D'GËLLE FRA

(2011)

 

1923 … se nenne mech Monument du Souvenir … Friddenskinnigin … oder am Volleksmond einfach „Gëlle Fra“. Mä ech duerft net op d’Kathedral ze kucken, ech hu mussen de Kapp no ënnen an d’Péitruss bécken, well ech … well ech … well ech eben ze vill … wéi soll ech soen ? … ze vill weiblech Konturen hunn. Jee, meng Geschicht kennt jiddwereen, déi brauch ech net nach eng Kéier ze erzielen.

War dat net iergendwéi d’selwecht, wéi am Kulturjoer 1995 dem Niki de Saint-Phalle hir Skulptur „Nana“ fir d’Schlussprëssessioun zougehaange gouf, dass déi brav Pilger beim „Gegrüßet seist du Maria“ net aus dem Takt geroden?

Mä jee, bleiwe mer bei mir. No 1940, wéi déi preisesch Herrschafte mech mat Dampwalz a Stoleseeler ofgerappt haten, hu Generatiounen a Generatiounen net verstanen, dass déi Plaz bei der Gëlle Fra „Bei der Gëlle Fra“ heescht an et wor guer keng Gëlle Fra do … well ech, ech louch op der Arelerstrooss ënnert den Tribüne vum Stadion. An do hunn ech vill materlieft, zum Beispill wéi 1959 d’Jeunesse vun Esch an der 10. Minutt mat 1:0 géint de Real Madrid a Féierung gaangen ass. An e puer Minutten drop mam 2:1 nach eng Kéier. Ech ka mech nach erënneren: et war dem Pilo Fonck säin éischte Mätsch um Radio ... dee Mann war wéi aus dem Hais-chen! Mä och du wor et op eemol mat 2:5 eriwwer. Wéi esou dacks …

A knapps stong ech an den 80er Joeren nees uewen um Sockel, hat ech 2001 d’Lady Rosa nieft mer. Meng Zwillingsschwëster, soten se. Also, dat ass schonn typesch Lëtzebuerg, dass e Fraebauch e ganzt Land esou an aner Ëmstänn bréngt, vun de Resistenzler bis bei déi méi Prominent aus eisem Kulturkrees. Mä jee, déi Geschicht kennt och jiddwereen, - déi brauch ech och net nach eng Kéier ze erzielen.

Wat mech awer nach méi wonnert, dass just ech 2010 als Symbol vun der Fräiheet just a China op eng Weltausstellung geschéckt gouf. Bei déi, déi emol net wëssen, wéi ee Mënscherechter schreift. Iwwer 7 Millioune Leit si laascht mech getrëppelt. Ech hat ëmmer Angscht, dem Caroline vu Monaco säi Prënz Ernst August vun Hannover kéim bei mech d’Been hiewen … An nodeems d'Iechternacher Sprangprëssessioun vun der UNESCO offiziell op der Lëscht vum Weltkulturierwen opgeholl gouf, koum ech op Käerjéng.

Éischt Klass Cargolux – an enger hëlze Këscht.

't ass am Fong geholl komesch: deemols war et déi fréier Rechtspartei, der Kierch hiere politeschen Aarm, déi derfier gesuergt huet, datt ech 30 Meter an d'Luucht gesat gouf, fir dass nëmme kee mech soll méi genau gesinn, an elo, elo war et grad der CSV hiere President, dee mech heiheem zu Käerjeng ausgestallt huet, fir datt jidweree mech ka vu "no" kucken.

Wéi an enger Peep-Show.

Mä ower och fir de Sculpteur Claus Cito ze éieren, sot de Wolter Mischi, deen CSV-President a Buergermeeschter vu Käerjeng.

De Claus Cito? Dass ech net laachen. An deemools, wéi e mech op d’Welt bruecht hat,  gouf e lénks leie gelooss. E gouf veruecht. Si hu bis elo an der ganzer Gemeng emol nach keng Strooss, emol keng Sakgaass, no him benannt.

Egal wéi, mengem Gefill no huet dee Wolter iergendwéi ganz patriotesch iwwerluecht. Nodeems Millioune Chinesen d’„Gëlle Fra“ zu Shanghai gesinn hunn, wollt en se och de Lëtzebuerger weisen. Fir ronn 250.000 Euro. - 250.000? Duerfir huet da sécher Käerjeng elo mat Kënzeg fusionéiert, fir dass déi kënnen hëllefe bezuelen.

Mä komm, wat soll sinn?! Elo stinn ech jo nees op mengem Sockel iwwert der Péitruss an alles ass nees an der Rei. 't huet kee méi eppes, fir sech beim Comptoir opzereegen, 't brauch kee méi  Lieserbréiwer an d’Zeitung ze schreiwen oder topeg Remarquen op rtl.lu … Alles paletti. Mir hu keng Problemer méi!

A wou gëtt et dann op eiser grousser Welt nach ee Land, wat esou glécklech ass ewéi mir ?!

Finanz- an Eurokris – pfff,  Peanuts!

PISA-Étuden a Chaos an de Schoulen – just Abildung!

Chômage a kleng Renten – lächerleche Pipifax!

Net genuch Altersheemer a Pflegebetter - eng Randerscheinung!

D’Haaptsaach: d’Gëlle Fra steet nees „Bei der Gëlle Fra“, esou ass alles a beschtem Botter an et weess kee wéi gutt dass mir et hunn, well et gëtt ebe keng méi eng schéi Welt ewéi déi hei …