Penibel!

FRËNDIN

Ech sot et jo. Penibel! De ganze Fliger laacht an ech foxdäiwelswëll no vir an de Cock-Pit. Mä dunn hält eng al Mimmche mech un: Dir braucht Iech net ze fläissen, Joffer, sot se, Dir hutt jo héieren, en drénkt nach fir d‘éischt säi Kaffi.

FRA

Penibel! Mä hei, Florence, nach méi penibel, stell der emol vir: de Muere koum de Jacquot laanscht. E Kolleeg vu mengem Emil. (kuckt virsiichteg rondem) 3.000 Euro, sot en, fir eemol mat mir … fir eemol mat mir … (zitt de Rack e wéineg erop) jee, du verstees jo … also net fir mat mir eng Oper ze sangen …

FRËNDIN

Ouauhh! Afegäil! 3.000 Euro … An?

FRA

Wou denks de hin? Et wor kuerz viru Mëtteg an ech hat d’Grompere just opstoen.

FRËNDIN

Pff, dat wier deenen och zimlech egal gewiescht.

FRA

4.000! koum en dunn op de Schlappen. - Ech sot: Geet et mat dir?

FRËNDIN

Do gesäis de, wann déi Maansleit eppes am Kapp hunn!

FRA

An du 5.000. 5.000 Cash! Keen Kontosauszuch vun der Bank! Einfach esou schwaarz. - Ech sot: Neen! Du hues de Réck op! (aneren Toun) Tjo, an dunn, op eemol … bei 5.500 ---

FRËNDIN

Freck! Der Däiwel net nach!

FRA

Eben, Florence. Dat duecht ech mer dee Moment och. 5.500 Euro verdéngs de jo net all Dag … a schliisslech hu mer jo och nach Schold um Haus a mäi Gott, de Jacquot ass vun ënne bis uewen esou ëm déi 1.80 héich an dertëscht nëmme Maansmënsch. An éierlech gesot, dat do dertëscht, dat ass emol nach guer net sou iwwel …

FRËNDIN

Jee, a wéi d’Grompere mëll woren, du has de d’Hoer a deng Blus a däi Make-Up an alles nees comme il faut.

FRA

(zitt de Rack nees richteg) Genau!

(De Mann kënnt heem.)

MANN

Ah, eng Fraekonferenz! Promotion féminine! (gëtt senger Fra eng Bees)

FRA

Stuppi, du kënns ower och ëmmer just am richtege Moment.

FRËNDIN

Si hunn eben eng Nues derfir, gelu, Emil.

FRA

(richt) An ech och. Du richs nämlech no Béier. Penibel!

MANN

(zur Frëndin) A firwat léiwer Béier ewéi eng Fra, Florence? Mä Béier huet ni Kappwéi, Béier kënnt ni ze spéit, Béier huet keng Mamm a Béier gesäit mueres grad esou aus ewéi owes.

FRËNDIN

Ho, ma merci da villmools. Soss villäicht nach eppes, dir Hären?

MANN

Neen, neen. Komplett zefridden. (zu senger Fra) An, Mais-chen, wéi geet et dir dann esou? Has de e flotten, amusanten Dag?

FRA

(fiert zesummen) Ech? Jo, jo …

MANN

Hues de dech net allzevill gelangweilt?

FRA

Ech? Neen, neen …

MANN

E ganzen Dag eleng am Haus … So, has de da weider kee Besuch?

FRËNDIN

(zur Säit) A schon nees penibel, penibel!

MANN

Héier, wor da wierklech keen hei?

FRA

(et gëtt hir ëmmer méi mulmeg) A wee soll da scho vill hei gewiescht sinn?

MANN

Esou just ganz kuerz. Weess de, 5.500 Euro, dat ass jo ower e schéine Batz Geld.

FRA

(vergeet bal) Wat? Wéi? - Ech … ech … also … Dach, elo erënneren ech mech nees esou vague. De Jacquot wor hei … de Mueren, wéi d’Gromperen opstongen.

MANN

(erliichtert an  zefridden) De Jacquot! Ah, voilà! Ech woosst et jo. ‘t ass ower en éierleche Käerel.

FRËNDIN

En éierleche Käerel? Wéisou?

MANN

´t ass zwar penibel, mä e sollt mer nämlech haut déi 5.500 laanscht bréngen, déi ech him de leschte Mount geléint hat …

(D’Fra an d’Frëndinn schneiden eng ganz penibel …)