De 5. September 2006 trëtt dem Gesondheetsminister Mars di Bartolomeo säi Gesetz a Kraaft, dat d'Fëmmen an de Restauranten an an allen öffentleche Gebaier verbitt

STAARKEN TUBAK

(2006)

 

E Land, wat sech et leeschte kann, seng Verméigenssteier ofzeschafen, just nëmmen, fir kéipweis Millionären unzelackelen, esou dass herno d’Côte d’Azur vu Monaco iwwert d’Musel bis hannert Schengen erop geet, dat muss e glécklecht Land sinn.

An e Land, wat weider keng Problemer huet ewéi sech d’Käpp anzeschloen, ob dann elo de rout-wäiss-bloe Fändel oder de Roude Léif fir Nationalfeierdag soll opgehaange ginn, nach vill méi. Zemol wann et knapps nëmme 450.000 där Käpp huet.

An ower geet et dem Grand-Duché net gutt.

E léisst déi 450.000 Käpp hänken.

Seng Leit si physesch ruinéiert a psychesch um Hond.

Wéinst deem neien Anti-Tubaksgesetz.

Du arem, kleng Zigarett ... bass nëmme knapps 8 Zentimeter laang, hues keng Lobby, hues keng Gewerkschaft, du kanns dech net wieren – a wat maachen se mat dir? Du gëss vun ieweschter politescher Instanz erof kalbliddeg gekillt. An dobei fëmmen dach déi meescht nëmmen, fir vun deene Schäiss Nikotin-Plooschtere lasszekommen.

„Attention! Nuit gravement à votre santé“, mä mir huelen ëmmer méi of, well mer elo net méi an de Restaurant goe kënnen. Kuck, mir ginn nëmme méi Haut a Sprenz.

Net dass mer géife fëmmen! Neen, wou denks de hin?! Mir sinn iwwerzeegten Non-Fumeuren. Mä do konns de der dach ëmmer esou flott vun den Dëscher ronderëm passiv eng mat op d’Long zéien. Sozial a bëlleg an ouni d’Ëmwelt zousätzlech ze belaaschten.

An domat ass et elo Esseg.

Elo duerfs de nëmme just méi an de Restaurant goen, fir z’ iessen.

En absurden Nonsens!

Mä wëssen déi dann net, dass esou eng Zigarett an hirem Damp Kuelestoffdioxid a Vinylchlorid huet, mat Benzol, Methanol, Acetonnitril, Nikotin, Blosaier, Formaldehyd, Acetaldehyd, Nitro-saminer a polyzyklisch aromatesch Kuelewaasserstoffer?

Voilà, ass dat dann éieren näischt?

Ass dat da keen Argument?

Mä neen, do päift d’Politik der drop!

Do sëtzt ee bei senger Bisque de Homard oder sengem Filet de boeuf en croûte, sauce brune au foie gras a vum Dësch niewendru kritt een esou vill Gauloises oder Marlboro derbei geblosen, dass ee muss d’Niwwelluuchten umaachen - e culinaresche Genoss!

Ministere schénge jo alles ze sinn, mä op jidde Fall net gastronomesch kultivéiert. Mäi Gott, wann dann och nach grad e Gesondheetsminister wéi dee Bartolomeo do sech mat hondsgewéinlecher Loft ouni weider Nährwerter zefridde gëtt ... vu mir aus!

Eng Tourte de Canard aux girolles mat Blosaier a Methanol vu riets, e Feuilleté d’Escargots flambés au pastis à la crème d’ail mat Formaldehyd an Nitrosaminer vu lénks - dat ass dach en intime vun Du zu Du ...

Mä neen, elo näischt méi. E Land veraarmt trotz sengem Räichtum a sengen neie Millionären.

A wann dat schonn net méi erlaabt ass, also, da misst jo ower och sonndes de Wäirauch an der Kierch verbuede ginn, well do kiffe mer monter am Kollektiv weider, mat Uergel a mat dem Seege vum Himmel derbei. Mä bei dem Bistum wollt jo nach ni ee sech d’Fangere verbrennen. Da stellt d’Force Publique léiwer extra Knuutschpolizistinnen a Knuutschpolizisten an, déi am Restaurant wéi sexuell obsedéiert d’Leit dëscherweis ofkëssen, fir erauszefannen, wee wat a wéi vill gefëmmt huet.

Mä wat nach vill méi uerg ass: am Land ginn et ëmmerhinn 70% Net-Fëmmerten. An all Dag kommen neier derbei. Dat ass dach ganz kloer d’Majoritéit. Op déi gëtt keng Rücksicht geholl. Op déi gëtt eng politesch Hexejuegd gemat. Mä en Non-Fumeur huet an engem fräie Land dach och seng Rechter, oder? A wann et och nëmmen e passivt ass!

 

Ah, fir esou en Affront géint eis Verfassung kann de Steinmetzen Abbes sech an d’Roserei rieden. A wann de Brimeyer och nach derbei ass, da sinn se schonn zu zwee, an da wëllt ech als Bartolomeo hirer Roserei net an de Wee kommen.

