GARÇON, WANN ECH GELIFT !

(1997)

(e Collage vu Restaurant-Witzer)

 

 

Persounen:        de Monsieur Alexandre, en eleganten Här

                        de Garçon

                        e puer Statisten

 

Décor:              an engem Restaurant

 

 

 

(D’Statiste sëtzen un den Dëscher, déi eng iessen, anerer si fäerdeg asw.)

GARÇON

(facht mat der Méckebaatsch doruechter) A flang! Schéi gediicht, hä? Ah, wann ech eng gutt Sträif hunn, da kommen ech ëmmerhin op eng Dosen d’Stonn. Dat elei ass elo scho meng aacht. (weist engem Client d'Méck) A kuckt Iech se un! Et géifen hirer e puer.

(De Monsieur Alexandre kënnt eran.)

Gudden Owend, Monsieur Alexandre. Et freet eis, Här Professer.

M. ALEXANDRE

Bonsoir, Leopold. An, och nees am Déngscht?

GARÇON

(weist him d’Méckebaatsch) Wéi Der gesidd. A mäin Opschlag ass haut emol nach guer net esou schlecht. Mä kommt, ech hëllefen Iech tout d’abord aus dem Mantel. (hänkt säi Mantel iwwert e Stull, gutt haart) An, wéi ass et ale Gauner? Woors de nees e puer Deeg op der Rull? Wéi e Biischtebënner gesoff? An der Stad bei d’Zatze gaangen, wéi?

M. ALEXANDRE

Neen, neen, mä eng nei Batterie fir a mäin Hörapparat kafen.

GARÇON

(erschreckt) Ha, gutt! An do hat ech geduecht --- (zu engem vun de Clienten) Mä wéi konnt ech och nëmmen? Kuckt e blouss un, an deem Alter! (setzt Brout a Botter op den Dësch) Voilà, Här Professer!

M. ALEXANDRE

Eng charmant Opmierksamkeet vum Haus. An dann dat Muster op dem Botter, dat gefält mer. Just, do ass en Hoer drop.

GARÇON

Ma kee Wonner. Ech hunn dat jo och mat mengem Kamp gemat. (botzt d’Forschett mat sengem Nuesschnappeg of)

M. ALEXANDRE

Hee, a wat heescht dann dat do? An da botzt Der och nach meng Forschett mat äerem Nuesschnappeg?

GARÇON

Weider net schlëmm. Dat muss souwéisou gläich an d’Wäsch.

M. ALEXANDRE

(indignéiert) Ech soen näischt, ech lauschteren a wonnere mech just. Mä kommt, (iwwerleet) servéiert mir haut ---

GARÇON

(gëtt him d’Menüskaart) Erlaabt, Monsieur Alexandre, Dir hutt eis Menüskaart jo nach net gesinn.

M. ALEXANDRE

Dat stëmmt. D’Menüskaart net, ower d’Dëschelduch. – Sot emol, wéi dacks leet der iwwerhaapt en neit op?

GARÇON

Dat kann ech Iech net soen, well ech sinn eréischt zwee an en hallwe Mount hei.

M. ALEXANDRE

(kuckt an der Menüskaart) Soit. Da weist emol hier, dass mer ukommen. Fierkelsjelli ... Choucroute garnie ... – Sot, Leopold, hutt Dir Fräschenhamen?

GARÇON

Neen. Just Rheuma. Ech ginn ëmmer esou.

M. ALEXANDRE

(liest weider) Filet d'Agneau ... Magret de Canard ... oder Hues? Neen. Däers wëll ech net. Dee leschten, deen ech hei giess hunn, wor voller Schroutkären.

GARÇON

‘t deet mer leed, Monsieur Alexandre. Ower Huesen, déi sech futti gelaacht hunn, féiere mer net an der Kichen. Mä sot, wéi hutt Der da virgëschter eise Schnitzel fonnt?

M. ALEXANDRE

Duerch Zoufall, Leopold, duerch Zoufall. - Neen, gitt mer haut eng Forell. Truite aux amandes. Ech sinn e passionnéierte Fëscher, a Fësch ass jo och d’Spezialitéit vum Haus.

GARÇON

Bien sûr! (weist op eng Fra) Hei, déi Madamm dohannen, déi koum an hätt gäre Mulle gehat. Ower net méi däer ewéi d’leschte Kéier, sot se, un deene wor ech bal gestuerwen. - Ah, saugutt! sot ech dunn, dann hunn ech meng Wett mat dem Patron ower gewonnen.

M. ALEXANDRE

(fir sech) Ah, hei an deem Haus hues de ower all Kéier aner Erliefnësser!

GARÇON

(schëtt e Glas Wäin eraus) Sou. Fir den Ufank wier dat elei dann emol den Ufank. ‘t ass jo e Glies-che Rosé, wéi ëmmer, gediert?! (stellt him d’Glas an och en Teller Zalot dohin) Voilà, Monsieur Alexandre.

