EN ÉIERBAART HAUS

(1992)

Persounen:            Robert Duvillier

      Josette Duvillier

      Lulu

      Emilio Cimento

      Richard Schmit

      Rolli Schmidt

 

 

ROBERT

(liest d’Zeitung) Aha, Josette. Hei steet jo eis Annonce an der Zeitung: Privé loue chambre à louer. Libre de suite. Telefon an dann eis Nummer.

JOSETTE

Et ass zwar nëmmen een Zëmmer, mä fir dat wat et ass, geet et vëllechen duer. Mäi Bitzeck kann ech mer jo am Salon opriichten, an da quëtsche mer eis e wéineg.

ROBERT

Et muss een ebe sozial sinn. Zemol, wou haut op dem Wunnengsmaart horrent Loyerë gefrot ginn, mä mir, mir froe jo nëmmen 1000 Euro de Mount. A schliisslech si mer eng éierbar Famill an engem éierbaren Haus, an du wäers gesinn: d’Welt wibbelt och vun éierbare Locatairen.

(D’Lulu, eng rockeg Teen-Agerin, kënnt mat Motorradhelm etc. a voll Musek am Ouer eran.)

LULU

Salut, Vollek. Hei sinn ech. Ah, décke Gas! Do feelen iwwerall Tonne Wunnengen am Land, an ech, ech fannen direkt eng Bud fir mech op mäi Kont.

JOSETTE

(entsat) Robert!

LULU

Dach. Deng Mille läit wierklech super, Bopchen, net ze wäit vun eisem Disco-Keller ewech. Kënns d’ eemol erageschlach, an dann tessele mir zwee e coole Rock op den Dill.

ROBERT

(genéiert) Nun … eh … Joffer … Formalitéite sinn nun ebe Formalitéiten. Kënnte mer duerfir villäicht emol Äre werten Numm gewuer ginn?

LULU

Easy! Jiddwereen an der Clique nennt mech einfach nëmme Lulu.

ROBERT

Hues de héieren, Josette, ‘t ass och nach eent aus enger Kommun.

LULU

Hee, nu flipp mer net aus! Well mäi Knëff, dat ass den Tschango, ee mat déckem Power. A mir véier gi bestëmmt gutt eens mateneen.

JOSETTE

Wéi? Dir … Dir … Dir hutt dee bei Iech?

LULU

Net jalous ginn, Mammchen. Däi Macho hei ass jo och nach gutt op de Rieder.

ROBERT

Eh … entschëllegt … wann ech richteg kombinéieren, da sidd Dir also mat deem Tschango … disons … chambréiert?!

LULU

Sécher. A léiwer wëll gekummert ewéi richteg agekellert. – Komm, net perséinlech huelen. 't wor just e klengen Joke.

JOSETTE

Mä … mä … Robert, da so dach eppes! (entsat fir sech) Wëll gekummert. Esou alles drënner an driwwer an duercherneen.

ROBERT

Jo … bon, also, am Fong geholl --- jee, Joffer, mir schreiwen Iech nach, wéi … wat … wou an ob iwwerhaapt iwwerhaapt.

LULU

Approuvé, Boss. Da gëss de däi Wësch an der Disco of a sees einfach: fir dat Klengt mat de wäisse Mais. Allez, salut,  dir ... (ironesch) zwee Rauer! (mécht nees d’Musek un an of)

JOSETTE

Ah neen, Robert. Esou eppes ower net hei bei eis.

ROBERT

‘t ass jo net ewéi wann ee Virurteeler hätt, mä esoubal Tschango an esoubal gekummert, da weess ech genuch.

JOSETTE

Busfueren ouni Abonnementsbilljee - a wou kéime mer dohin? Mä waarde mer of. Éierbar Locataire vun eisem Standing ginn et en masse.

(Den Emilio Cimento kënnt am Steemätzeschdress eran.)

EMILIO

Buon giorno, buon giorno! Ech heesch’ mech Emilio Cimento a schaff’ bei Patrone op Chantier. Par là, op aner Säit vun deng Haus, bei grouss nei Cité.

JOSETTE

Robert, ech sinn ewech! ‘t ass sécher deen, dee muergesfréi d’Santa Lucia an den Azzurro ëmmer esou schéi séngt.

EMILIO

Giusto! Mir sangen, mä mir och schaffen, well, meng léif Mussiu, hei Lussemburgo ass sech alles Neiräich a Schickeria mat zwou lénks mani.

ROBERT

Ma dat doen ass mir en echten. Kucke mer emol, wat e seet, wann et bis ëm d’Mënz geet.

EMILIO

Pagare? Ho, sot ech net: Lussemburgo ass sech net nëmme Schickeria, mä och alles Kapitalisti, a Konto mat Aktien op Bank zitt méi gutt ewéi „Uelzécht duerch di Wiss“.

ROBERT

Kapitalisti? An dobei froe mer nëmmen hongreg 1.000 Euro Loyer.

EMILIO

Ha - dio cane! Ech bréng dräi amigo vu mir mat, si wunn’ tutti quanti hei a jidderee vun eis bezuel sech dir duo-cento-cinquanta.

JOSETTE

(grouss) Pardon? Zu véier Stéck? O neen!

EMILIO

Si, si! Kuck: Luigi hei, José do, ech mech am Mëtt, a Manuel Gomes Lopes Da Silva Rodrigues De Almeida ganz hannen - ass sech zwar grad esou laang ewéi Numm, mä ka Knuet an d’Bee maachen.

ROBERT

Josette, dat ass him Eescht. Dee kënnt gär mat deem ganze Chantier.

