O HÄRGOTT, DENG MÄNNER !

(2002)

 

Männer?

Aaah … Männer!

49,4% vun der Populatioun vis-à-vis vu 50,6% Fraen, dat sinn der zwar manner, mä nach ze vill. Do ass all Chantale an all Yvette sech eens: Männer ass net nëmmen eppes, wat nuets an alle Variatioune schnaarcht oder wat daagsiwwer net nolauschtert an d’Zahnpastatube ni kann zoumaachen, neen, Männer ass eppes vill méi Komplexes.

Am Fong geholl e kapitalen, technesche Konstruktiounsfeeler.

E Mann huet nimools nëmmen e liichte Schnapp, mä e läit ëmmer direkt um Stierwen. Bei zweemol genéitscht ruffen se de SAMU a wann se dann och nach derbei houschten, da muss all Tanja an all Françoise schonn hiert schwaarzt Gezei eraushuelen.

Zu gesonden Zäite sinn se net nëmme gesond, mä dann dréien se och nach alles esou, dass se Recht hunn. E Mann muss nämlech ëmmer Recht hunn. Dat ass Gesetz.

E Mann verdréit och keng Kritik. Dat ass nach méi Gesetz. A firwat? Mä well en e King ass a sech aus Prinzip ni blaméiere wëllt. Weder bei senge Spekulatiounen op der Bourse nach sonndes um Foussball. An erënner dech: firwat ass de Moses dann deemools 40 Deeg duerch d’Wüst gëiert? Ma well en net wollt nom Wee froen …

Voilà. A wat mengt der, wat dat eng Freed fir eng Mamm ass, déi an der Maternité zwanzeg Stonne geschweesst huet, an da kuckt d’Hiefamm se traureg an d’Gesiicht a seet: Ech fäerte ganz, et ass e Jong!

Ee vun deenen 49,4 %.

Sécher, Männer kommen an de Vatikan, Männer hunn e PSA-Wert, si kënnen Ikea-Schief zesummebauen a Loftmatratzen opblosen, si huelen all Chantale, all Yvette, all Tanja an all Françoise d’Spannen aus der Dusch a wa se iergendzwousch an der Welt emol mussen, brauche se sech nëmmen ëmzekucken an ze soen: Ma ja, firwat dann net direkt hei? Egal ob e Bam, eng Hausmauer oder d’hënnescht Rad vun engem Camion – si kënnen iwwerall! - mä fir de Rescht ass et Geknadders beim Bram a beim C&A, fir d’Boxen unzemoossen, "Et ass kee Botter méi am Frigo", an da läit e just viru senger Nues, 't ass Duercherneen an dem Buedzëmmer a vu Gefiller keng Spuer. Eng Fra ka bannent enger Stonn Melancholie, Jalousie, Euphorie an Ekstase verspieren, mä de Mann just Loscht op eng Fläsch Béier.

Primitiv, ower glécklech!

D‘Jennifer Lopez oder d’Brittney Spears als Bildschirmschoner um Computer, mä dann e Liewe laang seng Fra ruffen, dass déi him Gezei eraus leet, wat beienee passt. Net dass e sech schonn direkt an der Bürosdier entschëllegt: Sorry, ech hu mech haut eleng ugedoen! A fir op hir Déngschtreese muss all Chantale, all Yvette, all Tanja an all Françoise hinnen un alles Buschtawen an Nummeren spéngelen, wat sech mat wat verdréit, grad ewéi an de Bluttgruppen: A mat AB an A, B mat B, 0 mat alles. An d’Zwëschentéin kréien de Rhesusfacteur positiv oder négativ.

Jee, Macho oder Softie, Männer si Männer. Déi eng ewéi déi aner.

Par conter gëtt et a puncto Sex e ganzt Assortiment: du hues där sportlech Wëller oder där méi Philosophescher, där exzentresch verréckt Maniacker oder där pingelech Pedantescher, déi just éier et gëllt nach eemol soen: Waart, ee Momentchen! an dann zéien se d’Kappkësse riicht, well dat kromm do louch … Mä egal wéi, Sex hu se alleguerten am Kapp. Nees eemol déi eng ewéi déi aner. Hire spirituelle Mëttelpunkt ass eben den elektreschen Zuch an déi puer Zentimeter ...