M. ALEXANDRE

Jo, jo … (kuckt) Hee, a scho geet et nees lass! Garçon, kuckt, a menger Zalot sëtzt e Schleek.

GARÇON

Immens! Dann haten se um RTL ower recht, well da bleift d’Wieder haut schéin.

M. ALEXANDRE

An a mengem Glas Wäin schwëmmt eng Spann.

GARÇON

Psst! Schwätzt net sou haart. Soss wëll op eemol jiddwereen eng hunn. (geet of)

M. ALEXANDRE

Wierklech en aartleche Restaurant! Eemol gëtt e mer mäi Bifteck ganz familiär mat de Fangeren erof – ob ech géif mengen, e wéilt e fir d’drëtt vum Buedem oprafen … Déi Kéier drop bestellen ech mer eng Dauf. Garantéiert frësch, sot de Klunni. A wéi ech se opschneiden, stécht bannendran en Ziedel: On attaquera demain à 6 heures. Napoléon.

GARÇON

(bréngt d’Iessen)  Opgepasst, Monsieur Alexandre, waarm, ganz waarm. Hien niewendrun hat sech schonn elo éinscht d’Schnëss verbrannt.

M. ALEXANDRE

Entschëllegt, Leopold, sinn dat heien hollännesch Gromperen?

GARÇON

Wëllt Der se iessen oder Iech mat hinnen ënnerhalen???

M. ALEXANDRE

Ech froe jo nëmmen, well et kann een heiansdo bäilafen. Kuckt, wéi mat Ärem Brout. Dat ass jo vu gëscht. Ech wëll Brout vun haut.

GARÇON

Ah, da musst Der muer erëmkommen.

M. ALEXANDRE

(richt)  An Är Forell, déi richt no Quetsch.

GARÇON

No Quetsch?  (geet e Schratt zréck, dann:) Probéiert emol. Elo nach ëmmer?

(De Monsieur Alexandre fänkt un z’iessen.)

O, hei an där Boîte méchs de villäicht eppes mat. A säitdeem mer den zweete Stär vum Guide Michelin hunn, rappen se eis d’Bud of. (hëlt vun engem eidelen Dësch eng Zerwéit, botzt sech de Schweess of a leet se nees schéi gefaalt dohinner)

M. ALEXANDRE

Sot emol, Leopold, ech wëll jo näischt behaapten, mä ass déi Forell hei frësch?

GARÇON

Sous garantie, Här Professer. Zwou Minutte bouche-à-bouche, a si schwëmmt nees.

M. ALEXANDRE

(leet Messer a Forschett nidder) Neen, neen, ech halen op. Mat dem beschte Wëllen net. Déi ass esou kleng an dann nach dréchen a steenhaart derbei.

GARÇON

Gesidd Der, da kënnt Der jo zefridde sinn, dass se net méi grouss ass. - Mä sot, ech kann Iech ower eng gutt Kotlett an d’Plaz ginn. Dann hätt Der wéinegstens eppes Zolittes am Bauch.

M. ALEXANDRE

Pardon? Ech hunn ower d’Forell schonn ugebass.

GARÇON

Mécht näischt. Mir hunn och ugebasse Kotletten.

M. ALEXANDRE

Nee merci. Also, ech wor schonn dacks hei, mä den Service wor nach ni esou miserabel wéi haut. Kommt, servéiert mer elo e Kaffi, Leopold. Ower en décafinéierten, wéi ëmmer.

GARÇON

(reecht eng Taass eriwwer)  Voilà, hei steet Är Taass scho prett. Gesäit aus wéi Déca wéi ëmmer, richt no Déca wéi ëmmer an ass och keen Déca wéi ëmmer.

M. ALEXANDRE

(hëlt de Läffel) Mä de Läffel, voller Knascht.

GARÇON

Da réiert Äre Kaffi emol gutt op, da vergeet dat scho vu selwer.

M. ALEXANDRE

(wëllt drénken) An dobei ass och nach alles äiskal.

GARÇON

Kee Probleem. (weist op een) Dann tauscht mat him doiwwer. Deem ass de Béier nämlech ze waarm.

M. ALEXANDRE

(indignéiert) Ech soen näischt, ech wonnere mech just. Fir d'éischt d’Spann am Glas, de Schleek op der Zalot, elo de kale Kaffi --- an dann Är Forell hei. Schrecklech! Sot zu Ärem Chef, e soll sech déi hannen era stiechen.

GARÇON

Dat geet net, Monsieur. Do huet en haut schonn eng Entrecôte an e Prince Orloff.

M. ALEXANDRE

Allez, kommt. Maacht mir d’Rechnung. ‘t ass Schluss elo. Sot lauschtert, ech bezuelen zwar mat VISA, mä kënnt Der mer net zoufälleg 5 Euro léinen, ech hunn nämlech näischt bei mer.

GARÇON

Dach. Gären. (gëtt him d’Geld) Voilà.

M. ALEXANDRE

‘t ass an der Rei, Leopold. Haalt se. Dat ass Äert Drénkgeld. (hieft sech, hëlt säi Mantel a geet of)