Le Grand-Duc sanctionne et promulgue les lois.“ (fréieren Artikel 34 vun der Constitutioun). Mä aus Gewëssensgrënn huet hie Bedenken, fir d‘„Loi sur l’euthanasie et l’assistance au suicide“ ze ënnerschreiwen, déi d‘Chamber den 18. Dezember 2008 stëmmt. Am Konsens mat dem Grand-Duc gëtt dann den Artikel 34 vun der Verfassung den 12. Mäerz 2009 geännert, dass hien d’Gesetzer nëmme méi „promulguéiert“, also proclaméiert.

An dësem Kontext schwätzt d’LSAP och scho vun dem Schweedesche Modell, d.h. dass de Grand-Duc just eng symbolesch Fonctioun mat nëmme méi Representatiounspflichte soll hunn.

PLACE ROYALE II

(2009)

 

„Ah, Henri, eemol Vacances heiheem op eis Schlass an net ëmmer do ënnen zu Cabasson an déi muffeg Haus mat all deng Gebriddesch an deng Geschwëstesch.“

 

„Ech sot jo nach zu eisem Guillaume: Looss de Fändel um Tuerm. Da weess jiddwereen: Ah, si sinn doheem! an et kënnt keen abriechen.“

 

„A wat ass da bei eis nach vill ze huelen? Même esouguer deng gëlle Fillfieder, fir ze ënner-schreiwen, brauchs de jo apparemment och net méi. Ech ginn déi elo an Tombola vun eis Fraen a Mammen. - Henri, tu sais, wat ech hunn hënt gedreemt? Du wiers Grand-Duc.“

 

„Mä dat sinn ech dach.“

 

„Non. Un vrai. Du wiers richtege Grand-Duc. An elo gëtt den Artikel 34 kastréiert. Du solls net méi wëllen kënnen mussen sanctionnéieren. Nëmme méi promulgéieren. Also nëmme méi eraustuten ouni duerfen Pefferkär derbei leeën.“

 

„Op meng eege Propose hin, Teresa. Schliisslech gong et ëm d’Gesetz vun der Euthanasie. An d’Chamber huet dat eestëmmeg ugeholl.“

 

„Henri Albert Gabriel Félix Marie Guillaume, wat läit mir u Chamber. Mä so mir firwat hues de dann iwwerhaapt nach eng Ënnerschrëft? Kaarten mat Autogramm wëll souwéisou keen.“

 

„Mäi Gott, ech ka se jo ëmmer nach gebrauchen, wann ech op d’Post Suen ophiewe ginn, oder wann e Pak vun E-Bay ukënnt.“

 

„Dat ass dach pire ewéi op Cuba. Da weis dach emol, dass de bass Grand-Duc! Kämpf derfir. Du hues jo Säwel um Rimm.“

 

„Teresa, ech hunn dach gewisen, dass ech Grand-Duc sinn. Ech sëtze vu mueres bis owes am Palais a soe Jo. Mä soen ech eemol Nee, da gëtt d’Verfassung geännert. An da steet et och schonn deen Dag drop am Trierischer Volksfreund, am Soir an an der Libre Belgique.“

 

„Pff, déi Pëgie brauchen sech en tout cas net ze mengen. Déi haten däi Mononk jo schonn ofgesat eemol fir zwee Deeg. Dass ech net laach, dat ass jo grad, wéi wann ee sech verstoppt doheem ënnert Kichendësch.“

 

„Ech weess jo och, wéi et do ausgesäit.“

 

„Mach elo net Geck. Déi Euthanasie ass eng Question vun héich moralesch, ethesch a philoso-phesch Dimensiounen.“

 

„Ma ja, gesäis de! An ech hunn eben och no mengem Gewësse gehandelt. Dat hunn ech a menger Chrëschtdagsusprooch erkläert. Oder wor et fir Neijoosch-dag? Egal. Mä du hues mer jo net nogelauschtert, du hues un engem Stéck Kakuette virun der Telé geknat. - En plus, huet d’Geschicht gewisen, dass et net gutt ass, wann ee sech als Souverain iwwert d’Meenung vum Vollek ewech setzt.“

 

„Ah sou. Egal wat d’Vollek also wëll, da sees du Jo. Hues du da keng eege Meenung?“

 

