1999 – ANER ËMSTÄNN

 

(...)

Fro nëmme keen: A wou komme mer blouss hin?, well kuckt nëmme rondëm iech: Mir si scho laang do. Dach, aner Ëmstänn an Zoustänn, bei eis ass genuch lass: d’Arbed wëll fusionéieren, keen Taxe-Free-Shop méi um Findel, en neie Parking mat fënnef Stäck ënnert der Avenue Montherey, mä duerfir sollen d’Kanner am éischte Schouljoer ower wéinst den Auslänner op franséisch liesen a schreiwen léieren - mä da misst jo eng nei ASTI gegrënnt ginn, fir eis selwer am eegene Land ze intégréieren … Neen, dat alles ass iergendwéi kontraproduktiv, grad ewéi wann s de an der Houchzäitsnuecht d’Schlofzëmmerdier eraushëls, fir dass keen der duerch d’Schlëssellach erakuckt.

(...)

De BTB, eisen Hightech op Schinnen, deen hu se jo elo emol bis no de Walen op Äis geluecht. D’Garagisten, den Automobilclub an de Stater Geschäftsverband sinn zwar dergéint – par conter d’Eisebunn, déi Gréng an all déi aner ecologesch Mouvementéiert, déi sinn derfir - och d’Regierung, d’Mady Delvaux, d’Mutter Teresa vun deem neie Jangeli, séngt jo nach all Dag an der Buedbidden „Et j’entends siffler le train“, just d’Lydie, hatt ass nach net ganz eens mat sech selwer, hatt mécht nach Studien iwwer Studien, well déck 16 Milliarden ass e stolze Präis, fir an der Stad ze hënneren. Dach, Bouneweg, Gare, Nei Avenue, Boulevard Royal, Kierchbierg - iwwerall nëmme BTB a BTB an dat all Stonn ëm 6 op, ëm 9 op, ëm 12 op an esou weider - dat ass mat de ronn 74 Meter Längt vun deem Tram grad ewéi eng Péng am Knéi, déi all 5 Minutte kënnt an dann eng Véierelstonn dauert … Neen, da komm, da baue mer léiwer déi berühmte Seelbunn, Vollek. Kuck, wa mer schonn e Lift hu fir of an de Gronn an en Zichelchen, fir d’Touristen duerch d’Péitruss ze kutschéieren, da kënne mer ower och un enger Wäschléngt vun der Rhum iwwert de Bockfiels op d’Dräi Eechelen eropklunschelen, wéi? Oder e Métro ... Aus dem Neiduerf erop duerch d’Kasematten, dann duerch d’Parkingen um Hellege Geescht, duerch de Knuedler, ënnert der Theaterplaz erduerch - an déi ganz Stad wier voller Rolltrapen, do kéims de der da vir ewéi Nationalfeierdag zu Tréier am Kaufhof … Sécher, de Paräiser Métro ass schonn iwwer 100 Joer al, mä mat der Paräiser Vitess hätte mir hei bei eis nëmme knapps dräi Arrêten. A wann s de op der Gare bei dem éischten eraklëmms a vergëss um Aldringer bei dem zweeten erauszeklammen, da bass de scho laascht déi nei Ausstellungshalen um Kierchbierg an zu Nidderaanven hallef op der Musel …

(...)

En plus hu mer dann och nach eng Post, däer kee fir en hallwen Euro iwwert de Wee traut, well elo wou d’Telefonsabonnement d’lescht Joer scho vun 280 op 480 Frang an d’Luucht gong, hunn ech mer emol direkt 3000 Timbere vu 16 Frang kaf, éier d’Bréiwer och nees méi deier gin …Voilà, ënnert dem Stréch gëtt et ëmmer Boni, grad ewéi beim Metzler, deen der fir all Fläppche Gehacktes e Pabeier vu 25 Gramm mat op d’Wo leet, esou dass de dech frees: Ass et dann elo eng Boucherie-Charcuterie oder eng Boucherie-Papeterie ?

(...)

