Et wor grousst Gerumouers am Land, wéi d’Groussherzoglech Famill am Joer 2006 bekannt ginn huet, dass se d’Bijouen an d’Juweele vun der Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte zu Paräis bei Sotheby’s versteeën an och nach déi 850 Hektar Gréngewald, déi dem Haff gehéieren, verkafe wëllt. Béid Projetë goufe fale gelooss ...

PLACE ROYALE I

(2008)

 

„Ja, dann hier erlanscht die marberne Ehrentreppe herauf durch den Hall d’honneur in den Salon Rose mit so Bilder von sämtlichen Wilhelmen und Adolphen, die wir da hatten.“

„Déjà au 15. Jorhonnert le Palais était la Gemeng de la Ville et depuis 1815 le Palais est le Palais comme il l’est aujourd’hui. Mais après une grande explosion la partie ici au milieu de votre main gauche et de votre main droite était fait nouveau et am Barock. Ca c’était alors moderne, savez vous.”

Tja, d’Madame Elise an d’Joffer Triny! Do haten si zwee hir Carrière als Toilettemadammen am Stater Cercle ugefaangen an elo kruten se déi éischt Promotioun: Botzfra bei eise Royals am Palais. Mä si lafen do net nëmme mat Torschong, Schruppert an Eemer erëm, neen, wou denks de hin! -  de Palais ass jo déi Attraktioun fir d'Touristen, an hei maachen si zwee dann och all Summer Visitë fir busseweis Englänner, Fransousen Chineesen, Amerikaner an alles wat et esou doruechter gëtt. Mä du erziels deene vun der Façade hirem spueneschen Afloss, du erkläers deene vun den Arabesken, déi een och un der Kathedral fënnt - neen, d’Touristen interesséiere sech ëmmer nëmme fir den Heng a fir säin Tréis a fir d’Tréis a fir säin Heng.

Dass an all Schoulsall an an all Policebüro grouss Photoe vun der Dynastie un der Mauer hänken, dat wëssen se.

Dass de als Altesse Royale op all Timber geleckt a gestempelt gëss, dat wëssen se och.

Mä wat mécht den Heng iwwerhaapt, wann e Feierowend huet?

D’Tréis ass villäicht an dem Colmar-Bierger Senioren-Nordic-Walking an hien an de Pompjeeën oder an der Musek?

An dann, wat mécht hatt, wann den Heng seng Strëmp doruechter trëlle léisst oder nuets schnaarcht? Geet da mat hirem neie Stil deiere Villeroy&Boch-Parzeläin a Schierbelen, fir d’lëtze-buergesch Économie op Trapp ze halen?

Kee weess et. A vun deenen anere Kinnekshaiser stinn d’Fraenillustréierte voll. Ob et stëmmt oder net – dat ass egal. Mä d’Haaptsaach, et hält een um Lafenden ...

 

„Also Grand-Duc ze spillen, Madame Elise? Mat e sëllechen Dames d’Honneuren hannen an Hommes d’Honneuren vir? Nee merci! Dat ass dach dee Stress.“

„Ech géif op jidde Fall och drop päifen, Joffer Triny. Huel nëmmen den Nationalfeierdag! Owes sëtzt de zwar an der éischter Rei beim Freedefeier, mä mueres kanns de ower beim Raséieren nach eemol den Text vun der Heemecht widderhuelen. Fir herno an den Te Deum.“

„Majo, well d’RTL-Kamerae weise jo och d’Nationaléquipe ëmmer just da grouss am Bild, wa kee méi weider weess. Dat dépriméiert dach mat der Zäit.“

„Da Schlussprëssessioun tëscht dem Geroch vu gebakene Fësch a Fritten erduerch, Staatsvisitë beim Poopscht an zu Dschibuti an heiheem bei den Escher Majoretten a bei deenen zwee aus all Keeleclub, déi de rietse Bauer geroden.“

„An duerno muss de dech dann nach iwwerall wéi an engem Poesie-Album an d’Gëlle Buch aschreiwen: Ich war hier. Heng.“

„Und ich auch. Tréis.“

 

An do, wou elo scho säit dem 15. Jorhonnert de Palais steet a säit 1851 och als richtege Palais fir op den Touristen hir Postkaarten, do kënnt elo eng al Mimmche bei den Zaldot a sengem Hais-che getrëppelt, voller Respekt a mat engem patriotesche Kribbelen am Bauch.

„Entschëllegt, Monsieur," seet se, „mä kënnt ech villäicht bis bei den Heng oder seng Madamm? Et ass wéinst hire Krounjuweelen, déi se wëlle bei Sotheby’s zu Paräis versteeën. Wësst Der, ech hunn hei och esou eng al Brosch. Kuckt emol. Ech mengen, si ass esouguer e ganz wéineg aus Gold. Mä ech di se souwéisou net méi un, well d’Spéngel hanne futti ass.”