An duerno wëllen se da gelueft ginn. E Mann wëll nämlech ëmmer gelueft ginn. Och wann e bei dem Ikea-Schaf herno eng Handvoll Schrauwe ze vill huet, an dee komplett kromm a wënsch do steet.

 

Mä kuck an der grousser Welt rondëm dech: all Kéier, wann d’Mënschheet eng fléie léisst, da wiert d’Natur sech a fuerdert hiert Recht. Ze vill zoubetonnéiert Dierfer, da ginn et Iwwer-schwemmungen … ze vill C0-2 an d’Luucht geblosen, da schmëlzt d’Äis op de Polen, de Mieresspigel klëmmt a mir sinn éischter beim Waasser.

An och am Dossier Chantale, Yvette, Tanja a Françoise sicht d’Natur Gerechtegkeet an Equiliber. An huel dech an Uecht, zimlech radikal. Well sief dat Liewewiese Mann och nach esou komplex, da kriss d’ et ower séier an d’Pan geschloen. E Mann ass zwar e Mann, mä am Fong geholl brauch en et guer net staark. Deen aarme Kärel ass zimlech kleesper op der Long.

Ech soen nëmme just: Laang Fraleitsbeen am schwaarze Collant! Wann déi sech klassesch an elegant, mä ower raffinéiert-gëfteg no vir strecken, dat hëlt him den Otem. Dat pucht en ëm ewéi en Taifun. Esoubal s de se domadder zecks, da gi ganz Szenarioen ausgeduecht, da gi bis zu 85% vum männleche Gehier desaktivéiert.

An all Chantale, all Yvette, all Tanja an all Françoise wëssen, dass laang Fraleitsbeen am schwaarze Collant zu hirem ganzen Ensembel vun Aussiichtspunkten passen a mat deem richtege Bléck am Bléck e Mann vum Hocker tippe loossen.

Du strecks se laang no vir aus a kuck, da ginn se vun de rouden Zéiwenneel duerch d’Talleksschong iwwert de Knéi erop bis an de Schlitz vum Kleed a fort sinn se. Dat heescht, se sinn zwar fort, mä se sinn nach do - et beweegt sech alles just an anere Kulturen an anere Breetegraden.

A grad do beweist sech dem Mann seng Phantasie. Do gëtt se kreativ, si fänkt un ze dreemen an iwwert de Wolleke vun der Realitéit ze schwiewen.

De Rescht ass blouss méi eng Fro vun der richteger dramaturgescher Inszenéierung. Net nëmmen, wéi se sech provokant ee virun dat anert stellen, neen, mä och wéi se sech beim Sëtzen esou zynesch iwwertenee leeën.

Sadistesch lues.

Wéi an der Zäitlupp.

Nach eemol voller hypokritescher Bigotterie kuerz um Rack gezun an da léiss de deen aneren op klenger Flam goen, bis e kacht.

Mä hei, da wibbelt jo op eemol deen ee Knéi an hieft sech ganz onschëlleg e wéineg erop, esou dass de mierks, dass et der am Fong geholl zwee sinn ...

... a wat et méi wibbelt, wat ee sech nees méi drun erënnert, dass déi zwee jo net bis an all Éiwegkeet der zwee bleiwen, mä sech iergendzwousch nees an d’Gräpp lafen a verfänken ...

An dann, uuhh, da spillen d’Hormone verréckt, a kee Mann denkt méi un deen hellege Prinzip vum Recht hunn oder un d’Schrauwe vum Ikea-Schaf.

 

Voilà, e Mann ass zwar a sengen eegenen Aen eppes eemoleg Grousses, eppes onstierflech Iwwerdimensionales, mä Fraleitsbeen sinn iwwerall aktiv.

Fraleitsbeen dreiwe Spionnage.

Fraleitsbeen hunn op der Chef-Etage e Wuert matzeschwätzen.

Fraleitsbeen kontrolléieren d’Konkurrenz an décidéieren iwwer Boom oder Rezessioun.

Fraleitsbeen maache Politik a Weltgeschicht ---

Tja, 't gouf jo gesot: O Härgott, deng Männer! E kapitalen, technesche Konstruktiounsfeeler. Si hu wuel dat gréisstent Gehir an och ënnrem Nuebel vill méi eppes Grousses - just, net Blutt genuch, fir déi zwee Dénge mateneen un d’Goen ze kréien.