Wou de Staat natierlech un dee meeschte Frick kënnt, dat ass an zwee Joer mat dem Euro. Dee 40,3399 ass jo méi bekannt ewéi d’Reklamme vun der „Luxembourgeoise“ an dem Fausti seng „Moss-am-Bic“ zesummen. Déi 40 - okay, dat geet jo nach, mä do hues d’Rechnung net mat dem Komma 3399 gemat, well pass op, dee Komma 3399, dat ass kee Kammouten, an esoubal mer deen Euro an der Boxentäsch erëmrabbelen hunn, da si mer voll gebéit, well kuck, wat kascht dann e Protokoll vun 1000 Frang? Éiere 24,79 Euro? Gees de bei d’Kéi! Dee gëtt dann einfach op 25 Euro opgeronnt. Mierks de do déi subtil finanztechnesch Plus-Value? Vu 24,79 op 25 ... an esou geet et och mat dem Präis vun den Asproen a vum Waasser, vun de Banannen an de Poubellen, jo esouguer och op der Gare an de Kopplabunzgässelcher hannerwands: artistesch Akrobatik oder e flotten Tricky-Quicky vun 3.500 Frang gëtt do net mat 86,72 Euro cotéiert, wat géif dat jo e lëschtegt Gewulls an den Zantimme ginn, neen, mä einfach mat 87, wann net esouguer mat ronn 90, (zu engem Mann vir:) an ouni dass de mol méi ausser Otem komm bass, Kolleg … well Männer si jo grad eppes ewéi e Menu am Mikrowellen - an 30 Sekonne sinn se fäerdeg.

 

 

2000 - DÉCKE BUTTEK

 

(...)

Mä mäi Gott, de Jang trëppelt am Oktober jo souwéisou (*), an no senger Pensiounsfriess mat Keeleparti, Ham, Fritten an Zalot botzt den Heng sech de Mond of, späizt an d’Hänn a fänkt un. Mä Vollek, éierlech: weess dee Jong iwwerhaapt, op wat dass en sech do aléisst? Neen, net fir mat Fra, Kanner, Mierschwéngchen a Perruche aus der Filiale vu Fëschbech an de Siège social op Colmar-Bierg ze plënneren, neen, neen, mä ech mengen mat eis aner. Huet de Jang him do alles erzielt? Well ‘t ass dach sécher e festen Job, deen en do kritt, an net nëmmen ee fir e puer Méint vu Manpower, oder? Neen, et gëtt wierklech kéipweis Konterbosseges hei an eisem Kaff – wat wäert den Heng a säin Tréis nach luussen!

Schonn eleng no dem 13. Juni d’lescht Joer ... Wësst Der, dat wor jo deen Dag, wou fir eis LSAP eng Sonnenfinsternis ugefaangen huet – fir Lëtzebuerg woren et am August nëmme knapps 160 Minutten (**), déi heiten dauert ower mindestens bis 2004 (***) … Mä do ass et iwwerhaapt komesch gaangen. Hei, 69% hunn d’CSV net gewielt, 77% d’DP net, dat mécht 146% vun eis all, déi dës Régierung net gewielt hunn, an se ass trotzdeem do … Tja, a wann och am „Big Brother“ op RTL-2 all zwou Wochen een aus dem Ikea-Container erausflitt, neen, mir mussen ower de Carlo Wagner onbedéngt halen - mir kommen ouni hien net méi aus, well en huet elo an deene puer Méint schonn esou en Duerchernee am Gesondheetsministère gemat, dass ausser him kee méi den Iwwerbléck huet. Huel nëmmen d’Spuermoossnahmen vu senger Carte Sanitaire, d’Klinike brauchen net méi alleguerten alles am Operatiounssall, sou huet d’Zita de Knäipchen, fir opzeschneiden, an de Center den Zwier, fir nees zouzebitzen … Ower de Kombel vun där Rationalisatioun: nëmme 5 Kliniksbetter fir dausend Leit - Vollek, neen, wat gëtt dat mer do e Gedrécks!