EMILIO

Un momento. (päift) Dräi amigo waart dohann’ am Café Bistrot Bofferdeng.

JOSETTE

Hee … andante piano, Collego!

EMILIO

Perché? Hei, fro Flicken: zu Minette an op Gar-Stat wunn’ dach Doze Portugies a Bier an eng Zëmmer vu puer Meter Quadrat an hu blouss una indesch WC fir 10 Kummer voll.

JOSETTE

Eng indesch Toilett?

EMILIO

Ma si. Toilette déi Säit um Ganges … (laacht selwer) Molto bene, hë?!

ROBERT

(komplimentéiert en eraus) Jo jo … formidabel. Mä ech schreiwen Iech nach, wat a wéi an ob a wann iwwerhaapt.

EMILIO

Ah, capito, si. Du schreif mir. Lussemburgo ass sech eben alles Schickeria, alles Kapitalisti an och nach sacré Bürokratisti. (dréckt sech un d’Josette) A mir zwee da sang’ Santa Lucia an Azzurro zesummen. Ciao, bella! (of)

JOSETTE

Oh … da meng alt.

ROBERT

Also, mir si jo net Rassist a mir hunn eise Réibau deemools och vun deene Kadette schwaarz baue gelooss, fir ëmmerhin 125 aler Frang pro Stonn - mä elo där heibannen? Nee merci!

JOSETTE

Komm, Robert, lee däi Kapp a Rou, bis den Owend hu mer ee fonnt. Schliisslech si mer eng éierbar Famill an engem éierbaren Haus.

( De Richard an de Rolli, zwee Lénkser, kommen eran.)

RICHARD

Pschuer. An hei si mir dann och. (kuckt sech ëm) Ooo, wéi séiss! (rifft no hannen)  Rolli, komm emol hoppla luussen, Männi.

ROLLI

Hello, Fans.

RICHARD

(stellt sech vir)  Richard Schmit. Schmit mat „sch“ vir a mat „t“ hannen.

ROLLI

(idem) Rolli Schmidt. Schmidt och mat „sch“ vir, ower mat „dt“ hannen. Eng winzeg, butzeg, kleng Nuance.

ROBERT

(fir sech) Härgott, da schlo mer dach eng!

ROLLI

Mmmm, Richi. Hei séize mir zwee dach schéi gemitterlech a schuckerlech, gelu. (weist am Zëmmer) Hei vir den Dësch ... do hannen d’Telé ...

JOSETTE

(lues) Robert, mat deenen doe loossen ech dech keng fënnef Minutten eleng am Haus. Dat si jo Homo-en, dat do. Homosexueller.

ROBERT

Fënns de? Wann een se ower esou gesäit, da kënnt ee mengen, et wieren hondsgewéinlech Lénkser.

RICHARD

‘t ass schreckerlech. Wéi dacks goufe mer scho vu béise Mënschen einfach flaschdeg op d’Strooss gesat, gelu, Rolli.

ROLLI

Eng elle Welt!

RICHARD

A bestëmmt wor et nëmme just wéinst dem Rolli sengem Deodorant. Deen ass e wéineg aggressiv-provokant, an der Rei --- also net de Rolli, mä den Deodorant.

ROLLI

--- mä trotzdem dofteg ewéi Rousen a voller Bléi bei Summersonn. (zum Robert) Hei, wëlls de eng Kéier schnoffelen?

JOSETTE

(lues) Da maach dach kuerze Prozess a schéck se einfach op d’Schëff!

ROBERT

(voller Hypocrisie) Also, dir Herrschaften, et deet mer nu wierklech leed. Mä elo hu mer d’Zëmmer ower och just verlount. Viru fënnef Minutten.

RICHARD

Neen.

ROLLI

So dat net.

ROBERT

(idem) Dir musst dem Här nach an der Trap begéint sinn.

JOSETTE

(idem)  Wier der dach nëmmen éischter komm? Oder hätt der eis och nëmmen ugeruff, dass et wéineg méi spéit géif ginn.

ROBERT

't ka jo schliisslech all Mënsch eppes dertëscht kommen. An da gëtt et ebe méi spéit.

ROLLI

(zum Richard) Gesäis de. Alles deng Schold. Du brauchs ëmmer esou laang an der Buedzëmmer. An elo sti mer hei ...

RICHARD

Nu fänk net u mat mir ze streiden, igittigitt.

ROLLI

Has de dann net héieren: viru fënnef Minutten. An du brauchs der ëmmer zéng. Also, maach d’Rechnung.

ROBERT

(komplimentéiert se eraus) Jo jo, maacht dir d’Rechnung, an eis wor et eng grouss Éier, dir Hären - eh, pardon, Monsieur, Dame.

ROLLI

Ma jo, allez, e séissen Tschüss dann eben, dir zwee Häerzeger! (dréint sech nach eng Kéier ëm) Tja, Pech ass eben keng Chance, gelu.

(De Richard an de Rolli réngelen of.)

ROBERT

A fort sinn se! Also, ‘t ass jo nu wierklech net, wéi wann ee Virurteeler hätt oder wéi wann een intolerant wier, mä d’éischt zwee Gekummerter, da véier Mann héich vum Chantier, duerno där doer Rousen an der Summersonn ---

JOSETTE

Neen,  Schluss, fäerdeg,  aus. An da bleift mäi Bitzeck ower hei, wou mäi Bitzeck ëmmer wor. So, Robert: firwat ass eis Welt vun haut nëmmen esou komesch?

ROBERT

Eben. Du sees et. An eis Schold, neen, déi wor et jo nu bestëmmt net.