ADMINISTRATIVES

(e Sketch, fräi no enger Iddi aus dem Däitschen - 1989)

 

 

Persounen :     eng jonk Employée

 de Felix Dännemeyer

 

Décor :            an engem Büro

 

 

(D’Employée schafft an hiren Dossieren. Et klappt un der Dier.)

EMPLOYÉE

(fir sech) A schonn erëm deen Nächsten. Ëmmer gëtt et hei en Nächsten. –  (zimlech granzeg) Ja, entrez!

DÄNNEMEYER

(kënnt eran) Bonjour, Joffer. Felix Dännemeyer ass mäin Numm. Also, d’Saach ass déi hei: viru fënnef Méint hunn ech e Framënsch kennegeléiert, mä ech war jo ower schonn eemol bestuet ---

EMPLOYÉE

(ouni opzekucken) Monsieur, Dir sidd hei an enger Administration de l’État an net an de „Gute Zeiten, schlechte Zeiten“.

DÄNNEMEYER

Ah, wann Der mäi ganzen Historique net héiere wëllt - vu mir aus. Mä da kommt Iech herno och net beschwéieren. -- Also, Joffer, et wier fir en Attest vu menger „Aptitude physique fir e Remariage no engem Divorce virun der Altersgrenz, laut Règlement Grand-Ducal vum 23. September 1965“ ---

EMPLOYÉE

Virun dem Verfallsdatum? Da weist Iech emol! (bekuckt e vun uewe bis ënnen) Mä Dir schéngt jo nach gutt duerch Sandweiler ze kommen.

DÄNNEMEYER

Eben. Dat duecht ech mer och.

EMPLOYÉE

Hutt Der dann déi néideg Ënnerlage bei Iech?

DÄNNEMEYER

(grouss) Ënnerlagen? Sinn ech dann do net néideg Ënnerlag genuch?

EMPLOYÉE

Ech gesi schonns. Dir hutt keng. Mä ‘t deet mer leed. Eng Administratioun ass eben eng Administratioun. Da kommt Der muer erëm mat Carte d’Identité, Krankekeeskäertchen, Hondsmedaille, Wochebilljet, Visa-Kaart a Fëscherpermis.

DÄNNEMEYER

Carte d’Identité, Krankekeeskäertchen, Hondsmedaille, Wochebillet, Visa-Kaart ---

EMPLOYÉE

Dir hutt de Fëscherpermis vergiess.

DÄNNEMEYER

Ah jo! --- an de Fëscherpermis. Voilà. Ech lafe schonn. Bis gläich, Joffer. (séier of)

(D’Employée schafft weider. E puer Momenter Zwëschemusek, dann:)

DÄNNEMEYER

(kënnt mat engem ganze Koup Blieder a Chemisen asw.) Do. Hei sinn ech nees. Gesitt Der, ech si wierklech nach gutt drop. An hei sinn och meng ---  (´t fält him alles op de Buedem) O, der Däiwel net nach! (kroomt ëmständlech zesummen)

EMPLOYÉE

Très bien. Voilà, elo ass Äre Probleem scho bal guer kee Probleem méi an de Formulaire fir d’Demande vun der Demande frot Der Iech am Büro 54, drëtte Stack.

DÄNNEMEYER

(grouss) Fir d’Demande vun der Demande … Büro 54, drëtte Stack. An der Rei. Ech lafe schonn. Bis gläich, Joffer.

 

(D’Employée schafft nees weider. E puer Momenter Zwëschemusek, dann:)

DÄNNEMEYER

(kënnt mat dem Formulaire) Voilà. Hei hu mer d’Affär. (späizt an d’Hänn) Also, kënne mer de Formulaire dann elo ausfëllen?

EMPLOYÉE

Waaat? Einfach ausfëllen? Fir d‘éischt braucht Der emol nach en Timber.

DÄNNEMEYER

Mä ech schécken Iech et jo net mat der Post. Ech si jo schonns hei.

EMPLOYÉE

Neen. Keen Timber mat dem Heng drop. Mä e verwaltungsspezifeschen Administratiounstimber vun 12,50 Euro. Büro 117, fënnefte Stack riets.

DÄNNEMEYER

E verwaltungsspezifeschen Administratiounstimber. Büro 117, fënnefte Stack lénks.

EMPLOYÉE

Riets.