Mä keng Angscht, zweedausend Joer a méi ass et gaangen, da geet et och elo, an esou gëss de op eemol aus dem Ministerrot gewuer, dass d’Telefonéiere méi bëlleg gëtt. Gutt, Jongen!, sees de, ower gläich drop lies de dann, dass den Timber vu 16 Frang der op eemol 18 kascht - ha, neen, do fills de dech dach gezunn, well dat ass grad, ewéi wann s de engem déck-strubbleg-wujelegen Hond fir d’éischt e Stéck Zocker gëss, ower nëmme just, dass de gesäis, wou vir an hannen ass, fir en herno kënne ferrem mam Fouss an den Aasch ze rennen …

(...)

An dobei kënnt dann nach dat polizeilecht dommt Gefill, wann s de däi Flickebeen an deng nei Flickenuniformsbox erastéchs, an do wou d’Box ophält, do kënnt nach ëmmer weider Been eraus, an nach an nach, an du hues keng Ahnung, wéi laang dass dat nach esou viru geet. A wann se dann endlech ënnen um Heemechtsbuedem ukomm sinn, da kriss de vir de Knapp vum Paltong net zou, eppes wat souwéisou net gaange wier, well wéi wëlls de d’Hänn erauskréien, wann d’Äerm nees ze laang sinn? (****)

(...)

Sécher, et gëtt och Positives - loosse mer deenen zwee vum Haff ower net direkt d’Flemm andreiwen - well wann näischt méi klawéiert, da muss een eben Iddien hunn! Kuckt, esou gouf d’TVA jo fir nei Schongsuele vu 15 op 6% erofgesat, an den Defizit gëtt vum Bistum gedeckt, fir dass nees méi Leit mat an d’Oktav gepilgert kommen. Staark, hë? A well laut Etudë vum Verkéiersministère déi riets Bunn op der Autobunn jo souwéisou bal net gebraucht gëtt, do gëtt déi ofgeschaf, mä duerfir kënnt eng zweet lénks derbäi … Op esou Iddie muss ee fir d’éischt kommen, wéi?

An dann eis Sportler fir d’Olympiade zu Sydney! Do kann den Heng a säin Tréis sech och mengen! Kuck, mir brauche kee Boxen a keen Diskuswerfen, neen, neen, mä nëmmen Tennis oder Ping-Pong. A wann d’Peggy Regenwetter oder d’Anne Kremer de Ball laascht deen anere vu vis-à-vis schéissen, dann hu se d’Nancy Arendt bei sech, dat en am Triathlon siche leeft … ass dat ower eventuell ze wäit, kann et en och mam Velo sichen fueren … a last not least kënnen d’Lara Heintz, de Luc Decker an den Alwin de Prins him noschwammen, wann e géif an d’Waasser fléien, wat an Australie gäre virkënnt, well jo ronderëmmer alles voller Mier ass. Voilà, an deem Punkt brauche mer eis also keng Gedanken ze maachen: wa mer och keng Goldmedail kréien, da kréie mer op jidde Fall emol eise Ball erëm …

(...)

 

(*) De 7. Oktober 2000 ass Trounwiessel: nom Grand-Duc Jean gëtt den Henri neie Großherzog

(**) 11. 8. 1999: Total Sonnenfinsternis iwwer Lëtzebuerg. Ufank 9:20 Auer, Maximum 10:28 Auer, Schluss 11:51 Auer

(***) Aus den nationale Wale vum 13. Juni 1999 entsteet no véier CSV-LSAP-Regierungen eng CSV/DP Regierung (Juncker-Polfer).

(****) No der Fusioun vu Police a Gendarmerie (1. Januar 2000) geet esou mueneches schif bei de Moosse fir déi nei donkelblo „Police grand-ducale“-Uniformen.