„An do hunn ech um Büro e feine Kolleeg vis-à-vis sëtzen, dee mer ëmmer esou jovial den Damp an d’Gesiicht geblosen huet. Heiansdo hunn ech en zwar mussen drun erënneren: Jim, sot ech dann, et ass hallwer zéng. Oder hallwer zwou. An dann huet en de Pak erausgeholl. Mä deen duerf elo och net méi. A just nëmme wéinst menger. An dobei kafen ech him nach d’Zigarette selwer.“

„Ech, ech sëtzen an der Brasserie ëmmer bei engem um Comptoir, deen all owes fir 27 Euro säin Humpen drénke kënnt: 2 Euro fir de Béier, 25 Euro, fir wann e beim Fëmmen erwëscht géif. Dann drénkt en nach een, dat sinn dann 29 Euro fir zwee Béiercher, herno 31 Euro fir dräi, esou gëtt et ëmmer méi bëlleg, an no Feierowend geet en zwar stacksat heem, mä et huet e bal näischt kascht.“

„Jo, iergendwéi muss de jo ower zu Dengem kommen. Mä et ass ower eng ongerecht Welt! Kuck, wat hunn déi kleng Kanner an de Kutschen an an de Poussetten dach eng Chance, dass et nach net verbueden ass, fir mat hinnen am décke Verkéier duerch d’Stad ze spadséieren. All puer Meter e gudde Strapp aus dem Auspuff - ei, eng Freed fir all Kand!“

„Mä so, Abbes, du, du hues et jo ower nach gutt. Deng Fra, déi fëmmt dach. Also, firwat beklos de dech dann?!“

„Ho, da meng alt! Dat ass et jo grad. Déi ass elo mat deem Typ duerch d’Bascht, dee se am Restaurant virun der Dier beim Äschebecher kenne geléiert huet.“

Stell ee sech dat vir! A wann een elo déi hallef Éiwegkeet bedenkt, déi 11.000 Joer vun der leschter Äiszäit bis haut, dann ass eist Liewen hei jo nëmmen e ganzt klengt Stéckelchen dervun, fir net ze soe guer näischt, a grad an deem Stéckelche musse mir materliewen ewéi se deemnächst déi grouss Neon-Reklamm „Maryland – ons Cigarette“ op der Stater Gare, déi 40 Joer do geliicht huet, ofmontéiere wäerten ... Keng Tubaksreklamme méi! Sot en, de Bartolomeo.

An sou wéi de Jesus senger Zäit d’Geschäftsleit aus dem Tempel erausgehäit huet, pucht hien och nach iergend eng Kéier d’Fëmmerten aus dem Café an aus der Disco eraus. Sot en och, de Bartolomeo.

Verbueden am Bistrot ze fëmmen!

Méi absurd ewéi ze verbidden, dass et am Wanter schneit oder dass et owes däischter gëtt!

Obschonn e kee Mënsch als Kriminelle verdame wëllt. An déi Anti-Tubak-Campagne géif sech géint den Tubak riichten, mä net géint d’Fëmmerten. Ah sou, wann s de engem also an der Houchzäitsnuecht verbitts, fir an d’Bett ze goen, dann ass dat och nëmme just fir der Matratz d’Spill ze verdierwen ….

 

Mä mäi Gott, „HEINTZdo VAN d’LAND eng WYCK“ fëmmt!

An net nëmme sëtzt dem Eilebeckesch Abbes seng Fra elo mat deem vum Äschebecher virun der Dier an der Karibik, mä och den „HEINTZdo VAN d’LAND eng WYCK fëmmt“ kann zoumaachen, a mat sengem Rescht Godrong gëtt dann endlech d’Nordstrooss fäerdeg gemat, déi jo souwéisou scho mat hire sëllechen Tunnellen, grad ewéi d’Mammerent an d’Philharmonie um Kierchbierg, vu Maryland, Africaine an Ducal finanzéiert gouf. Dach, well aktiv a passiv fëmmen, dat ass u sech dat selwecht: si fëmmen allen zwee – just dass deen ee bezilt. An de Staat kasséiert Milliounen a Milliounen Euro un TVA an Accisen dodrop - d’Tubakssteier ass jo an der lescht esou an d’Luucht gaangen, dass et op eemol méi bëlleg gëtt op Tréier an e Puff ze goen ewéi eng Zigarett duerno.

Also de Brimeyer an den Abbes si jo och strikt géint d’Fëmmen - esou dass se scho bal fäerten an de Klemmes ze kommen, well se Steieren hannerzunn hunn – mä einfach esou am Damp ze sëtzen, dat duerf ech ower sécher nach däerfen, nondikass nach emol!

An à propos Tréierer Zatze gesäit hire Kolleeg, de Jerry, nach vill méi batter Zäiten iwwert eis glécklecht Land zéien:

„Gläich gëtt och nach de Sex verbueden, Jongen. An net nëmmen op den öffentlechen Plazen an an den Staatsgebaier, neen, och privat. Well do kann een och passiv geschiedegt ginn: wann den Noper bis am Gaang ass, maachen ech d'ganz Nuecht keen Aan zou.“