Persounen: de Schmatten Dëmmi
de Koschter Nikkela, zwee al Bopen
|
(Déi zwee Bopen sëtzen op der Bänk.) |
NIKKELA |
Ma jo ... (Paus) |
DËMMI |
Eben. Du sees et. (Paus) |
NIKKELA |
Also, Schmatten Dëmmi, ech weess et jo net, mä so, wor fréier dann net alles besser? Keng topeg Reklammen op RTL, keng Hambörger, kee Gedeessems wéinst Fraerechter a keen Heeschnapp. |
DËMMI |
Kloer dat. Et ass eben alles anescht ginn. Huel nëmmen d’Präisser beim Coiffeur oder d’Gedrécks am Bus --- |
NIKKELA |
--- oder d’Gewiicht vum Fierkelsjelli an wéi dat jonkt Geméis vun haut ugedoen ass. |
DËMMI |
Jëses Maria Jousebett, jo. Do kommen déi jonk Pëppercher mat esou enger Zort Pullower, deen hinne bis erop an den hallwe Bauch rëtscht. Scho bal bis dohinner, wou de Bauch ophält a wou ... wou ... (weist) wou d’Éislek driwwer ufänkt. |
NIKKELA |
Wee weess, wahrscheinlech einfach nëmmen ze waarm gewäsch. - So, a wat hu se dann drënner? |
DËMMI |
Näischt. |
NIKKELA |
Hal op! |
DËMMI |
Guer a glad näischt, Nikkela. Nëmme Speck. |
NIKKELA |
Vreck! |
DËMMI |
Nëmme Charcuterie an Nuebel. An do hu se dann och nach esou e Rank dran. |
NIKKELA |
E Rank am Nuebel? Esou eppes wéi eis Randbéischter fréier an der Nues haten? |
DËMMI |
Juer. An dann och nach esou eppes ewéi se vum Véidokter hannert d’Ouer agebrannt kruten. |
NIKKELA |
Ech mengen, tätowéiert, soen se duerfir. Oder esou ähnlech. En Häerz oder eng Rous op dem Hënneschten tätowéiert. |
DËMMI |
Also dann hunn ech ower léiwer eist Ketti am Kicheschierteg doheem. Dat huet alles gutt agepaakt. |
NIKKELA |
(méi fir sech) 't ass och villäicht besser – dat hätt elo am Plaz vun der Rous schonn eng ganz Rousenheck hannenaus. |
DËMMI |
An net nëmmen dass de Pullower erop rutscht, Koschter Nikkela, neen, mä wat se dann nach neierdéngs ronderëm den Hënner un hunn. |
NIKKELA |
Jo ... eng Jeansbox - oder wéi heescht et? A firwat och net. |
DËMMI |
Neen. Bannendran. |
NIKKELA |
Ah, quasi als Fudderduch, mengs de. |
DËMMI |
Voilà. (kuckt schimmeg rondëm sech, da lues:) Esou eppes ganz Renges, eppes ganz Dënnes. Bal näischt. An dat am Schwaarzen oder och esouguer am Rouden. |
NIKKELA |
Wéi, Dëmmi, wéi? |
DËMMI |
Ech weess och net richteg, wéi se dat Déngen do nennen ... en ... en ... Mä jee, ’t ass och Wurscht. Op jidde Fall ass et nëmmen eppes mat Ficellen. |
NIKKELA |
(grouss) Hë? Mat Ficellen? So, méchs du de Geck mat mir? |
DËMMI |
Neen. Ech hunn däers Gelëmps schonn an de Reklamme gesinn. Nëmmen e puer där aler Bënneschficelle fir ronderëm d’Botten. |
NIKKELA |
Wat? Mä da stees de jo éiweg am Duerchzuch. (rëffelt hin an hier) An dann … so, spiers d’et net och schonn? Dat rutscht der jo dann hannen tëschent --- tëschent --- |
DËMMI |
Juer, schwätz riichteraus: einfach hannen do dertëscht. |
NIKKELA |
Dann hunn ech ower léiwer mech: d’Hiem an de laange Kalzong an de laange Kalzong an d’Strëmp an da bass de ronderëm zou. |
DËMMI |
An da mengen se och nach sécher, eis aner géif mat esou eppes d’Waasser am Mond zesumme lafen. |
NIKKELA |
Gees de! |
DËMMI |
Mir aner géifen aus de Schlappe fueren, wann se virun der um Trottoir ginn an dann hanne mat hirem klenge Grappvoll hin an hier juppelen a wackelen. |
NIKKELA |
Ah neen, do luewen ech mer dann ower och eist Suzanne. Dat huet der wéinegstens e Kasärestack, deen de Buedem hält. |
DËMMI |
Eben. Dee säin Numm verdéngt. Dach, dach, du hues recht. Emol ofgesi vun de Präisser beim Coiffeur a vum Heeschnapp - fréier wor alles besser. |
NIKKELA |
(nach ganz entgeeschtert fir sech) Nëmme Bënneschficellen! Ewéi eng Bott Hee oder Stréi. |
DËMMI |
Wou komme mer do hin? Kuck, fréier konns de mat enger zolitter ënneschter Box alt wéinegstens nach e ganze Velo botzen --- |
NIKKELA |
--- an haut, haut geet dat Dénge just duer fir e Stänner. |
DËMMI |
(schmuunzt) Wann iwwerhaapt, Nikkela, wann iwwerhaapt ...
|