 

 

 

2001 – AFENZIRKUS

 

O jo, Afenzirkus … weem sees d’et! Do hu mer mat déck 300 méi GSM-Antennen uechtert Land ewéi Doktere genuch fir den Noutdéngscht um 112, tëscht Cannabis a Pitbullen iergeren d’Leit sech, dass se an der Volkszählung vun der STATEC (*) Intimitéite gefrot ginn, wéi vill Wäschmaschinnen a Loyer se hunn, mä da kucken se ower owes beim Big Brother deenen anere genësslech an d’Schlofkummer … Iwwerdeems feiere mer dat europäescht Joer vun de Sproochen, mat 38% am Land, déi kee lëtzebuergesch schwätzen - esou sot de Jacques Navadic jo och senger Zäit um franséischen RTL bei enger Oktavmass: Et maintenant encore la jolie chanson luxembourgeoise „O mamm, o Mamm“ … an um Enn ass hannert der Post net méi hannert der Post, well déi „Ich bin die Christel hinter der Post“ vu soss feieren elo vis-à-vis laascht d’Bounerweger Bréck a ronderëm de Paul Würth hir „Joyeuse Entrée“.(**) An dat ouni dass mer emol ewéi bei Grand-Duc’s en Dag fräi kréien …

(...)

An dann den Afenzirkus an der Politik! Hei, do rechent d’Wëssenschaft all Intelligenzquotient bis op dee leschten Zantimm aus, si wëssen op d’Sekonn genau, wou déi nächst Sonnenfinsternis wéini kënnt, si wëssen, dass de Bandwuerm hallef esou vill Genen huet ewéi e Mënsch an de Mënsch nëmmen dräimol méi ewéi eng Méck - mä firwat de Bodens Pitti scho Jorhonnerten an der Regierung ass, dat weess keen … héchstens villäicht als hire Bildschirm-Schoner ... Ower elo Vollek, elo kënnt en nees zum Virschäin, als Minister vum Produit du Terroir a Fleesch vum Lëtzebuerger Bauer mat senge geckege Kéi – an do hunn der enettlech dee rengste Villeroy-et-Boch-Syndrom, nämlech e Rass an der Schierbel, well bass de als Kou BSE-positiv, da gëtt dee ganze Stall noutgeschluecht. Mä nondijës, wann ee Flick oder Schoulmeeschter gëtt, mäi Gott, dann ass de Rescht vun der Famill ower nach ëmmer an der Rei … An d’Etiquetten um Rëndfleesch vu wou et kënnt, mat wat et gefiddert gouf, wéini a wou et geschluecht a verschafft gouf, pff, déi bréngen och näischt, well du lies an du lies a wanns de fäerdeg bass, dann ass op eemol den Datum ofgelaf.

(...)

Vollek, wéi dacks hunn ech et hei scho formüléiert: kuck ronderëm dech, iwwerall geet et ëm d’Suen. Ob dat elo déi 4 Milliarde fir déi nei Cité Judiciaire sinn oder de Schiedsriichterstreik wéinst 5 Frang Differenz pro Kilometer. An dann, (zu engem vir an der Rei:) komm mir zwee rechnen emol aus: vun all Groen, deen s de verdéngs, bezils de ronn 300 där aler Frang Lounsteier, vum Rescht keefs de dengem Marie-Josée eng Bouteille 4711 - dat sinn nees 15% TVA, en plus Kapitalsteier vum Här Cactus, deen da mat senge puer Frang Benefice e Patt huele geet, wat fir de Staat alt erëm alkoholesch Accisen an Ierwschaftsteier op dem Wiert sengem Drénkgeld mécht, a wann der dann allen dräi op deem ganzen Total nach Solidaritéitssteier blecht, dann huet de Finanzminister op d'mannst zwielefhonnert Frang vun dengem Dausender agesäckelt ... Gesäis de, an dat ginn dann déi aner Honnerten an Honnerte Milliounen, fir de Findel um Findel ze vergréisseren. Dach, en Deel vum Gréngewald gëtt ofgeholzt, de Sennengerbierg an de Fetschenhaff ginn an d’Eisléck geluecht - jee, e Megaflughafen, esou dass de Pilot no kilometerlaangem Ulaf seet: Keng Angscht, de Rescht fléie mer natierlech!

