An den 90er Joere kënnt de GSM ëmmer méi op - zu Lëtzebuerg ass den 021 vun der P&T deen éischten.

DAT MUSS DUDDELEN

(1997)

 

21.48 Auer - d’Stater Lydie ...

„Handy-Manie 021 Bonsoir!“

21.49 Auer - de Patrick Greis ...

„Handy-Manie 021 Bonsoir!“

21.50 Auer - den erzbëschoflechen Erzbëschof ...

„Handy-Manie 021 Bonsoir!“

  

Telephonesch mobil ass haut de Stil!

Telephonesch mobil ass den Outfit vu muer!

  

Bis elo gong dat just ënnen um Eck an der Kabinn, an dann nach nëmmen, wann s de  endlech un den Tuer koums, well virun der wor ëmmer een, deen d’Täsche voller Fënnefter hat an ni en Enn fonnt huet - oder et gong just fir 3 Frang pro Verbindung doheem, an dann nach duerch meterlaang verdréintene Kabel, voller Trëtzen a voller Kniet, dass de dech scho bal dran erhaangen has, éiers de un der leschter Ziffer woors.

Mä haut, haut ass dat méi easy, haut iwwerhëlt den Handy alles, esouguer als bëlleg Attrape aus enger Kinder-Überraschung - hei, hannert dem Volant huet e schonn de ganze Code de la route iwwerholl.

Brems

Winker

Handy

Kupplung

Gank

Handy

Spigel

Gas

Handy

D’Al Avenue erof an déi Nei Avenue erop, dat ass eng Telefonskabinn un där aner, an du frees dech: Hunn d’Leit iwwerhaapt scho matenee geschwat, éier et esou eppes gouf? Oder méi soziologesch gekuckt: Hunn d’Leit iwwerhaapt schonn esou vill aner Leit kannt ewéi haut?

Egal wéi: Handing ass Standing, iwwerall Handy, Handy, Handy! Sief et am RTL-Owesjournal d’Handy Lahure, d’Erna Handy a Co- Schoeppges oder als Pionéier vum mobilen Telefon den John F. Hennedy ...

An iwwerall bass de derbei – ob s de lo iwwert eng Ostvariante oder iwwer eng Westvariante vun der Nordstrooss fiers, se fannen dech ëmmer. Kuck, wéi den Thierry van Werweke säin éischten hat an owes gemittlech zu Paräis iwwert d’Place Pigalle getrëppelt ass, krut en op eemol vum Andy Bausch ugeruff. Vreck, sot den Thierry dunn, a wouhier weess du, dass ech grad hei sinn?

Do gesäis de, um Enn vun der Welt ass net méi um Enn vun der Welt, ower direkt niewendrun, ouni meterlaang Nuebelschnouer mat Trëtzen a Kniet.

 

Mä fir dass en Handy en Handy ass, muss en natierlech och duddel-duddel-duddelen, well e repräsentativen Handy beim Swimming-Pool oder beim Tintinger um Dësch, deen nëmmen do läit an net repräsentativ duddel-duddel-duddelt, dat ass eng sozial Katastroph.

Do bass de klak out, total handy-krepéiert.

Wéi leien nämlech d’Presidentinne vun der DP a vun der CSV esou karikaturistesch an der Pédicure niewteneen mat hiren dausenden Terminer an Tonnen Dossieren ze konkurréieren, mä da rifft jo fir d’Baschte keen un!

A wéi sëtzt de Romain Durlet aus dem „Tageblatt“ esou frustréiert nieft dem Camille Ney vum DNR an der Sauna, wann deem säin un engem Stéck duddelt, mä him säin ower net?

Vill weisen der an deem Extrem-Fall Phantasie a perséinlech Initiativ, si maache Self-Management an huelen d’Saach selwer an d’Hand. Esou ass d’Viviane Reding virgëschter duerch d’Stroossbuerger EU-Parlament gehéisst an huet einfach emol a säin Handy geschwat. Dat mécht ëmmer gutt, duecht et - an hei op eemol huet dee wierklech geduddelt.

Dat ass natierlech kee Management, a scho guer net zu Stroossbuerg, mä just pénibel, an do nach grad méi ...

 

Neen! Mir vun „Handy-Manie 021 Bonsoir!“, mir hëllefen deem op, an dann ass et Esseg mat deene Frustratiounen.

Mir sinn e liewege Service après Vente, soi-disant eng ONG.

Gitt Member bei eis, schéckt eis all Woch eng Copie vun Ärem Calepin eran, a mir ruffen Iech op Ufro zu bestëmmtenen Zäiten egal wouhinner un.

Mir ruffen Iech un, ganz à la carte op d'Minutt, sou wéi Dir et wëllt, an dann, dann ass de Moment X do: Ären 021 duddelt!

(Wat mer eis da verzielen, ass drëttrangeg – well éischtens interesséiert et eis net, an zweetens hu mir souwéisou da scho laang agehaangen.)

Verstitt Der eis Strategie: mir ruffen un, an alleguerten déi ronderëmmer, déi kucken op Iech an denken: Oho!, an Dir, Dir sidd deen an der Mëtt vun all deene ronderëmmer, déi do kucken an esou denken. En afegäilt Gefill fir Iech a fir Ären Ego! Well selwer een uruffen - dat kanns du an du an du an all Klos an all Pir (d’Nummer ass Wurscht, et hieft ëmmer iergendeen déi aner Säit op), mä ugeruff ginn, ënnert Milliounen anere just deng Nummer - ha, dat représentéiert a rehausséiert, dat huet e Flair vu Stress, a ween am Stress ass, dat ass quelqu’un, wat soen ech, dat ass prominente Grand-Luxembourg! Anerefalls bass de just deng hondsgewéinlech Matricule nationale mat eelef Zifferen, déi s de emol selwer net auswenneg kenns.

 

Duerfir:

Egal wou Der sidd,

Egal wou Der stitt,

Ob Der an dem „Auchan“ kaaft,

Ob Der honnert Meter laaft,

Ob Der an dem Whirl-Pool puddelt –

ÄREN HANDY DUDDEL-DUDDELT !

  

Mir vun „Handy-Manie 021 Bonsoir!“ organiséieren a koordonéieren eben d’Liewe vun der High-Society.

Hei, kuckt eis Lëscht, huelt nëmmen den Timing vu muer:

16.55 Auer ... d’Lea Linster zu Tréier am „Karstadt“ ...

17.20 Auer ... d’Marie-Josée Jacobs am Wartesall beim Zänndokkter ...

17.45 Auer ... de Pol Philippe beim Coiffeur ...

20.15 Auer ... d’Caroline Mart 1.78 Meter am Solarium ...

 .... de Fausti mat der „Times“ am „Royal“ ... .

... d’Astrid Lulling mam „Feierkrop“ am „Mac Donald’s“ ...

21.17 Auer ... de Max Kuborn, mä wou en ass, wollt en eis net soen ('t geet eis jo och näischt un) 

21.53 Auer ... de Georges Christen bei der Variété-Show vun der Nationalloterie - just deen hieft net op, well en ass grad am Gaang eng Bettbull opzeblosen ...

22.04 Auer ... de Bodens Pitti (*) um Hais-chen --- (ech mengen, deen hat de Witz net verstanen)

 

 

(*) Numm vun der Redaktioun geännert