Den Zaldot a sengem Hais-chen laacht no bannen, mä verzitt no bausse keng Minn. Hie kann dat, well e gëtt jo hei méi dacks vun all Japs photographéiert ewéi de Paräiser Eifeltuerm, an d’Tréis rifft jo och schonn am Kicheschierteg uewen aus der Fënster: “Comment? Schonn erëm esou enger Heeschefra? Mä une op Place Clairefontaine là-bas geet dach vëlleg suffisamment duer.”

“Neen, mä kuckt, villäicht feelt Iech nach esou eppes an Ärer Collectioun vu Braceleten an Diademen, an ech kënnt alt domat e wéineg hëllefen, fir de Präis an d’Luucht ze dreiwen. Well bei deene lappege Milliounen, déi fir den Haff am Staatsbudget stinn, muss Ären Häerche jo all Woch Piccobello-Rubbelbilljee spillen.”

Mä schwätz dem Tréis net vun deene Bijouen. Dann ass d’Altesse nees op honnert. Ah, wann se déi dach nëmme versteet hätten! Wéinegstens emol déi Rubinen a Smaragden, déi vum belsche Kinnek als Cadeau gemat goufen. Et wieren alt déi puer Su, well d’Pëgien eis jo viru Joeren de Frang ofgewert haten.

A grad wéi d’Mimmchen och dem Tréis hir Brosch weise wëllt, wou ee mengt, si wier e wéineg aus Gold an d’Spéngel hanne futti ass, du kënnt dann och nach den Heng mat enger Schuppkar Kouertenholz a Fäschen uewendrop.

„Ah, ee Gléck hu mer se ower net verkaf.“

„Wat? Dem Josephine seng Halsketten a seng Ouerréng?“

„Neen. Déi 850 Hektar Gréngewald am Gréngewald. Eise Patrimoine National. Mat wat géife mer dann elo dobannen hëtzen? Pass op, et ginn nach kal Wanteren.“

Tja, de Gréngewald! De Staat huet hinnen en deemools geschenkt an haut iwwerhëlt en esouguer och nach d’Verwaltung, den Ënnerhalt an d’Personalkäschten. Mä keng Panik, fir de symboleschen Euro kënnen d’Leit ower och derduerch spadséiere goen. An den Haff schéisst dann herno déi Wëllschwäin of, déi mir him gefiddert hunn – esou wéi op enger Safari oder am Beetebuerger Kannerpark. Schon 1977 wor et dat selwecht. Do hunn se dem Staat d’Veianer Schlass verkaf, an elo, elo konnte mir nees eemol berappen, fir de Sessellift nei ze maachen.

An iwwerdeems de Monseigneur keimt a säin Holz Stéck fir Stéck ofluet, kënnt d’Mimmchen sech es einfach net zou. An dat aus dräi Grënn:

1) Vreck, geet deen dohinner Holz maachen?!

2) Da stiechen se ower wierklech a schlechten Dicher.

3) Ass dat do nach dran!

Dat véiert räichst Kinnekshaus vun der Welt, laut der belscher Zeitung „Het Laatste Nieuws“. No dem Prënz Hans-Adam vu Liechtenstein, der englescher Queen an dem spuenesche Juan Carlos. Mä scho säit Jorzéngte verkafen se dem Staat Terrain, Parken an Haiser, an elo feelt nach just, dass se de Pizza-Service mat zweemol Cappriciosa, zweemol Calzone an dräimol Margarita op der Vespa komme loossen, wann de schweedesche Kinnek an d’Béatrix aus Holland op Besuch sinn.

 

Dobanne stëbst d’Madame Elise an d’Joffer Triny weider un de Biller, de Skulpturen an deenen deiere Vasen, déi engem iwwerall am Wee stinn.

„Grand-Duc vu Beruff - ech soen Iech, dat ass keen Zockerleckes. Net gewerkschaftlech organi-séiert an da kënns de finanziell och nach net richteg iwwert d’Ronnen.“

„Bon, d’Kannergeld hëlleft hinne jo emol aus deem Graffsten eraus. An am Summer ass hiren Heemount, do kréien se jo e puer Euro méi eran, wann eis Touristen de Palais besichtege kommen. Ech hunn ausgerechent: eleng haut hate mer 24 Däitscher, 17 Fransousen, 35 Finnen oder Schweeden oder Norweeger, 't sief dann och, 18 Englänner, 5 Mexikaner an 387 Chineesen.“

„Mä Joffer Triny, ech weess net ... géift Dir da wëllen, dass friem Leit Iech duerch d’Stuff an duerch d’Kichen traatschen, wann Dir an der Vakanz sidd?“

„Also ech net!“

„Du sëtz mat Fra a Kand zu Cabasson op der Côte d’Azur, an d’Mexikaner, d’Chineesen, d’Finnen oder d’Schweeden oder d’Norweeger, 't sief dann och, déi schnoffelen der doheem am Frigo erëm.“

„Oder si probéieren der Rei no, ob s de eng haart oder eng mëll Matratz hues.“

„Gees de! Neen!“

„Et ass frustrant an déprimant. A wann dat mat deene schlechte Finanzen esou weider geet, Madame Elise, da wëllt herno iwwerhaapt kee méi Grand-Duc spillen, an d’Plaz muss aus-geschriwwe ginn.“