(...)

A wann och blouss 1,6% vun eise Lëtzebuerger op eng Uni ginn, vis-à-vis vun 2,7% op EU-Niveau, dofir brauch sech eist Hennicot’s Erna mat sengem Universitéitsministère guer net ze erschéissen an duerno opzehänken --- (ganz ironesch:) neen, mä wou solle mer dann och, wou dach all zweet Joer eis Schoulprogrammer méi schwéier ginn … Dach, kuck, an der Zäit hues de beim Här Läährer genau musse wëssen, dass en Zenner 50 Kilo huet - duerno gong et duer ze soen esou plus ou moins 100 Pond, dat wéisst kee ganz genau - an haut, haut ass en Zenner nëmme just méi en décke Koup an zimlech schwéier ... Mä komm, verzweifel elo net, duerfir kann ee jo herno dann och bis op d’Première kompenséieren, well verwiessels de an der Biologie d’Schinnbeen mat dem Blinddarm oder mat der Prostatt, an du bass ower net all ze schlecht am Molen an am Sangen, da kanns de nach ëmmer Chirurg ginn ... 

(…)

 

(*) Recensement général de la population (15 février 2001)

(**)Règlement communal de police/ Ville de Luxembourg ( 26 mars 2001)

Article 48.- Dans l'intérêt de la sécurité et de la commodité des usagers de la voie publique, de la salubrité et de la tranquillité publiques, il est interdit à toute personne de s'exposer sur la voie publique en vue de la prostitution.

Par dérogation à ce qui précède, cette interdiction ne s'applique pas entre 20.00 heures et 3.00 heures dans les rues limitativement énumérées ci-après, (...)

- rue d'Alsace, tronçon compris entre la place de la Gare et la rue Wenceslas Ier,

- rue Wenceslas Ier. 

 

 

 

2002 – DAMP AN DER KICHEN

 

Vollek, et weess zwar keen, wou et hi geet, mä et geet alt emol dohin … Sécher, de Knuedler soll en Daach aus Glas kréien - gutt!, a mir alleguerte méi e grousse Park-and-Ryde-System a méi Garen mat besseren Zuchlinnen an ëmmer méi genaue Verspéidungen - och net schlecht!, mä par conter fuerdert d’Sécurité Routière d’Promillgrenz vun 0,8 op 0,5 erof - ower wat mécht dann en Alkoholiker, dee bis elo all Mount seng Schold mat dem Vidange vum Béier bezuele konnt? An en plus hunn eis Kanner aus der Primärschoul kromm Récker, well hir Schoulsäck ze schwéier sinn, kloen d’Elterevereenegungen. Dach, eleng e franséischt Buch weit iwwer 900 Gramm, a wann e Schoulkand kënnt, muss virdrun e Police-Auto fueren mat: Attention, convoi exceptionnel! Mä mäi Gott, fir a béide Fäll kruten d’Flicken alt wéinegstens nees eemol nei Kapen – hire Slogan ass jo: Méi no beim Bierger!, duerfir hunn déi Kapen elo méi kleng Stuerzer …

(...)

Mä trotz der Brauerei zu Dikerech huet dem Goerense Charel seng Arméi net méi Kandidate genuch, an duerfir sollen deemnächst och Auslänner bäilooss ginn (*) - a mäi Gott, Vollek, firwat och net? Well fir deng Box ëmmer nees nei an d’Fal ze hänken an un engem Stéck d’Flënt blénkeg ze reiwen, do ass et och pupegal, ob s de dee ganze Buttek dann op lëtzebuergesch, franséisch oder portugiesesch bei der Däiwel verfluchs. Wann se natierlech och Pëgie mat eranhuelen, da muss een oppassen, dann duerf Lëtzebuerg net d’Belsch ugräifen, well soss hunn déi sech op eemol nach selwer erschoss …

(...)

