2014 gëtt zu Bartreng déi "Al Schoul" (d'Schoul BEIM SCHLASS, hannert der Schauwebuerg) ofgerappt, a méi eng grouss a méi modern op der selwechter Plaz nees opgeriicht.

Hei e kuerze Replay a Stéchwierder vun deene leschte 50 Joer Lëtzebuerger Schoul-Liewen ...

REQUIEM FIR ENG SCHOUL

(1961 - 2014)

 

Tëschent dem viischten Haff an dem hënneschten Haff

iwwert dem Kinoskeller an dem Kaffiszëmmer,

doertëscht louchen se joerelaang -

déi 53 Joer „Al Schoul“ ...

 

vu „Gelobt sei Jesus Christus, Här Paschtouer“, Schönschreibeheft a Picken

bis bei Kiermesméindeg mëttes fräi an de Jang de Blannen 1296-1346 um Knäipziedel

 

53 Joer „Al Schoul“ ...

mat „Ein Heizöltank ist 2,25 m lang, 1,6 m breit und 1,5 m hoch“,

mat Pouten a mat Bitze fir d’Meedercher, an dobei eng Schell,

déi ëmmer ze spéit schellt fir eraus an dann och nach ze fréi fir nees eran

 

53 Joer „Al Schoul“ ...

vun Dokter an Doppelpunkt mat Gänseféissercher iwwer Fünf-Freunde-Filmer op Video

bis bei „Elle s’est levé“ ouni e a schonn nees zwee Punkten duerch d’Päif

 

53 Joer „Al Schoul“ ...

mam Velo fir d’Sécurité Routière duerch d’Duerf, Hektoliter, Ar, Nominativ a Genitiv,

Zähler an Nenner an herno och nach d’Schwammsaache vergiess

 

53 Joer „Al Schoul“ ...

vun der Buergplaz bei Huldang op 559 Meter a „Kanner, loosst mer lëschteg sinn“

iwwer Aufnahme-Examen an Zoossiss-Schmieren am Schmierepabeier

bis bei „Joffer, de Sammy sot: Fuck!“

 

53 Joer „Al Schoul“...

mat Zilänz bis hallwer 6, honnertmol als Strof „Ich soll hei nicht, ich soll do nicht“,

Cycle 4.1. an 4.2., que je vienne-que tu viennes-qu’il vienne,

„Däerf ech op d’Toilette?“ an 31.987 Stécker Kräid

 

53 Joer „Al Schoul“ ...

vun de Ramboe beim Völkerball, dem „daß“ mat ß an op eemol „dass“ mat ss

bis bei Fuesbännercher a Konfetti fir d’Fuesend an d’Kiercheklack all Véierelstonn

 

53 Joer „Al Schoul“ ...

vu „Comportement 2-3“ op der Zensur bis bei kompetenzorientéiert Smileyen

a vu wackelegen Tëntendëppercher an de Bänken

bis bei Computere mat „Schoulmeeschter, komm, ech weisen der, wéi dat geet.“

 

Dach, do louchen se,

iwwert dem Kinoskeller an dem Kaffiszëmmer

an tëschent dem viischten Haff an dem hënneschten Haff -

déi 53 Joer „Al Schoul“...

 

 

Gemeng Bartreng "BULLETIN COMMUNAL" - 4/2014

(Foto: Geschichtsfrënn, Bartreng)