„Dach schonn. Ech hu jo deng Handysnummer. – Deng Handysnummer an de Vatikan.“

 

„A wat huet Bëschof a Vatikan eis da gehollef? Rien, rien du tout. Dach. Du hues elo méi Zäit, fir doheem am Summer Gras méien an am Wanter Schnéi schëppen.“

 

„Teresa, mir liewen an enger Démocratie parlementaire sous la forme d’une monarchie constitutionnelle. An déi Verfaassung, déi hale mir eben héich. Ganz héich.“

 

„Sou héich, dass mer kënnen goen drënner erduerch.“

 

„Du bräichs dech op jidde Fall net ganz vill ze bécken.“

 

„Henri!“

 

„Soit. Lo hunn d‘Leit emol wéinegstens matkritt, wat an eiser Constitutioun steet. Net ewéi deemools mat der décker EU-Verfassung, déi kee verstännege Mënsch gelies huet.“

 

„Jo, mir haten dat Buch och just, fir ze stäipen dee wackleg Kichendësch. Mä deemools haten mer ower wéinegstens nach e Referendum. Mä elo, wou se schneiden un deng Troun, do muckst sech kee Mënsch vun deng Lëtzebuerger. Alles pitoyabel ... comment dire ... schlappeg Schwänz.“

 

„Maria-Teresa, eis Monarchie wor a Gefor. De Maître Vogel huet jo op RTL gesot: Wann den Heng net wëllt ënnerschreiwen, da soll e goen a sech senger Saache bekëmmeren, sot en. Mir brauchen hie guer net.“

 

„O, mon cher Maître Gastevull! Hie schwätzt ëmmer vu République. Bon, wann hie seet Grand-Duché wier un pays qui tient dans un mouchoir, da ginn ech him recht – mä ech ginn mir och recht, wann ech soen, dass hien nëmmen just laange Schiet werft, wann d’Sonn steet déif.“

 

„Vergiess och net, dass d’LSAP schonn iwwert de Schweedesche Modell fir eis nogeduecht huet.“

 

„Pardon, quoi? Schweedesche Modell am Ikea, schweedesche Modell um Stréch an elo och nach um Haff?! Henri Grand-Duc de Luxembourg, Duc de Nassau, Prince de Bourbon et Jambon de Parme, iwwerlee emol: Mir hätte nëmmen just méi une fonction purement représentative pour représenter hei an do? Ech soll mech nëmmen méi promenéier op Bazar vu Croix-Rouge a mat dir op Réimech kucke goen, wann d’Musel huet d’Esplanade iwwerschwemmt? Ah non ! Ower net mat mir. Henri, da sees du och do einfach: Non! Grad ewéi bei der Euthanasie. Oder ech leeën der kee Gezei méi eraus.“

 

„Chérie, dann énervéier dech dach net esou.“

 

„Ech énervéier, wann ech mech wëll. Iwwerhaapt, j’en ai assez mat alles, j’en ai marre bis hei uewen hin.“

 

„Mä iwwerlee: Och wa mer iergendeemol nëmme just nach gebraucht ginn, fir op den Dîneren am Palais d’Hänn ze drécken oder op Réimech d’Esplanade kucken ze goen, meng Pei, déi behalen ech jo ower nach ëmmer weider.“

 

„Dee Salaire minimum? Mais j’espère bien. Well wat solls du dann och vill maachen aneschter? Däin CV ass net tellement brillant, well du hues dach nëmmen geléiert fir Grand-Duc. Oder kanns du och leeën Plättercher ou bien maachen petits pains ?“

 

„O, ech mengen, mir mussen iergendeng Kéier nach vill méi kleng Bréidercher maachen."

 

„Mä soit, Henri Albert Gabriel Félix Marie Guillaume. La vie est quand même belle, wéi se schreif a Feierkrop. Eis Willy ass Ierfgroßherzog a bei dir an der Conduite accompagnée, du woors op Roum an Audienz, de Poopscht huet der Regierung wéinst deem Gesetz vun Euthanasie, eh, wéi seet een: Feier bei Box gemat, a pass emol op, wann s de och nëmmen just méi duerfs ze représentéier, da gëss de en tout cas ower eemol helleg gesprach.“

 

„Mengs de? A wann net?“

 

„Da schwätzen ech mat deenen am Himmel, fir och hir Constitutioun ze änneren.“