Do hat ech mer deemools eng Assurance maache gelooss, wa mer d’CSV nees mat an d’Regierung kriten, an elo ginn ech schonn iwwer zwee Joer all Mount déck ausbezuelt - an dat mat Recht! Dach, mir hu schonn e flott Gewulls am Tirang! Ech schwätzen emol net vum Juncker, okay, deen ass jo net nëmmen heiheem, mä en ass beim Jacques Chirac a beim Sabine Christiansen, en ass beim Dabbeljiuuhh Bush a wee weess, villäicht ower eemol op der Europäescher Zentralbank - dach, deen ass iwwerall (zu enger Fra vir:) also, Madame, Dir musst dach scho bal Angscht hunn, wann Der owes doheem de Frigo opmaacht - neen, ech schwätze vun der CSV an dem „Wort“, déi d’Lydie Err an de gréngen Huss mat de Sprenzen opfriessen, (zéckt, zimlech ëmständlech:) well déi dat do iergendwéi reglementéiere wëllen ... weess de … dat do, wann et herno um Enn eemol mat jiddwerengem vun eis --- (**) jee, kuerz gesot: wou dach all Hond et herno besser huet ewéi s du an ech – eh, ech entschëllege mech, dass ech esou verstane gouf, wéi ech et gemengt hat.

Mä komm mer knouteren net ze vill, well ëmmerhin huet d’Ponts-et-Chaussées versprach, fir den nächste Wanter endlech eemol genuch Salz ze hunn, den Handy ass ewell am Auto verbueden, den „Aktenzeichen XY“ huet opgeruff, dech bei der Gendarmerie Lëtzebuerg ze mellen, wann s de ee gesinn hues, deen net vun Schraasseg fortgelaf ass - et gouf esouguer schonn dru geduecht, fir de Ressort Prisong un de Minister vum Tourismus ze iwwerginn a vu Voyages Flammang sponseren ze loossen, an, last not least, all Mamm kritt herno pro Kand 3.000 Frang Rent (***), (ironesch:) och wann déi jo als Hausfraen e Liewe laang liddereg doheem souzen - ausser, si misste sech ëmmer zu zwee an zwee zesummen doen an ee bei deen aneren heem botze goen, jo, dann, da wier et richteg Aarbecht (****) … eh, ech entschëllege mech nach eng Kéier, dass ech schonn nees esou verstane gouf, wéi ech et gemengt hat ...

(...)

Voilà, villes ass bei eis eben net ze verstoen. (ganz séier) Mä jee, een deen näischt versteet a versteet, dass en näischt versteet, versteet nach ëmmer méi ewéi een, deen näischt versteet an net versteet, dass en näischt versteet – verstitt der?

(zu engem vir an der Rei:) Dat hues du elo net verstanen, wéi? Mä da komm, dann erklären ech der et nach eng Kéier am Ralenti, well 't ass jo nu wierklech net esou komplizéiert ze verstoen, verstees de. Also: een deen näischt versteet a versteet, dass en näischt versteet, versteet nach ëmmer méi ewéi een, deen näischt versteet an net versteet, dass en näischt versteet ... An – versti mer elo? – Do gesäis de, elo hues du et op jidde Fall méi séier verstanen ewéi ech et doheem geléiert hat.

 

(*) Loi du 20 décembre 2002 (Charles Goerens, Ministre de la Défense):

Modification Art. 18: (...) Peuvent également être admis comme candidat soldat volontaire à l'armée les candidats de nationalité d'un des Etats membres de l'Union Européenne, ci-après dénommés citoyens européens, s'ils résident au Luxembourg depuis au moins trente-six mois. (...)

(**) D’Lydie Err an de Jean Huss reechen am Februar 2002 eng Proposition de loi eran: „Sur le droit de mourir en dignité“.

(***) Loi du 28 juin 2002 portant création d’un forfait d’éducation ... forfait fixé à 10€ par mois ... le forfait est soumis aux charges sociales et fiscales prévues en matière de pensions.

(****) Kontrovers Diskussiounen am Kontext vun dësem Gesetz iwwer „Hausfra“ a „berufstäteg Fra“