DÄNNEMEYER

Jo, wann ech kommen, dann ass et riets - wann ech herno ginn, da wor et lénks … Dat packe mer och nach. Ech lafen, Joffer, ech lafen.

 

( D’Employée schafft nees weider. E puer Momenter Zwëschemusek, dann:)

DÄNNEMEYER

(kënnt schonn nëmme méi erageschlappt, leckt den Timber a pecht en op de Formülaire) Sout, Jëfferchen, an do sëtzt en. Propper a rechtwénkleg ënnen am Eck. En même temps hunn ech Äre Formulaire och schonn direkt ënnerwee ausgefëllt.

EMPLOYÉE

Ah, fein. A keng Angscht, dat hu mer elo gläich, Här Dännemeyer, well mir an den Administratiounen, mir si jo nun ower wierklech net komplizéiert.

DÄNNEMEYER

Neen … nun ower wierklech net …

EMPLOYÉE

(iwwerflitt de Formulaire) Voilà. (op eemol) O!

DÄNNEMEYER

Ja? Ass eppes?

EMPLOYÉE

Dir hutt den Numm vun Ärer éischter Fra an d’Rubrik 34 an dee vun Ärer zweeter Fra an d’Rubrik 33 agedroen. Et muss grad ëmgekéiert sinn.

DÄNNEMEYER

Omei, wéi pingelech! Da maacht eben einfach e Feil vu Rubrik 33 op Rubrik 34 a vu Rubrik 34 op Rubrik 33 aller-retour an dann ass alles am Botter.

EMPLOYÉE

Näischt ass am Botter! Mir kënnen dach net op engem offiziellen, mat Timber legaliséierte  Formulaire nodréiglech eng Korrektur maachen.

DÄNNEMEYER

Ajo, dat wir jo Aktefälschung, mat dräi Méint Schraasseg. Tjo, an elo?

EMPLOYÉE

Mä an esou engem Fall komme mir de Bierger nees eemol ganz mënschlech mat engem Zousazformulaire entgéint  fir verkéiert vice-versa ausgefëllte Rubriken. Quasi engem Avenant. Also Feuille D7 am hellgréngen. Büro 362,  siwente Stack.

DÄNNEMEYER

(lallt) Ech hu verstanen.  Siwente Stack vice-versa, hellgrénge Büro fir e quasi Lavement 362 … (tierkelt of)

 

( D’Employée schafft nees weider. E puer Momenter Zwëschemusek, dann:)

DÄNNEMEYER

(kënnt mat deem neie Formulaire, d’Hoer duercherneen, d’Krawatt verrutscht, energesch) Sou Meedchen, a wéi ass et dann elo mat eis zwee: kréien ech déi Schäiss-Ënnerschrëft oder kréien ech se net ?

EMPLOYÉE

O, dach net esou béiswëlleg, Monsieur. Wann een Iech héiert, da géif ee mengen, eise Staat mat sengen Administratiounen géif de Leit hire leschten Nerf kaschten. (op eemol:)  Mä … mä haut ass jo Dënschdeg.

DÄNNEMEYER

(stäipt sech schonn, fir net ëmzefalen) Ja an? Dat ass dach logesch, oder net? Zemol wou gëschter de ganzen Dag Méindeg wor.

EMPLOYÉE

Mä d’Demandë fir esou en Attest ginn nëmme mëttwoches a freides ugeholl.

DÄNNEMEYER

Ha, näischt méi einfach ewéi dat, Mais-chen. Mir sinn dach onkomplizéiert. Da kommen ech muer erëm. De Formulaire kann ech jo direkt hei loossen.

EMPLOYÉE

(ausser sech) Pardon? Mä muer ass muer an da stëmmt den Datum jo net méi.

DÄNNEMEYER

Mäi Gott, ower bal …

EMPLOYÉE

„Ower bal“ gëllt bei eis hei net. Mierkt Iech dat.

DÄNNEMEYER

(verzweifelt) Mä … mä … mä da muss ech jo nees vu vir ufänken?! Neen, dat do ass ze vill. (hëlt e Rewolwer aus dem Paltong an erschéisst sech.)

EMPLOYÉE

Null problemo. Dee Formulaire kritt der am Büro 17, zweete Stack – ower nëmme méindes an donneschdes mueres bis hallwer eng.

 

                                         RIDO